Versailles

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der franséischer Stad Versailles. Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Versailles (Homonymie)
Versailles
center}}}
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Gendarmerie Nord Île-de-France.svg Île-de-France
Departement Blason département fr Yvelines.svg Yvelines
Arrondissement Versailles
Kanton Versailles-Nord
Versailles-Nord-Ouest
Versailles-Sud
Code Insee 78646
Postcode 78000
Koordinaten 48° 48' 19" N
02° 08' 06" O
Fläch Uertschaft  2 618 ha
Bevëlkerung Uertschaft  87 549 (2006)
Stadhaus vu Versailles
Stadhaus vu Versailles

Versailles ass eng franséisch Stad am Departement Yvelines an der Regioun Île-de-France.

Während der Revolutioun gouf Versailles op Berceau de la Liberté ëmgedeeft. Den Numm Versailles kënnt wahrscheinlech aus dem laténgeschen (versare - schëdden, ëmdréinen). Den Term, deen am 11. Joerhonnert opgedaucht ass, huet wuel d'Land designéiert, wat beschafft, "ëmgedréint", gouf.

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

Versailles ass de Sëtz vun der Prefecture vun den Yvelines, der Sous-Préfecture vum Arrondissement Versailles a vun de Kantonen Versailles-Nord, Versailles-Nord-Ouest a Versailles-Sud. Versailles gouf als Prefecture vum Departement Seine-et-Oise bei der Kreatioun vun de franséischen Departementer am Mäerz 1790 virgeschloen. Während der Reform déi zum Zesummefall vum Departement Seine-et-Oise am Januar 1968 gefouert huet, huet Versailles d'Roll als Prefecture fir d'Departement Yvelines konnte behalen, wat ongeféier 40 % vum Territoire vum alen Departement ausmécht.

Zanter 2002 ass Versailles d'Haaptstad vun der Communauté de communes du Grand Parc, als Referenz un de grousse Park vum Louis XIV., eng Communautéit mat ongeféier 150.000 Awunner (dobäi koum zanter 2003 eng Gemeng vun der Essonne, Bièvres).

Zanter 1972 ass Versailles de Sëtz vun enger vun den 30 Akademien, administrativ Circonscriptioune vum nationalen Unterrechtsministère, zu där de Weste vum fréieren Departement Seine-et-Oise zielt, also Essonne, Hauts-de-Seine, Yvelines a Val-d'Oise.

1975 gouf Versailles Sëtz vun enger Cour d'appel mat enger Circonscriptioun déi sech op d'Departementer Eure-et-Loir, Hauts-de-Seine, Val-d'Oise an Yvelines ausbreet.

Versailles ass och eng Diözes vun der kathoulescher Kierch, déi 1790 gegrënnt gouf, an zu der Erzdiözes vu Paräis zielt.

Och wa Paräis offiziell ëmmer d'Haaptstad vu Frankräich war, sou war de Sëtz vun der Muecht dach méi wéi eng Kéier zu Versailles:

Versailles ass och eng wichteg Garnisounsstad, eng Roll déi si aus Zäite vun der Monarchie geierft huet. D'Organisme vun der Arméi an der Verdeedegung stelle 7.000 Aarbechtsplazen duer, déi haaptsächlech am Quartier vu Sartory sinn.

Bei de militäreschen Organismen zu Versailles kann ee folgend ernimmen:

  • d'Direction centrale du génie (DCG),
  • de Service technique des bâtiments, fortifications et travaux (STBFT),
  • d'5e régiment du génie,
  • d'Section technique de l'armée de terre (STAT),
  • d'Direction centrale du matériel de l'armée de terre (DCMAT),
  • de Groupement blindé de gendarmerie mobile (GBGM),
  • de Groupement de sécurité et d'intervention de la gendarmerie nationale (GSIGN), mat ënner anerem dem GIGN,
  • de Conservatoire militaire de la musique de l'armée de terre (CMMAT).

Municipalitéit[änneren | Quelltext änneren]

De Conseil municipal huet aktuell 53 Memberen, déi 2001 gewielt goufen: 40 dovu vun der Lëscht « Union pour Versailles » (Majoritéit am Parlament) ënner dem Étienne Pinte, 7 vun der Lëscht « Union pour le renouveau de Versailles » (Riets) ënner dem Henry de Lesquen a 6 vun der Lëscht « La gauche plurielle pour Versailles » (Lénks) ënner dem Maryvonne Coulloch-Katz. [1]

Buergermeeschtere vu Versailles zanter 1944
Period Numm Partei Qualitéit
1944-1946 Émile Labeyrie PCF Politiker
1947-1976 André Mignot   Affekot
1977-1994 André Damien UDF Affekot a Member vun der Académie
des sciences morales et politiques
zanter 1995 Étienne Pinte UMP Deputéierten

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng vu Versailles läit 19 km südëstlech vu Paräis ewech. Och wa Versailles de Chef-lieu vum Departement vun den Yvelines ass, sou läit d'Stad awer op der Grenz zum Departement Hauts-de-Seine.

D'Gemenge ronderëm sinn am Norde Rocquencourt a Le Chesnay, am Weste Bailly a Saint-Cyr-l'École, am Süde Guyancourt, Buc a Jouy-en-Josas, am Oste Vélizy-Villacoublay, Viroflay, an am Nordosten dräi Gemenge vun den Hauts-de-Seine : Vaucresson, Marnes-la-Coquette a Ville-d'Avray.

Versailles am Joer 1789

Den Territoire vun der Gemeng läit op engem Kalleksplateau mat ville Sümpf. Bewässert gëtt d'Géigend duerch zwou Baachen, de Ru vu Marivel am Osten an de Ru vu Gally am Westen. Dës Waasserleef goufen duerch d'Urbanisatioun vu Versailles modifizéiert, virun allem wéi de Grand Canal vum Schlass vu Versailles ausgehuewe ginn ass.

Och wann den Territoire staark urbaniséiert ginn ass, sou huet Versailles awer nach 50 % Gréngfläch, natierlech a kënschtlech. Ausser d'Gäert an der Stad zielen zu dëser Gréngfläch de Park vum Schlass vu Versailles am Westen, de Bësch vu Versailles am Süden an en Deel vun der Forêt de Fausses-Reposes am Osten.

Kathedral Saint-Louis
Schlass vu Versailles

Den urbaniséierten Deel vu Versailles besteet aus 6 Haaptvéirel:

En historescht Véirel wat matzem am Zentrum d'Véirel Notre-Dame a Saint-Louis matenee verbonnen huet, de sougenannte Quartier Montbauron, ass haut verschwonnen.

Bleiwen nach d'Véirel vu Jussieu Petits-Bois, Picardie a Satory z'ernimmen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och den detailléierten Artikel Geschicht vu Versailles.

Versailles gouf fir d'éischt Kéier am Joer 1038 ernimmt. E gewëssen Hugues vu Versailles gëtt an enger Chart vun der Abtei Saint-Pair vu Chartres genannt a wier domat den éischte bekannten Här vu Versailles. Um Enn vum 11. Joerhonnert huet sech dat éischt Duerf ronderëm e mëttelalterlecht Herrscherhaus an d'Kierch Saint-Julien opgebaut. Seng landwirtschaftlech Aktivitéit an d'Lag op der Strooss vu Paräis op Dreux an an d'Normandie hunn dem Duerf Räichtum bruecht, virun allem am 12. Joerhonnert, dem « Siècle de saint Louis ». Am 14. Joerhonnert koum d'Pescht op Versailles, an och de Krich huet seng Affer gefuerdert. Nom Enn vum Honnertjärege Krich am 15. Joerhonnert gouf d'Duerf lues a lues nees opgebaut, an hat knapps 100 Awunner. Am Joer 1561 gouf de Martial de Loménie, Finanzsekretär vum Kinnek Charles IX., eenzegen Här vu Versailles. Am Joer 1575 huet den Albert de Gondi, Herzog vu Retz dee mat der Katharina vu Medici a Frankräich komm war d'Land vu Versailles opkaaft. Lo huet Versailles der Famille vu Gondi gehéiert, räich Parlamentarier déi vill Afloss am Paräisser Parlament haten.

Am Joer 1622 huet de Kinnek Louis XIII. eng Parzell am Bësch vu Versailles fir seng privat Juegd kaaft. Spéider, am Joer 1624 huet hie weider Lännereien opkaaft an huet säin Architekt Philibert Le Roy beoptragt, him e klenge Juegdpavillon ze bauen. 1632 huet de Kinnek vum Jean-François de Gondi, Äerzbëschof vu Paräis a leschten Här vu Versailles d'Lännereie ganz opkaaft, fir eng Zomm vu 70.000 Livres. D'Schlass gouf an de Jore 1632 bis 1634 vergréissert an ëmgebaut, d'Aarbechte vum Philibert Le Roy goufe vu Jacques Boyceau a Jacques de Menours fäerdeggestallt. Beim Doud vum Louis XIII. hunn am Duerf ëm déi 1000 Leit gewunnt.

Eréischt 20 Joer méi spéit, am Joer 1661, interesséiert sech de jonke Kinnek Louis XIV. fir Versailles. De Louis XIV. huet säin Architekt Le Vau an de Landschaftsarchitekt Le Nôtre beoptragt, d'Schlass vu sengem Papp auszebauen. 1678, nom Traité vun Nimwegen huet de Kinnek decidéiert, mam ganzen Haff definitif op Versailles ze plënneren, wat de 6. Mee 1682 geschitt ass. Zu selwechter Zäit war zu Versailles eng nei Stad entstanen, nodeem de Louis XIV. an engem Dekret vum 22. Mee 1671 festgehalen hat, datt jiddwereen dee wéilt, gratis eng Parzell Terrain an der neier Stad kéint kréien. Dat aalt Duerf an d'Kierch Saint-Julien goufen zerstéiert fir Plaz fir déi nei Gebaier ze maachen. D'Waasserversuergung vun der Stad a vum Schlass gouf séier zu engem Problem, et gouf kee wierkleche Waasserlaf. 1687 gouf d'Maschinn vu Marly a Betrib geholl, fir Waasser vun der Seine op Versailles ze kréien. Beim Doud vum Sonnekinnek war aus dem klengen Duerf eng Stad vun ongeféier 30.000 Leit ginn.

Während der Régence vum Herzog vun Orléans hat den Haff Versailles fir Paräis verlooss. Wéi de Kinnek Louis XV. 1722 nees op Versailles zréckgaangen ass, huet d'Stad ëm déi 24.000 Awunner gezielt. Ënner dem Louis XV. ass Versailles weider gewuess. Zimlech séier goufen déi strikt Regele vum Louis XIV. net méi respektéiert an d'Immobiliespekulatioun war e lukatrivt Geschäft. 1744 huet d'Stad 37.000 Awunner gezielt. 1789 hu 50.000 Leit zu Versailles gewunnt an domat war Versailles eng vun de gréisste Stied vu ganz Frankräich.

Als Sëtz vun der politescher Muecht war Versailles och d'Wéi vun der Franséischer Revolutioun. D'Generalstänn hu sech de 5. Mee 1789 zu Versailles zesummefonnt. D'Membere vum Drëtte Stand hunn d'Salle du jeu de paume den 20. Juni 1789 blockéiert an d'Assemblée constituante huet de Feudalismus de 4. August 1789 ofgeschaf. Schlussendlech waren de 5. a 6. Oktober 1789 eng grouss Mass vu Leit vu Paräis op Versailles gaangen, fir de Kinnek sichen ze kommen, an hien op Paräis ze bréngen. D'Assemblée ass kuerz duerno matgeplënnert an déi grouss Roll vu Versailles als Muechtsëtz war eriwwer. Versailles huet duerno eng gutt Partie vu sengen Awunner verluer. 1824 war d'Bevëlkerung op 28.000 zréckgaangen.

Am Franséisch-Preisesche Krich vun 1870 gouf Versailles vun de Preise besat, déi hei hire Quartier général vu September 1870 bis 12. Mäerz 1871 opgeschloen haten. Den 18. Januar 1871 hunn déi Däitsch de Kinnek vu Preisen zum Keeser Wilhelm I. an der Galerie des glaces am Schlass vu Versailles ausgeruff, eng Zort Revanche fir d'Eruewerunge vum Louis XIV. Am Mäerz vum selwechte Joer, nom Opstand vun der Commune vu Paräis, huet sech de franséische Gouvernement ënner dem Adolphe Thiers zu Versailles verstoppt. Duerno huet Versailles ni méi eng Roll als franséisch Haaptstad gespillt. De 16. Dezember 1873 gouf d'École nationale supérieure d'horticulture am Geméisgaart vum Kinnek installéiert, an am Joer 1876 gouf d'Compagnie des tramways de Versailles gegrënnt.

Et huet bis am Joer 1901 gedauert, bis Versailles nees seng Bevëlkerungszuel vun 1790 erreeche konnt. 1919, nom Éischte Weltkrich goufen zu Versailles déi verschidde Friddensverträg ënnerschriwwen, ënner anerem de berühmten Traité vu Versailles deen den 28. Juni an der Galerie des Glaces am Schlass vu Versailles ënnerschriwwe gouf. Am Zweete Weltkrich war Versailles vum 14. Juni 1940 bis zum 24. August 1944 vun den däitschen Truppe besat. D'Roll vu Versailles als administratifen Zentrum gouf an de 60er a 70er Jore verstäerkt, an d'Stad gouf den Zentrum vun der westlecher Banlieue vu Paräis.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

D'Economie vu Versailles gëtt haaptsächlech duerch dräi Secteure markéiert:

Wichtegst Entreprisen :

Haaptfirmen déi hire Sëtz zu Versailles hunn[2]
Donnéeë vun 2003
Numm Aktivitéit Chiffre d'affaires Websäit
GIAT Industries Waffesystemer 792 0000 000 € GIAT Industries
Kléber Industries Industrielle Kautschuk 80 774 000 €  
Luchaire Défense Waffenindustrie 77 751 000 €  
Manurhin Waffenindustrie 42 642 000 €  
SVTU
(Société Versaillaise de Transports Urbains)
Transport N/A Phébus

Enseignement[änneren | Quelltext änneren]

Secondaire[änneren | Quelltext änneren]

Privatschoulen

  • Collèges
    • Collège privé Notre-Dame
    • Collège privé Saint Jean Hulst
    • Collège privé « Sacré-Coeur »
  • Lycéeën
    • Notre-Dame du Grandchamp
    • Saint Jean d'Hulst
    • Saint Vincent de Paul
    • Lycées polyvalent « Les Châtaigners »
  • Lycéeën a Collèges ouni Kontrakt
    • Institut Jeanne d'Arc
    • Cours Versaillais
    • École technique d'informatique, comptabilité et secrétariat

Ëffentlech Schoulen

  • Collèges
    • Collège Pierre de Nolhac
    • Collège Raymond Poincaré
    • Collège Jean Philippe Rameau
    • Collège de Clagny
    • Collège Hoche
  • Lycéeën
    • Lycée Hoche
    • Lycée La Bruyère
    • Lycée Jules Ferry
    • Lycées Marie-Curie
    • Lycée professionnel Jacques Prévert

Supérieur[änneren | Quelltext änneren]

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Persounen[änneren | Quelltext änneren]

De Maréchal Berthier

Monumenter a Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Kathedral Saint-Louis

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

D'Municipalitéit vu Versailles organiséiert all Joer am Juni de Mois Molière wou an de Stroosse vun der Stad Zeenen aus de Stécker vum berühmten Auteur gespillt ginn.

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Flag of Russia.svg Russland Puschkin

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Levron, Versailles, ville royale, Ed. La Nef de Paris, Paräis, 1964.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Versailles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]