1939
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1933 | 1934 | 1935 | 1936 | 1937 | 1938 | 1939 | 1940 | 1941 | 1942 | 1943
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1939
De Joachim von Ribbentrop an de Josef Stalin ënnerschreiwen den Däitsch-sowjeteschen Netugrëffspakt.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
Europa[änneren]
- 1. Januar: Am Däitsche Räich musse Judde sech duerch en Zousaz un hiren hiren Numm als sollech erkenntlech maachen.
- 31. Januar: Am Däitsche Räich verléiere jiddesch Apdikter, Zänndokteren a Veterinäre hir Approbatiounen.
- 31. Januar: An enger Ried virum Reichstag kënnegt den Hitler am Fall vun engem neie Weltkrich d'"Vernichtung vun der jiddescher Rass an Europa" un.
- 22. Februar: Am Däitsche Räich verléieren d'Judden d'Recht en Auto ze fueren oder ze besëtzen.
- 2. Mäerz: De Kardinol Eugenio Pacelli gëtt, als Pius XII., Poopst.
- 14. Mäerz: D'slowakescht Parlament rifft d'Onofhängegkeet aus.
- 15. Mäerz: Däitsch Truppe marschéieren a Béimen a Mähren (vun hinne "Rest-Tschechei" genannt) an, den Hitler paradéiert zu Prag.
- 15. Mäerz: Ungarn fängt un d'Karpato-Ukraine z'anektéieren.
- 16. Mäerz: Däitschland mécht aus dem besate Béimen a Mären d' Protektorat Böhmen und Mähren.
- 22. Mäerz: Litauen muss d'Memelland dem Däitsche Räich iwwerloossen.
- 24. Mäerz: Groussbritannien a Frankräich wëllen sech géigesäiteg ënnerstëtzen am Fall wou si vun Däitschland ugegraff ginn.
- 28. Mäerz: Dem Generol Franco seng Truppen eruewere Madrid.
- 31. Mäerz: Der britesche Premierminister Neville Chamberlain verkënnegt eng britesch-franséische Garantie fir Polen.
- 1. Abrëll: Enn vum Spuenesche Biergerkrich.
- 5. Abrëll: Den Albert Lebrun gëtt vun der Assemblée nationale zum franséische Staatspresident erëmgewielt.
- 7. Abrëll: Italien annektéiert d'Kinnekräich Albanien.
- 30. Abrëll: Am Däitsche Räich kënne Judden hire Bail gekënnegt kréien, se mussen dann a soufgenannte „Judenhäuser“ wunne goen.
- 22. Mee: Italien an Däitschland schléissen ee Frëndschafts- a Bündnispakt
- 23. August: De Stalin an den Hitler ënnerschreiwen den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt
- 1. September: Ufank vum Zweete Weltkrich, däitsch Truppen marschéieren a Polen eran.
- 1. September: Am Däitsche Räich ass et strofbar, auslännesche Radiosendungen ze lauschteren, d'Doudesstrof dréit deem, deen dës Noriichte verbreet.
- 2. September: Frankräich a Groussbritannien stellen Däitschland en Ultimatum, sech nees aus Polen zréckzezéien.
- 3. September: Krichserklärung vu Frankräich a Groussbritannien un dat Däitscht Räich.
- 14. September: A Frankräich dekretéiert d'Regierung, datt all Männer tëscht 18 a 55 Joer, déi d'Nationalitéit vun enger "feindlecher Natioun" hunn, a Sammellager internéiert solle ginn.
- 17. September: Sowjetesch Truppen marschéieren an den ëstlechen Deel vu Polen an. D'Sowjetunioun an Däitschland deelen sech Polen op.
- 19. September: Bei der Schluecht bei der Bzura ginn 170.000 polnesch Zaldote gefaange geholl.
- 6. Oktober: Polen kapituléiert.
- 26. Oktober: De Weste vum eruewerte Polen gëtt vum Däitsche Räich annektéiert, de Rescht als "Generalgouvernement" besat.
- 30. November: Russesch Fliger bombardéieren déi finnesch Haaptstad Helsinki, de Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich huet ugefaang.
Lëtzebuerg[änneren]
- 5. Januar: De Prënz Jean gëtt groussjäreg an domat Grand-Duc Héritier.
- 19. Abrëll: Optakt vun de Feierlechkeeten, déi Méint dono, fir "honnert Joer Onofhängegkeet".
- 21. September: Radio Lëtzebuerg hält op mat senden.
Afrika[änneren]
Amerika[änneren]
USA[änneren]
- 5. September: D'USA a Japan erklären hir Neutralitéit am europäesche Krich.
- 10. September: Kanada erkläert Däitschland de Krich.
Südamerika[änneren]
- 28. Januar: Bei engem Äerdbiewen a Chile kommen eng 28.000 Leit ëm d'Liewen.
- 8. Dezember: A Peru kënnt den Diktator Manuel Prado Ugarteche un d'Muecht.
Asien[änneren]
Ozeanien & Pazifik[änneren]
Arabesch Welt[änneren]
- 9. Februar: Op der Palestina-Konferenz zu London plädéieren d'Araber dofir datt keng Juden méi a Palestina sollen awanderen, an datt Palestina soll een Araber-Staat ginn.
Konscht & Kultur[änneren]
Molerei[änneren]
Literatur[änneren]
Musek[änneren]
Kino[änneren]
- 17. August: De Film The Wizard of Oz mam Judy Garland gëtt fir d'éischt opgefouert
- 15. Dezember: De Film Gone with the Wind mam Clark Gable a Vivien Leigh huet Première an den USA
- Les fabuleuses années 20 vum Raoul Walsh.
Wëssenschaft & Technik[änneren]
- 28. Juni: Déi amerikanesch Fluchgesellschaft PanAm mécht deen éischte Passagéierflug USA-Europa.
Sport[änneren]
- 21. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Saint-Ouen 2:4 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Mart an de Gusty Kemp geschoss.[1]
- 29. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Diddeleng 5:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Oscar Stamet, Camille Libar (3) a Gusty Kemp geschoss.[2]
- 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Déifferdeng 2:1 géint Däitschland. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Mart geschoss.[3]
- 30. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Arel 0:3 géint Belsch.[4]
- 14. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Luzern 1:9 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Emile Everard geschoss.[5]
- 30. Juli: De Belsch Sylvère Maes gewënnt den Tour de France
Gebuer[änneren]
- 1. Januar: Michèle Mercier, franséisch Schauspillerin.
- 1. Januar: Ramon Humbert, lëtzebuergesche Liichtathlet.
- 2. Januar: Michel Raus, lëtzebuergesche Jounalist a Schrëftsteller.
- 4. Januar: Wenjamin Wassiljewitsch Soldatenko, sowjetesche Marcheur.
- 9. Januar: Susannah York, britesch Schauspillerin an Auteur.
- 10. Januar: Scott McKenzie, US-amerikanesche Museker.
- 31. Januar: Lydie Schmit, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1. Februar: Claude François, franséische Sänger.
- 3. Februar: Michael Cimino, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 12. Februar: Ray Manzarek, US-amerikanesche Museker.
- 13. Februar: Raymond Bley, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 24. Februar: Marisa Mell, éisträichesch Schauspillerin.
- 25. Februar: Ray Philippe, lëtzebuergesche Boxer.
- 3. Mäerz: Ariane Mnouchkine, franséisch Theater- a Filmregisseurin, Theaterdirektesch an Auteure.
- 7. Mäerz: Danyel Gérard, franséische Schlagersänger a Komponist.
- 9. Mäerz: Jean-Pierre Chevènement, fraséische Politiker.
- 9. Mäerz: Jochen Pützenbacher, däitsche Radiospeaker.
- 10. Mäerz: Charles-Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman.
- 13. Mäerz: Neil Sedaka, US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.
- 14. Mäerz: Bertrand Blier, Filmregisseur.
- 14. Mäerz: Yves Boisset, Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Peter Kraus, däitsche Schauspiller a Sänger.
- 22. Mäerz: Romain Schintgen, lëtzebuergesche Jurist.
- 23. Mäerz: Claude Schintgen, lëtzebuergesche Ringer.
- 29. Mäerz: Nicole Castan, franséisch Molerin.
- 29. Mäerz: Terence Hill, italienesche Schauspiller.
- 31. Mäerz: Volker Schlöndorff, däitsche Filmregisseur a Produzent.
- 2. Abrëll: Marvin Gaye, US-amerikanesche Soul- a R&B-Sänger.
- 7. Abrëll: Francis Ford Coppola, Filmregisseur.
- 8. Abrëll: François Kohl, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Abrëll: Fred Sunnen, lëtzebuergesche Politiker.
- 13. Abrëll: Erny Schweitzer, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 15. Abrëll : Claudia Cardinale, italienesch Schauspillerin.
- 16. Abrëll: Dusty Springfield, britesch Soulsängerin.
- 17. Abrëll: Pit Nicolas, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 17. Abrëll: Karin Székessy, däitsch Fotografin]]
- 20. Abrëll: Angela Boeres-Vettor, franséisch Schrëftstellerin.
- 20. Abrëll: Gro Harlem Brundtland, norwegesch Politikerin.
- 20. Abrëll: Camille Dimmer, fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 22. Abrëll: Jul Christophory, lëtzebuergeschen Auteur.
- 27. Abrëll: João Bernardo Vieira, Politiker aus Guinea-Bissau.
- 3. Mee: Marcel Sauber, lëtzebuergesche Politiker.
- 3. Mee: Helmut Thoma, éisträichesche Manager.
- 4. Mee: Amos Oz, israelesche Schrëftsteller.
- 7. Mee: Ruud Lubbers, hollännesche Politiker, Héije Flüchtlingskommissar vun de Vereenten Natiounen.
- 9. Mee: Pierre Desproges, franséische Humorist an Auteur.
- 10. Mee: Robert Darnton, US-amerikaneschen Historiker.
- 10. Mee: Franco Pacini, italieneschen Astronom an Astrophysiker.
- 13. Mee: Harvey Keitel, US-amerikanesche Schauspiller.
- 14. Mee: Veruschka von Lehndorff, däitscht Fotomodell, Schauspillerin.
- 18. Mee: Hark Bohm, Filmregisseur.
- 18. Mee: Giovanni Falcone, italienesche Jurist, Mafia-Jeeër.
- 19. Mee: James Fox, britesche Schauspiller.
- 22. Mee: Roger Thull, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 25. Mee: Ferdinand Bracke, belsche Vëlossportler.
- 31. Mee: Terry Waite, briteschen Humanist a Buchauteur.
- 4. Juni: Marcel Balthasar, lëtzebuergesche Bouschéisser
- 10. Juni: Alexandra Stewart, kanadesch Schauspillerin.
- 17. Juni: Krzysztof Zanussi, polnesche Filmproduzent a Regisseur
- 19. Juni: Al Wilson, US-amerikanesche Soulmuseker.
- 24. Juni: Michael Gothard, britesche Schauspiller.
- 3. Juli: Brigitte Fassbaender, däitsch Sängerin, Regisseurin an Intedantin.
- 3. Juli: László Kovács, ungaresche Politiker.
- 3. Juli: François Terrasson, franséischen Auteur an Naturalist.
- 14. Juli: Peter Goldreich, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 14. Juli: Karel Gott, tschechesche Schlagersänger.
- 15. Juli: Seyyed Alī Chāmene'ī, politeschen a reliéise Leader am Iran.
- 15. Juli: Aníbal Cavaco Silva, portugisesche Politiker (Premierminister, President).
- 17. Juli: Milva, italienesch Sängerin a Schauspillerin.
- 19. Juli: Maurice Thoss, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. Juli: Ray Cillien, lëtzebuergesche Boxer.
- 26. Juli: John Howard, australesche Politiker.
- 26. Juli: Dieter Wagner, Moler, Graphiker a Galerist.
- 30. Juli: Peter Bogdanovich, US-amerikanesche Regisseur.
- 2. August: Wes Craven, US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur.
- 8. August: Ronald Biggs, Member vun enger britischer Raiberband.
- 9. August: Romano Prodi, italienesche Politiker (Ministerpresident) a President vun der Europäescher Kommissioun.
- 25. August: John Badham, Filmregisseur.
- 27. August: Yolande Kieffer, lëtzebuergesch Journalistin.
- 29. August: Mario Castegnaro, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1. September: Marcel Kreuter, lëtzebuergeschen Handballspiller an -trainer
- 2. September: Jack Lang, franséische Politiker.
- 3. September: Vivi Bach, dänesch Sängerin, Schauspillerin, Teleesprésentatrice a Schrëftstellerin.
- 3. September: Jean Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Fechter.
- 3. September: Carlo Losch, lëtzebuergesche Professer, Moler a Schrëftsteller.
- 5. September: George Lazenby, britesche Schauspiller.
- 11. September: René Andring, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 18. September: Jorge Sampaio, portugisesche Schrëftsteller a Staatspresident.
- 19. September: Nicolas Libar, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. September: Jean-Marie Lehn, franséische Chemiker.
- 5. Oktober: Marie Laforêt franco-schwäizeresch Schauspillerin a Sängerin.
- 9. Oktober: Alphonse Lutgen, lëtzebuergesche Fotograf.
- 22. Oktober: Fernand Barnich, lëtzebuergeschen Auteur.
- 23. Oktober: Jacques Steiwer, lëtzebuergesche Professer.
- 24. Oktober: F. Murray Abraham, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Oktober: Robert Schiel, lëtzebuergesche Fechter.
- 26. Oktober: Ginette Rossini, lëtzebuergesch Fechterin.
- 27. Oktober: John Cleese, englesche Komiker, Schauspiller an Dréibuchauteut.
- 28. Oktober: René Kauffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1. November: Bernard Kouchner, franséischen Dokter, Politiker, Grënner vun Hëllefsorganisatiounen.
- 2. November: Richard Serra, US-amerikanesche Sculpteur.
- 9. November: Marco Bellocchio, Filmregisseur.
- 18. November: Amanda Lear, Sängerin, Molerin, Moderatorin, Auteure a Schauspillerin.
- 19. November: Emil Constantinescu, Politiker, Staatspresident vu Rumänien.
- 26. November: Tina Turner, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 27. November: Laurent-Désiré Kabila, President vun der Demokratescher Republik Kongo.
- 2. Dezember: Edouard Didier, lëtzebuergesche Fechter.
- 14. Dezember: Micky Erpelding, lëtzebuergesch Speakerin, Schauspillerin a Politikerin.
- 14. Dezember: Alessandra Panaro, italienesch Schauspillerin.
- 16. Dezember: Raymond Ruffini, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Dezember: Johny Hilbert, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Dezember: Jean-Pierre Kraemer, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 26. Dezember: Lutz Niethammer, däitschen Historiker.
- Jean-Baptiste Tati-Loutard, kongolesesche Schrëftsteller.
- Bernhard vom Brocke, däitschen Historiker.
- Georges Wagner, lëtzebuergesche Museksdirigent.
Gestuerwen[änneren]
- Fritz Wagner, däitsche Moler.
- 15. Januar: Paul Séjourné, franséischen Ingenieur.
- 28. Januar: William Butler Yeats, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 4. Februar: Edward Sapir, US-amerikaneschen Anthropolog a Linguist.
- 10. Februar: Poopst Pius XI.
- 22. Februar: Antonio Machado, spueneschen Dichter.
- 2. Mäerz: Howard Carter, engleschen Archeolog.
- 11. Mäerz: Henri Simon, Wallounesche Schrëftsteller
- 21. Mäerz: Evald Aav, estnesche Sänger, Komponist a Chouerdirigent.
- 20. Abrëll: Paul Schroell, den Editeur vun de Cahiers Luxembourgeois a Grënner vum Escher Tageblatt.
- 24. Abrëll: Louis Trousselier, franséischen Tour de France Gewënner.
- 16. Mee: Paul Funck, lëtzebuergeschen Architekt.
- 25. Mee: Frank Dyson, engleschen Astronom.
- 26. Juni: Ford Madox Ford, britesche Schrëftsteller.
- 14. Juli: Alfons Maria Mucha, tschechesche Graphiker, Illustrateur a Moler.
- 23. September: Sigmund Freud, éisträicheschen Neurolog.
- 29. September: Paul Medinger, lëtzebuergeschen Historiker.
- 8. Oktober: Victor Dondelinger, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 25. Oktober: Anton Eiselsberg, éisträichesche Chirurg.
| Commons: 1939 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 21. Januar 1939 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 29. Januar 1939 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland de 26. Mäerz 1939 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 1939 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 14. Mee 1939 um Site European Football