RTL Group
D'RTL Group ass déi gréissten europäesch Entreprise fir privat Radios- an Televisiounsprogrammer ze bedreiwen. Si ënnerhällt 34 Tëlevisiounssender an 34 Radiosstatiounen an 11 europäesche Länner. Och an der Produktioun vun Tëlevisiounsprogrammer (8.000 Programmstonnen am Joer) an am Handel mat Programmrechter (19.000 Programmstonnen fir 150 Länner) ass si aktiv.
Entstanen ass d'RTL-Group 2000 aus der Fusioun vun der CLT-UFA mat der britescher Gesellschaft Pearson TV. Am Februar 2001 huet d'Bertelsmann AG duurch en Aktientausch mat der belscher Group Bruxelles-Lambert (GBL) d'Majoritéit vu 67 Prozent Bedeelegung un der RTL Group iwwerholl. 2002 koumen 22 Prozent vu Pearson no.
Bertelsmann huet haut 90,2% vun de Partën (dovunner si 37% am Besëtz vu BW TV, enger Holding, déi zu 80% Bertelsmann an zu 20% der WAZ gehéiert).
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Urgroussmamm vum RTL Group ass d'Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion (CLR), déi 1931 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass. Des krut eng Konzessioun vum Lëtzebuerger Staat, fir Radiosemissiounen auszestrahlen, an huet dat och ënnert dem Numm "Radio Luxembourg" gemaach.
Am Krich (1940-1944/45) war de Radiossender mat deene vun Nazi-Däitschland gläichgeschalt, mä soubal d'Preise fort waren, gouf de Sender vun den Alliéierte benotzt, fir, an däitscher Sprooch, dem "Reichsfunk" eng Géigestëmm entgéint ze sëtzen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sender 1212 ![]()
Nom Krich gouf no an no den normale Betrib an däitscher, franséischer an englescher Sprooch ërem opgeholl an ausgebaut. Den 23. Januar 1955 gouf domatter ugefaang, Televisounsprogrammer auszestralen, nodeems d'CLR sech 1954 an CLT (Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion) ëmbenannt hat.
1958 gouf op UKW och eng Radiosemissioun op Lëtzebuergesch ausgestraalt, am Ufank just zu den Haapt-Nolauschterzäiten moies, mëttes a fréi owes. An de Joren dono ass se o an no zu engem Vollprogramm ausgebaut ginn, deen haut ënnert dem Numm RTL Radio Lëtzebuerg leeft.
D'1960er an 1970er Joren waren den Héichpunkt vun de Radiosprogramme vun der CLT: Radio Luxembourg op englesch (iwwer Mëttel- a Kuerzwell) hat Millioune vun Nolauschterer a Groussbritannien an an der ganzer Welt. De franséische Radiosprogramm RTL (bis an d'1980er Joren ausschliisslech vu Lëtzebuerg aus iwwer Laangwell ausgestrahlt) ass bis haut dee meeschtgelauschtertste Radio a Frankräich. An Däitschland haten d'Fröhliche Wellen von Radio Luxemburg Milliounen trei Nolauschterer. Ee Grond vun hirem Succès war, datt d'Programmer vun RTL net dréche vum Blat ofgelies goufen, mä d'Speaker fräi konnte schwätzen. De Nolauschterer ass mat agebonne ginn; et konnt een uruffen, fir bei Spiller eppes ze gewannen, et gouf sprëtzeg Jinglën, asw. Haut huet een dat iwwerall, mä deemools war RTL ee vun deene eenzegen, déi dat gemaach hunn.
An den 1980er Joren goufen an Europa déi audiovisuell Mäert dereguléiert, Privatprogrammer goufen zougelooss. Dat huet der CLT erlaabt, nei Marchéen an Däitschland, Frankräich, der Belsch, Holland, Groussbritannien, Schweden, Polen, Ungarn, an Éisträich ze fannen. Dat huet awer och mat sech bruecht, datt d'Programmer net méi hu misse vu Lëtzebuerg aus ausgestrahlt ginn. Och huet sech, wat den Ëmsaz betrëfft, d'Gewiicht ëmmer méi vun de Radios- op d'Tëlevisiounsprogrammer verlagert. 1991 war RTL Television (déi als RTL plus den 2. Januar 1984 zu Lëtzebuerg ugefaangen hat) fir d'éischte Kéier Leader um däitschen Tëlevisiouns-Marché.
1997 fusionéiert d'CLT mat der UFA, enger Duechtergesellschaft vun der Bertelsmann Grupp, déi virun allem an Däitschland mat der Produktioun vun Televisounsprogrammen an dem Handel mat audiovisuelle Rechten täteg war, zu der CLT-Ufa. 2000 da fusionéiert d'CLT-Ufa mat der britescher Pearson TV an nennt sech vun do un RTL Group.
De Jacques Rigaud war méi wéi 20 Joer lang Administrateur-délégué vu der RTL Group.
Haapt-Donnéeën [änneren]
- Siège
RTL Group SA
45, bd. Pierre Frieden
L-1543 Lëtzebuerg - Mataarbechter: 9.191 (Stand: 31.12.2008)
- Ëmsaz: 5,77 Milliarden € (Geschäftsjoer 2008)
- Ëmsaz no Aktivitéiten (2003):
- Tëlevisioun: 70,7%
- Content: 22,9%
- Radio: 5,5%
- Nei Medien/Soss 0,9%
- Ëmsaz no Regionen:
- Däitschland: 45,6%
- soss Europa: 48,6%,
- USA: 3,8%
- aner Länner: 2,0%
- Leedung:
- Guillaume de Posch (Chief Executive Officer)
- Anke Schäferkordt (Chief Executive Officer)
- Elmar Heggen (Chief Financial Officer)
Bedeelegunge vun der RTL Group (2003) [änneren]
(Auswiel; wou näischt steet = 100%)
Tëlevisioun :
- RTL Télé Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
- Den 2. RTL (Lëtzebuerg)
- RTL Television (Köln)
- RTL II (München, 35,9%)
- Super RTL (Köln, 50%)
- Vox (Köln, 99,7%)
- n-tv (Berlin, 47,3%)
- M6 (Paräis, 45,2%)
- RTL9 (Lëtzebuerg, 35%)
- RTL4 (Hilversum/Lëtzebuerg)
- RTL5 (Hilversum/Lëtzebuerg)
- RTL7 (Hilversum/Lëtzebuerg)
- RTL8 (Hilversum/Lëtzebuerg)
- RTL Crime (Hilversum/Lëtzebuerg)
- RTL Lounge (Hilversum/Lëtzebuerg)
- RTL Telekids (Hilversum/Lëtzebuerg)
- RTL TVI (Lëtzebuerg/Bréissel, 66%)
- Club RTL (Lëtzebuerg/Bréissel, 66%)
- Plug RTL (Lëtzebuerg/Bréissel, 66%)
- Antena 3 (Madrid, 17,2%)
- RTL Klub (Budapest, 49%)
- RTL Televizija (Zagreb, 58%)
- REN TV (Moskau, 30%)
- Alpha TV, (Athen, 66%)
Radio :
- RTL Radio die beste Hits in die Besten Mix (Lëtzebuerg)
- RTL Radio die beste Hits aller Zeiten (Lëtzebuerg fur Deutschland)
- RTL Radio Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
- Eldoradio (Lëtzebuerg)(74,8%)
- RTL (Paräis)
- RTL2 (Paräis)
- Fun Radio (Paräis)
- Sud Radio (Toulouse, 20%)
- WIT FM (Bordeaux, 20%)
- BEL RTL (Bréissel, 43%)
- Radio Contact (Bréissel, 49,9%)
- Mint (Bréissel, 43%)
- 104.6 RTL (Berlin)
- Radio Brocken (Halle, 48,5%)
- 89.0 RTL (Halle, 48,5%)
- Hitradio RTL (Sachsen)(Dresden, 48,9%)
- Hit-Radio Antenne (Niedersachsen) (Hannover, 36%)
Content : (Programmproduktioun an Handel mat Rechter)
- FremantleMedia (London)
- Alomo Productions (London)
- EVA Entertainment (London)
- Grundy Productions (Sydney)
- FremantleMedia GmbH (Hürth)
- UFA Film & TV Produktion (Potsdam)
- Trebitsch Produktion Holding (Hamburg, 64%)
- Universum Film (München)
- SportFive S.A. (Paris, 46,4%)
Senderen zu Lëtzebuerg [änneren]
- Sender vu Beidler
- Sender vun Diddeleng
- Sender vu Jonglënster
- Mast vun der Nuetsantenn zu Maarnech
- Nuetsreflekter vu Maarnech
- Maste vum Dagsender vu Maarnech
Literatur [änneren]
- David Dominguez Muller: Radio-Luxembourg. Histoire d'un média privé d'envergure européenne. L'Harmattan, 2007.