Yerkes-Observatoire

Vu Wikipedia
Yerkes-Observatoire (2006)

De Yerkes-Observatoire ass eng bekannt historesch Fuerschungsanstalt fir Astronomie an de Vereenegte Staaten. Si läit an der Géigend vu Chicago um Lake Geneva am Bundesstaat Wisconsin. Finanzéiert gouf si vum Charles Tyson Yerkes, engem US-amerikaneschen Industriellen.

Iddi, Finanzéierung a Bau[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1891 huet de William Rainey Harper dem deemolegen Direkter vun der Universitéit Chicago, dem Astronom George Ellery Hale eng Professur ugebueden. Den Hale huet zougesot, ënner der Bedingung, datt d'Universitéit e komplett neien Observatoire soll kréien.

Den Hale hat matkritt, datt zwou optesch Glaslënse mat engem Duerchmiesser vu 40 Zoll (102 cm) an der Maach waren. Vu sou engem Teleskop mat risegem Lënsesystem huet hie gedreemt.

1892 hunn den Harper an den Hale den Industriellen Charles Tyson Yerkes opgesicht. De Yerkes huet dréngend säin Image missen oppoléieren an huet sech duerch Sponsoraktivitéiten e bessere Ruff erhofft.

Den Harper an den Hale hunn un dem Yerkes säin Ego appeléiert – datt dat neit Teleskop dat gréisst vun der Welt soll ginn. Dobäi hu si him awer net gesot, wéi deier de ganze Projet soll ginn. De Yerkes huet agewëllegt, d'Teleskop ze finanzéieren. Den Harper an den Hale sinn dovun ausgaangen, datt de Yerkes och de Bau vum ganze Gebai géif bezuelen. Wou deen dovu gewuer ginn ass, wollt hie sech zeréckzéien – well vum komplette Bau vum Observatoire ni d'Ried war. De schlauen Hale huet doropshin eng Pressecampagne gestart, an där hien de Yerkes als grousshäerzege Sponsor a Spender feiere gelooss huet. De Yerkes wollt an der Ëffentlechkeet kee Réckzéier maachen an huet d'Finanzéierung zougeséchert.

Am Joer 1894 waren d'Fëllementer an d'Montage vum Teleskop fäerdeg. Wärend der Endphase huet den Hale am Joer 1897 weider Geld vum Yerkes gesponsert kritt. D'Fäerdegstellung huet sech an d'Längt gezunn, well d'Haaptkuppel Konstruktiounsfehler opgewisen hat an zesummegebrach ass. De Yerkes huet doran (obschonn onberechtegt) d'Wierk vu senge politesche Géigner gesinn.

Den 21. Oktober 1897 gouf de Yerkes-Observatoire offiziell ageweit. Dem Yerkes seng Fräizügegkeet huet d'ëffentlech Meenung nëmme kuerz beandrockt. Tatsächlech ass him an den USA déi gesellschaftlech Unerkennung bis zu sengem Doud versot bliwwen.

Grousse Refrakter[änneren | Quelltext änneren]

De 40-Zoll-Refrakter vu Yerkes

De Bau vum Refrakter mat sengen 40 Zoll (102 cm) Apertur (Ëffnung) an 19,7 m Brennwäit ass no den Uweisunge vum genialen Teleskopebauer George Willis Ritchey gemaach ginn. De Ritchey huet no der Fäerdegstellung nach weider Verbesserunge virgeholl an huet Astrofotografie optiméiert.

De Yerkes-Refrakter ass bis haut de gréisste Lënsenteleskop vun der Welt. Mat deem Instrument ass een allerdéngs un d'Grenze vum technesch Realiséierbarem gestouss: Sou grouss Lënse verbéie sech wéinst hirem héijen Eegegewiicht. Mat zouhuelender Déckt absorbéiere Glaslënse méi Liicht. D'Fabrikatioun vu grousse feelerfräie Lënsen ass extreem schwiereg. D'Baulängt vum Teleskop brauch eng entspriechend stabil mechanesch Konstruktioun. Duerch déi Problemer ass een an der Zukunft beim Bau vu Groussinstrumenter op Reflektere (Spigelteleskope) iwwergaangen.

Optik[änneren | Quelltext änneren]

D'Objektiv besteet aus zwéi Glieser, engem Kroun- an engem Flëntglas (Dublett), déi een Ofstand vun 8 3/8 Inch (1 inch = 2,54 cm) zoueneen hunn. D'Krouneglas weit 200 pounds an huet am Zentrum eng Déckt vun 2,5 Inch an um Rand 3/4 Inch. D'Flëntglas huet eng Déckt vun 1,5 Inch am Zentrum respektiv 2 Inch um Rand a weit iwwer 300 pounds.[1] Den Hartmann publizéiert am Astrophysical Journal 12, 46, 1900 e Verfahre fir d'Beurteelung vun der Qualitéit vun engem Objektiv. Kuerz drop bitt hien an engem Bréif den Hale, d'Qualitéit vum Yerkes-Objektiv ze beuerteelen. Den 1. Februar 1902 mécht de Barnard heizou déi éischt fotografesch Placken.

Divers Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem grousse Refrakter ass am Yerkes Observatoire och nach e Reflekter mat 61 cm Haaptspigel souwéi méi kleng Teleskope fir Léierzwecker.

Momentan gëtt op dem Gebitt vun der interstellarer Matière gefuerscht, dem Opbau vu Kugelstärkéip an Äerdnoen Asteroiden (NEA), déi zu den äerdnoen Objeten (NEO) zielen. Doriwwer eraus gëtt an engem Fuerschungszentrum d'Fabrikatioun an d'Verbesserung vu wëssenschaftlechen Instrumenter virungedriwwen.

D'Zukunft vum Yerkes ass ongewëss. Am Mäerz 2005 huet d'Universitéit vu Chicago matgedeelt, datt se den Observatoire an Areal ronderëm verkafe wëll.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Yerkes-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. G. E. Hale in: Astrophysical Journal vol. 6, 1897, S. 43.