Arcelor
D'Arcelor war eng europäesch Gesellschaft, där hir Haaptaktivitéit d'Stolproduktioun a -veraarbechtung war. Si ass den 18. Februar 2002 entstanen aus der Fusioun vun der Aceralia (Spuenien), der Arbed (Lëtzebuerg) an der Usinor (Frankräich).
2006 ass se mat der Mittal Steel Company zu enger neier Gesellschaft mam Numm Arcelor Mittal fusionnéiert. D'Arcelor hat hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.
Si war bis Oktober 2004, mat 46,6 Milliounen Tonnen, plus 5,4 Milliounen, déi aus dem Kaf am Januar 2006, vum kanadesche Grupp Dofasco derbäikoumen, dee gréisste Stolproduzent vun der Welt (4,5% vum Weltmaart). Zanterhier huet Mittal déi éischt Plaz. Der Arcelor hire Chiffre d'affaires louch 2005 bei 32,6 Milliarden Euro, den Nettobenefice bei engem Rekord vun 3,9 Milliarden Euro.
D'Arcelor hat eng 96.000 Leit a méi wéi 60 Länner beschäftegt, mat engem Effektif vu 77% an Europa.
De Grupp hat 4 Haaptbranchen:
- De Flaachstol: Blech fir Autoen (15 % vum Weltmarché), Verpakung (haaptsächlech bleche Béchsen), Bau, Apparater fir de Stot. Déi Produkter hu 55% vum Chiffre d'affaires vum Grupp ausgemaach.
- Laangprodukter: Schinnen, Träger, Staangen. (20% vum Chiffre d'affaires)
- Stol deen net rascht, mat 12% vum Chiffre d'affaires.
- d'Verschaffen an d'Vermaarte vun hire Produkter
Inhaltsverzeechnes |
Haaptfilialen [änneren]
- Acesita - Acindar - Arcelor packaging - CST - CSTB - Eko Stahl - Industeel - Imphy Alloys - Sidmar - Sollac lorraine - Sollac mediterranée - Trefilarbed - Ugine - Vega do Sul.
- Brasilien, Russland, Indien, China, Europa an d'Tierkei ("BRICET") sinn déi Länner a Géigenden, wou d'Arcelor sech fir d'Zukunft positionnéiere wollt.
Aktionären Enn 2005 [änneren]
- 5,6% de Lëtzebuerger Staat
- 3,5% JMAC BV-Aristrain
- d'Region Wallounien: SOGEPA mat 2,4% an d'Aarbechter 0,9%
- 87,4% ass Kapital op der Bourse an deelweis an den Hänn vun Arcelor.
Cotatiounen op der Bourse [änneren]
- Bourse vu Lëtzebuerg
- Euronext Bréissel (1. Marché)
- Euronext Paräis (1. Marché)
- Bourse vu Madrid
- Bourse vu Barcelona
- Bourse vu Bilbao
- Bourse vu Valencia
Generaldirektioun 2005 [änneren]
- President: Guy Dollé
Frankräich - Vizepredident:Michel Wurth
Lëtzebuerg - Finanzdirekter:Gonzalo Urquijo
Spuenien - Generaldirekter:Roland Junck
Lëtzebuerg - President vum Verwaltungsrot:Joseph Kinsch
Lëtzebuerg