Tourismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tourismus oder Tourissem ass en Openthalt, deen net méi laang wéi ee Joer dauert, dee baussent der alldeeglecher Wunn- an Aarbechtswelt läit, an dozou dénge soll, fir friem Plazen a Länner kennenzeléieren an/oder fir sech z'erhuelen.
Et gi verschidden Zorte vun Tourismus, wéi z.B. de Fräizäittourismus oder Geschäftsreesen.
Bei der Dauer vun enger Rees gëtt ënnerscheet tëschent:
- Dagesausflich (maximal 24 Stonnen ouni Iwwernuechtung)
- Kuerzreesen (Reese vun 2 bis 4 Deeg)
- Vakanzereesen (Reese vu méi wéi 4 Deeg)
- Laangzäitreesen (Reese vu méi wéi 3 Méint)
[änneren] Zu Lëtzebuerg
Fir den Tourismus ze ënnerstëtzen gëtt et bei eis am Land :
- den Tourismusministär;
- e Landesverband fir Tourismus, den Office national du tourisme;
- regional Verbänn fir Tourismus, d'Offices régionaux du tourisme;
- Tourismusbüroen (fr.: Office de tourisme);
- a verschidde Gemengen gëtt et:
- eng Tourismuskommissioun oder eng Kulturkommissioun, déi sech mat Tourismus befaasst;
- e Syndicat d'initiative et de tourisme, gekierzt "Syndicat" genannt;
- weider touristesch Veräiner.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Tourismus – Biller, Videoen oder Audiodateien |