Interstellar Matière

Vu Wikipedia

Als interstellar Matière (ISM) bezeechent een d'Matière am interstellare Raum, déi tëscht de Stäre bannent enger Galaxis ass. Zum interstellare Medium gëtt nieft der interstellarer Matière och déi Elektromagnéitesch Stralung an d'Magnéitfeld gezielt.

D'interstellar Matière besteet aus neutralem an ioniséiertem Gas an aus Stëbs. Si spillt eng wesentlech Roll an der Astrophysik, well aus interstellarer Matière Stären entstinn, déi mat Stärewand an Supernovae awer och nees Matière an den interstellare Raum ofgëtt. Si fabrizéiert déi sougenannt interstellar Absorptioun a Verfierwung vu Stäreliicht.

D'Matière tëscht Galaxië gehéiert net zu der interstellarer Matière a gëtt analog als intergalaktesche Medium respektiv Gas oder kuerz IGM bezeechent, entspriechend nennt een d'Matière an der direkter Ëmgéigend vun engem Stär interplanetaresch Matière.

Zesummesetzung a Verdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vun der interstellarer Matière läit am Urknall, Stärewand an a Supernovaexplosiounen, woubäi hire Massenundeel an eiser Galaxis nëmmen e puer Prozent huet. Si besteet an der Mëllechstrooss am Duerchschnëtt aus ongeféier 90 % Waasserstoff, 10 % Helium a Spuere vu schwéieren Elementer, déi an der Astronomie als Metaller bezeechent ginn, woubäi 99 % vun der Matière als Gas virläit an de Stëbsundeel ongeféier ee Prozent ass.

Weeder d'Dicht nach d'Temperatur vun der interstellarer Matière si konstant, si ass villméi ganz ongläichméisseg verdeelt tëscht dichten Interstellare Wolleken an dënne Blosen a Superblosen. D'Dicht schwankt tëscht 10−4 Atomer/cm3 a koronalem Gas an 105 Atomer/cm3 a Moleküllwolleken, den Temperaturberäich erstreckt sech vun 20 bis 50 Kelvin a Moleküllwolleken a bis zu e puer Millioune Kelvin a koronalem Gas.

Gewéinlech ginn, unhand vun de gemoossenen Temperaturen, dräi Phasen vun der interstellarer Matière ënnerdeelt (nom McKee, Ostriker 1977):

  • gliddeg – koronale Gas mat Temperaturen iwwer enger Millioun Kelvin,
  • waarm – Beräicher mat Temperature vun e puer dausend Kelvin,
  • kalH-I-Gebidder a Moleküllwolleke mat Temperature vu manner wéi 100 Kelvin
Zesummesetzung vun der interstellarer Matière
Komponent Undeel Temperatur
(K)
Dicht
(Atomer/cm3)
Zesummesetzung
HI-Wolleken 50 – 100 1 – 103 neutral Waasserstoffatomer
Moleküllwolleken 20 – 50 103 – 105 neutral Waasserstoffmoleküllen
waarmen ioniséierte Medium (WIM) 50 % 103 – 104 0,01 deelweis ioniséierte Plasma
HII-Wolleken 104 102 – 104 bal vollstänneg ioniséierte Plasma
koronale Gas 105 – 106 10−4 – 10−3 vollstänneg ioniséierte Plasma
Quell

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • McKee, C. F. & Ostriker, J. P.: A theory of the interstellar medium - Three components regulated by supernova explosions in an inhomogeeneous substrate. Astrophysical Journal 218 (1977) 148-169