Sonnewand

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Stärewand oder Sonnewand ass de stännege Stroum vu Matière, dee vun der Stärenuewerfläch ausgeet. D'Vitesse vum Wand si jee no Stärtyp tëscht e puer bis zu villen 1.000 km/s, déi observéiert Masseverloschter reeche vun 10^{-14} bis 10^{-3} Sonnemasse pro Joer.

Et gëtt verschidde Forme vu Stärewand, déi sech duerch hiren Undriffsmechanismus ënnerscheeden.

  • Wand vu kille Stäre, wéi déi vum roude Ris, bestinn aus Atomer vun neutralen Elementer a Molekülle wéi Kuelemonoxid, Silikater an ähnlechem. Dës stëbsräich Wandbewegunge si mat nëmmen e puer zéng km/s vergläichwäis lues. Déi undreiwend Kraaft ass de Stralungsdrock op d'Molekülle vum Stëbs duerch Streeung. D'Masseverloschter kënne mat bis zu 10^{-6} Sonnemassen pro Joer ganz héich sinn. Sou ee Wand trëtt an de Spéitphase vun der Stärenentwécklung op an ass zum Beispill fir d'Entwécklung vu planetareschen Niwwele verantwortlech.
  • Bei sonnenähnlechen Haaptreiestäre besteet de Wand aus geluedenen Deelercher, meeschtens Protonen an Elektronen. Sou ee Wand, wéi de Sonnewand gëtt haaptsächlech duerch déi extrem Temperature vun der Korona vun e puer Millioune Kelvin ugedriwwen. Deen dobäi aktive Gasdrock beschleunegt de Wand op e puer honnert km/s. Eis Sonn verléiert all Joer ongeféier 10^{-14} Sonnemassen, hire Wand huet dofir keen Afloss op den Entwécklungswee vun der Sonn.
  • Wand vu gliddege Stären, ongeféier vun enger Uewerfächentemperatur vun 10.000 K, hunn déiselwecht chemesch Zesummesetzung wéi d'Stärenuewerfläch selwer. Déi meescht Atomer sinn heibäi einfach oder méifach ioniséiert. Dës Wandbewegunge kënnen e puer dausend km/s séier ginn. Wand vu gliddege Stäre gëtt och duerch de Stralungsdrock vum Zentralstär ugedriwwen, anescht wéi bei killem Wand wierkt en awer net duerch Streeung vum kontinuéierleche Stärespektrum, mä duerch Absorptioun an de Spektrallinnen am ultraviolette Beräich. D'Masseverloschter reeche vun 10^{-10} an Haaptreiestären iwwer 10^{-6} an Iwwerrise bis hin zu 10^{-3} a Wolf-Rayet-Stären. Den extreme Stär η Carinae huet während engem zwanzegjäregem Ausbroch ëm d'Joer 1840, eng hallef Sonnemass pro Joer verluer.
  • Bei munneche Stärentypen, wéi bei T-Tauri-Stären, kann sech e Wand a Form vun Jets maachen. Dobäi gëtt en Deel vum op dem Stär stierzenden Material duerch e Magnéitfeld ofgelenkt a laanscht der Polachs ewechgeschleudert.

Während Stärewande am Haaptreiestadium kee groussen Afloss op d'Entwécklung vum Stär hunn, ginn déi spéider Stadien dovu staark beaflosst. Vill masseräich Stäre ginn um Enn vun hirem Liewen nëmmen doduerch zu wäiss Zwergen, amplaz als Supernova z'explodéieren, well si ze vill Mass verluer hunn.