George Willis Ritchey

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den George Willis Ritchey, gebuer den 31. Dezember 1864 zu Tupper's Plains, Ohio a gestuerwen de 4. November 1945) war en US-amerikaneschen Optiker, Teleskopbauer an Astronom.

De Ritchey war aus enger Handwierkerfamill, déi zënter dräi Generatioune Schräineraarbechten ausgefouert a Miwwel hiergestallt huet. Si waren houfreg op hir ausgezeechent Produkter.

Vun 1880 bis 1882 huet hie Konstruktiounsléier op der Universitéit vun Cincinnati studéiert. Während där Zäit huet hien Interessi un der Astronomie entwéckelt a an huet zäitweis am Observatoire vun der Universitéit geschafft. Dobäi si seng Ae méi op praktesch Uwendungen, wéi d'Teleskoptechnik geriicht, wéi op d'theoretesch Astronomie. Hie beschäftegt sech intensiv mat der Hierstellung vun optesche Lënsen a Spigelen.

D'Schwieregkeete bei der Fabrikatioun vu Refrakteren (Lënsenteleskopen) – d'Liichtbriechung vu Lënse féiert zu Faarffehler – hunn hien dozou bruecht, sech mat der Optiméierung vu Reflekteren (Spigelteleskopen) ze befaassen. De Ritchey war en exzellenten Handwierker an huet d'Prozedur fir d'Verspigelung vu Glasflächen verbessert an huet parabolesch Sekundärspigele gebaut, déi d'Obstruktioun verklengeren.

E Ritchey 24" Refrakter

Am Joer 1890, de Ritchey war an der Tëschenzäit bei der „Chicago Maunal Training School” ugestallt, huet hien den George Ellery Hale, een Astrophysiker an Direkter vun engem eegenen Observatoire, dem „Kenwood Physical Observatory“ kennegeléiert. Déi Zwéin hu vun do un zesummegeschafft, woubäi de Ritchey fotografesch Placken fir den Hale virbereet huet an am Géigenzuch deem säin Instrumentarium benotze konnt. De Ritchey optiméierte d'Verfahre fir d'Stärefotografie a fir niwweleg Objeten.

1892 gouf den Hale virgesinn fir Direkter vun engem geplangten Observatoire vun der Universitéit vun Chicago. De Ritchey huet eng Ustellung an der Universitéit ugeholl, an huet sech do mat der Optik beschäftegt. Hien huet do weider u Lënsen a Spigelen experimentéiert a geschlaff. An där Zäit huet hien un engem Reflekter mat 24 Zoll (60 cm) Haaptspigel geschafft. Dëst Teleskop gouf méi spéit um Yerkes-Observatoire agesat.

Am Joer 1896 gëtt den Hale eng Commande beim Ritchey era fir Virbereedunge mam Bau vun engem 60 Zoll (1,54 m) grousse Reflekters fir de Yerkes-Observatoire ze bauen. E ganzt Joerzéngt hunn d'Virbereedunge fir d'Fabrikatioun vun dësem Glasspigel gebraucht. D'Instrument gouf zum Schluss um Mount-Wilson-Observatoire a Kalifornien opgeriicht.

De Ritchey huet 1897 d'Opsiicht vun der Fabrikatioun vun engem 40 Zoll (1 m) groussen Objektiv fir den Haaptrefrakter vum Yerkes-Observatoire ugeholl, woubäi hien a ganze Koup mechanesch an optesch Probleemer ze léisen hat. Dëst huet säi Ruff als exzellenten Optiker an Teleskopebauer vergréissert.

An der Folgezäit huet hie vill Teleskope konstruéiert, dorënner en “Horizontal-Teleskop”, deen aus engem Coelestat mat 24 an 30 Zoll grousse Spigele besteet. Weider huet hie Verbesserungen um 40-Zoll-Refrakter gemaach an huet och d'Astrofotografie optiméiert.

D'Lafbunn vum Ritchey war enk mat den Aarbëchten vum Hale verbonnen. Wéi dësen 1905 bäi de Mount-Wilson-Observatoire gewiesselt ass, goung de Ritchey mat him. Den Hale hat d'Iddi fir e Bau vun engem Risenteleskop vun 100 Zoll (2,54 m) Spigelduerchmiesser an de Ritchey huet him dës Iddi verwiirklecht. 1919 koum et allerdéngs zum Broch – de Ruhm vum Ritchey huet de Näid vum Hale erreegt. De Ritchey ass senger Wee gaangen, ir den Hale hien erausgeheie konnt. De Ritchey huet sech dorops hinn als Orangefarmer betätegt. Dës Entreprise huet hien ëm säi ganzt erspuertenes bruecht.

Stralengang vun engem Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop

Duerch säin ausgezeechnete Ruff gouf de Ritchey no Frankräich invitéiert, wou hie siwe Joer gelieft huet. Hei entwéckelt hie mat dem Henri Chrétien d'Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop.

1930 fiert hien zréck an d'USA a kritt en Optrag vum United States Naval Observatoire fir d'Konstrultioun vun engem Teleskop. Bedéngt duerch säin Alter an déi noloossend Kierperkraaft beschiedegte hien e Spigel, un deem hie grad geschafft huet. Obschonns de Spigel nëmmen kleng Rëss kritt hat, huet d´United States Navy d'Vertrauen a seng Fähegkeete verluer an huet him den Optrag entzunn.

De Ritchey huet sech dorops op seng Farm zréckgezunn, wou hie sech bis zu sengem Doud am Joer 1945 mat der Astronomie beschäftegt huet.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck [änneren]