1945
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1940 | 1941 | 1942 | 1943 | 1944 | 1945 | 1946 | 1947 | 1948 | 1949 | 1950
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1945.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
Europa[änneren]
- 30. Januar: Beim Massaker am Konzentratiounslager Sonnenburg ginn iwwer 800 Prisonnéier, dorënner 91 Lëtzebuerger, vun der SS duerch Genéckschoss doutgemaach, just ier d'Rout Arméi d'Lager befrei konnt.
- 8. Mee: Kapitulatioun vun Däitschland; Enn vum Zweete Weltkrich an Europa
- 14. November: Ufank vun den Nürnberger Prozesser.
Lëtzebuerg[änneren]
- 12. Februar: Mat der Réck-Befreiung vu Veianen duerch d'amerikanesch Arméi ass ganz Lëtzebuerg nees vun den däitsche Besatzer befreit.
- 14. Abrëll: Groussherzogin Charlotte kënnt aus dem Exil vu London zréck.
- Mee - September: Am Munnerefer Palace Hotel, deen an e US-Gefaangenelager ëmfonctionnéiert gouf an de Spëtznumm Camp Ashcan krut, ginn all déi héichrangeg däitsch Militär an Nazie gefaangegehalen a verhéiert, ier s'op Nürnberg bruecht ginn.
- 21. Oktober: Bei den éischte Chamberwalen nom Krich kritt d'CSV 25 Sëtzer, d'Lëtzebuerger Aarbechterpartei der 11, de Groupement patriotique et démocratique der 9, d'KPL der 5 an d'Parti des Indépendants de l'Est 1 Sëtz
- 14. November: D'Regierung vun der Nationaler Unioun trëtt hir Fonctioun un.
Afrika[änneren]
Amerika[änneren]
USA[änneren]
Südamerika[änneren]
Asien[änneren]
D'Fat Man explodéiert iwwer Nagasaki, 9. August 1945
De Pazifikkrich dauert nach bis August 1945. An dësem Krich, dem asiateschen Deel vum Zweete Weltkrich, steet dat keeserlecht Japan géint China, d'Vereenegt Staate vun Amerika,Groussbritannien an zum Schluss och d'Sowjetunioun) an engem battere Kampf. Nodeems d'Amerikaner bannent dräi Deeg zwou Atombommen iwwer Japan explodéiere gelooss hunn, war de Krich mat der Kapitulatioun vu Japan am September 1945 offiziell eriwwer.
Ozeanien & Pazifik[änneren]
Arabesch Welt[änneren]
Konscht & Kultur[änneren]
Molerei[änneren]
Literatur[änneren]
Musek[änneren]
Wëssenschaft & Technik[änneren]
Sport[änneren]
- 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 4:1 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Mart (2), Camille Libar a Gusty Kemp geschoss.[1]
- 27. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp a Léon Mart geschoss.[2]
Gebuer[änneren]
- 1. Januar: Jacky Ickx, belsche Formel-1 Pilot.
- 8. Januar: Elga Sorbas, däitsch Schauspillerin.
- 9. Januar: Lewon Ter-Petrosjan, armenesche Staatspresident.
- 10. Januar: Rod Stewart, englesche Popsänger.
- 10. Januar: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
- 11. Januar: Christine Kaufmann, éisträichesch-däitsch Schauspillerin an Auteurin.
- 16. Januar: Anatoli Nikolajewitsch Perminow, russesche Militärwëssenschaftler.
- 19. Januar: Franz Keller, däitsche Schileefer.
- 29. Januar: Tom Selleck, US-amerikanesche Schauspiller.
- 6. Februar: Bob Marley, jamaikanesche Reggae-Museker.
- 9. Februar: Mia Farrow, US-amerikanesche Schauspillerin.
- 12. Februar: Luc Dupanloup (Dupa), belsche Comiczeechner.
- 14. Februar: Hans Adam II., Prënz vu Liechtenstein.
- 26. Februar: Bernard Plossu, franséische Fotograf.
- 27. Februar: Daniel Olbrychski, polnesche Schauspiller.
- 10. Mäerz: Pierre Seck, lëtzebuergesche Chemiker a Chimiesprofesser.
- 11. Mäerz: Lucien Kayser, lëtzebuergeschen Auteur an Enseignant.
- 13. Mäerz: Jean Petit, lëtzebuergeschen Architekt.
- 14. Mäerz: Herman van Veen, hollännesche Liddermécher.
- 26. Mäerz: Joseph Schaack, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 30. Mäerz: Eric Clapton, Rock- a Blues-Gitarrist a -Sänger.
- 3. Abrëll: Catherine Spaak, franséisch Schauspillerin.
- 4. Abrëll: Daniel Cohn-Bendit, däitsch-franséische Publizist a Politiker.
- 7. Abrëll: Werner Schroeter, däitsche Filmregisseur, Theaterregisseur an Dréibuchauteur.
- 14. Abrëll: Ritchie Blackmore, briteschen Hardrock-Gitarrist (Deep Purple)
- 14. Abrëll: Jean Larriaga, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 14. Abrëll: Sailele Tuila'epa Malielegaoi, Politiker aus Samoa.
- 25. Abrëll: Björn Ulvaeus, schwedesche Sänger, (ABBA)
- 8. Mee: Keith Jarrett, US-amerikaneschen Jazzpianist.
- 14. Mee: Yochanan Vollach, Foussballspiller.
- 19. Mee: Pete Townshend, britesch Museker (The Who).
- 19. Mee: Pierre Joseph Thuot, US-amerikaneschen Astronaut.
- 31. Mee: Rainer Werner Fassbinder, däitsche Regisseur.
- 31. Mee: Laurent Gbagbo, President vun der Côte d'Ivoire
- 11. Juni: Roland Moreno, franséischen Erfinder.
- 17. Juni: Eddy Merckx, belsche Vëloscoureur.
- 19. Juni: Aung San Suu Kyi, Politikerin aus Myanmar.
- 19. Juni: Radovan Karadžić, President vun der Republika Srpska, Krichsverbriecher am Bosnienkrich.
- 25. Juli: Joseph Jentgen, lëtzebuergeschen Architekt.
- 26. Juli: Helen Mirren, britesch Schauspillerin.
- 12. August: Jean Nouvel, fransiéschen Architekt.
- 14. August: Marja-Leena Junker, finnesch Schauspillerin an Theaterregisseurin.
- 14. August: Steve Martin, amerikanesche Komiker a Filmschauspiller.
- 14. August: Wim Wenders, däitsche Regisseur a Fotograf.
- 15. August: Jill Haworth, britesch Schauspillerin.
- 15. August: Alain Juppé, franséische Politiker.
- 15. August: Pierre Langer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. August: Itzhak Perlman, israelesche Museker.
- 8. September: Christiane Krüger, däitsch Schauspillerin.
- 10. September: José Feliciano, puerto-ricanesche Sänger a Gittarrist.
- 11. September: Franz Beckenbauer, däitsche Foussballspiller an -trainer.
- 14. September: Rob Roemen, lëtzebuergesche Politiker a Journalist
- 15. September: Jessye Norman, US-amerikanesch Sängerin..
- 19. September: Benoît Lamy, belsche Filmregisseur.
- 21. September: Jerry Bruckheimer, US-amerikanesche Filmproduzent.
- 26. September: Bryan Ferry, britesche Sänger a Lidderauteur (Roxy Music).
- 29. September: Fernand Jeitz, lëtzebuergeschen internationale Foussballspiller.
- 30. September: Ralph Siegel, däitsche Museker, Komponist a Musekproduzent.
- 7. Oktober: Petz Lahure, lëtzebuergesche Sportsjournalist an Auteur.
- 12. Oktober: Aurore Clément, franséisch Schauspillerin.
- 12. Oktober: Jacques-Yves Henckes, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Oktober: David Schramm, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 27. Oktober: Luiz Inácio Lula da Silva, brasilianesche Politiker, Staatspresident.
- 29. Oktober: Jean-Paul Frisch, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 3. November: Gerd Müller, däitsche Foussballspiller.
- 11. November: Daniel Ortega, nicaraguanesche President.
- 12. November: Neil Young, kanadescher Rockmuseker.
- 15. November: Anni-Frid Lyngstad, schwedesch Popsängerin ABBA.
- 17. November: Roland Joffé, britesche Regisseur.
- 21. November: Goldie Hawn, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1. Dezember: Bette Midler, US-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin a Komikerin.
- 30. Dezember: Davy Jones, britesche Sänger a Schauspiller.
Gestuerwen[änneren]
- 30. Januar: Albert Mockel, belsche Schrëftsteller.
- Februar: Constant Bilocq, belsche Paschtouer a Resistenzler.
- 11. Februar: Azeglio Bemporad, italieneschen Astronom.
- 22. Februar: Jan van Hout, hollännesche Vëlossportler a Resistenzler.
- 12. Mäerz: Anne Frank, Affer vum Holocaust.
- 14. Mäerz: Jean-Pierre Welter, lëtzebuergesche Journalist.
- 15. Mäerz: Pierre Drieu La Rochelle, franséische Schrëftsteller.
- 26. Mäerz: David Lloyd George, britesche Politiker.
- 2. Abrëll: Vilmos Apor, rumänesche Bëschof an Hellegen.
- Schabloun:5. ABrëll: Émile Lefort, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 9. Abrëll: Georg Elser, däitsche Resistenzler.
- 12. Abrëll: Franklin D. Roosevelt, US-amerikanesche Politiker (32. US-President).
- 22. Abrëll: Käthe Kollwitz, däitsch Sculptrice.
- 24. Abrëll: Jacques Marie Bellwald, lëtzebuergesche Fotograf a Filmpionéier.
- 24. Abrëll: Paul Wurth, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 28. Abrëll: Benito Mussolini, faschistesche Diktator vun Italien.
- 30. Abrëll: Adolf Hitler, "Führer" vum "Däitsche Räich".
- 1. Mee: Joseph Goebbels, däitschen Nationalsozialist, "Reichspropagandaleiter".
- 5. Mee: Yvo Kerger, lëtzebuergeschen Eisebunner a Resistenzler.
- 12. Mee: Andrea Pasini, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 23. Mee: Heinrich Himmler, däitschen NS-Politiker; "Reichsführer-SS".
- 1. Juni: Walter Frederick Gale, australesche Banquier an Astronom.
- 20. Juli: Paul Valéry, franséische Schrêftsteller.
- 24. August: François de Colnet d'Huart, lëtzebuergesche Physiker a Mathematiker.
- 15. September: Anton von Webern, éisträichesche Komponist.
- 26. September: Béla Bartók, ungaresche Komponist a Pianist.
- 8. Oktober: Felix Salten, Schwäizer Feuilletonist a Schrëftsteller.
- 13. Oktober: Lucien Simon, franséische Moler, Zeechner a Lithograph.
- 10. Oktober: Joseph Darnand, Chef vun der Milice française (exekutéiert).
- 15. Oktober: Pierre Laval, franséische Politiker.
- 24. Oktober: Vidkun Quisling, norwegesche Politiker a Kollaborateur.
- 24. Oktober: Édouard Wolff, lëtzebuergesche Veterinär a Politiker.
- 4. November: George Willis Ritchey, US-amerikaneschen Optiker, Astronom an Teleskopebauer.
- 9. November: Norbert Sinner, lëtzebuergesche Vëlossportler an Autoscoureur.
- 20. November: Francis William Aston, britesche Chemiker a Physiker.
- 11. Dezember: Charles Fabry, franséische Physiker.
- 21. Dezember: George S. Patton, US-amerikanesche Véier-Stäre-Generol.
- 29. Dezember: Alois Čenský, tschecheschen Architekt.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: 1945 – Biller, Videoen oder Audiodateien |