4. August
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 4. August ass den 216. Dag vum Joer (217. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Jul – August – Sep | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1060: De Philippe I. gëtt mat 8 Joer Kinnek vu Frankräich.
- 1589: D'Deklaratioun vu Saint-Cloud erlabt de protestantesche Kult op alle Plazen, wou e bis elo zelebréiert gouf.
- 1789: Frankräich: Ofschafe vun de Privilegien a vum Feudalsystem.
- 1914: Éischte Weltkrich: Däitsch Truppe marschéieren an der Belsch an. Doropshinn erkläert Groussbritannien dem Däitsche Reich de Krich.
- 1936: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Berlin, op den Olympesche Summerspiller 0:9 géint Däitschland.[1]
- 2000: De Ferenc Mádl gëtt Staatspresident vun Ungarn.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Astronomie [änneren]
- 1826: De James Dunlop entdeckt déi irregulär Spiralgalaxis NGC 55.
Gebuer [änneren]
- 1882: Nicolas Kummer, lëtzebuergeschen Turner.
- 1899: Jean-Pierre Beckius, lëtzebuergesche Moler.
- 1900: Elizabeth Bowes-Lyon, fréier Kinnigin vun England, genannt "Queen Mum".
- 1901: Louis Armstrong, US-amerikaneschen Jazzmuseker, Trompetist a Sänger.
- 1902: Tony Biwer, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1937: Joseph Kunnert, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1941: Charles Ruppert, lëtzebuergesche Mathematiker, Physiker an Economist.
- 1960: José Luis Rodríguez Zapatero, spuenesche Politiker, Ministerpresident.
- 1961: Barack Obama, US-amerikanesche Politiker a President.
- 1965: Fredrik Reinfeldt, schwedesche politiker.
- 1976: Linda Eischen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.
Gestuerwen [änneren]
- 1060: Henri I., Kinnek vu Frankräich vun 1031 bis 1060.
- 1875: Hans Christian Andersen, däneschen Dichter.
- 1933: Leopold van Werveke, lëtzebuergesch-elsass-loutrengesche Geolog.
- 1943: Félix Lux, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 1973: Eddie Condon, Jazz-Gitarist a Grënner vum "Chicago style"-Jazz.
- 1977: Ernst Bloch, däitsche Philosoph.
- 1997: Jeanne Calment, déi eelste Fra vun der Welt
- 2001: Edouard Thibold, lëtzebuergesche Moler a Prähistoriker.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 4. August – Biller, Videoen oder Audiodateien |