ArcelorMittal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vun ArcelorMittal

Arcelor Mittal ass dee weltgréisste Stolkonzern, deen 2006 aus der Fusioun vun der Arcelor mat der Mittal Steel Company entstanen ass.

ArcelorMittal beschäftegt op 61 Siten, an a 27 Länner uechtert d'Welt 320.000 Leit. Mat ëm di 6000 Salariéen ass ArcelorMittal de gréisste Privatemployeur zu Lëtzebuerg.[1] 50,6 % vum Aktiekapital kënnt aus der Arcelor, 49,4% aus der Mittal. Gréissten Actionnär, mat 43% ass d'Famill vum Lakshmi Mittal.

Den CEO, de President vum Verwaltungsrot, ass de Lakshmi Mittal, nodeems de Roland Junck dës Fonctioun vun August bis November 2006 hat. De Konzern a seng zentral Verwaltung hunn hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

De Siège an der Neier Avenue an der Stad Lëtzebuerg

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. STATEC (Liste des principaux employeurs par branche) : opgeronnt huet ArcelorMittal am Januar 2011 6070 Leit beschäftegt