Sonnekorona

Vu Wikipedia
D'Korona wärend der Sonnendäischtert am Joer 1999, kuerz virum Sonnefleckemaximum. D'Strale verlafen no alle Säiten.
D'Korona wärend der Sonnendäischtert am Joer 2006, kuerz virum Sonnefleckeminimum. D'Strale verlafe bal nëmmen nach an Equatorhéicht.

D'Sonnekorona (griich./lat. κορώνα/Corona = Kranz, Kroun) ass déi dënn "Atmosphär" vun der Sonn. Dat schwaacht Liichte kann ee mat bloussem A nëmme bei enger totaler Sonnendäischtert gesinn. Den zarte Stralekranz reecht - jee no Sonnenaktivitéit - ëm 1-3 Sonneradien no baussen a stellt eng éischt Iwwergankszon vun der Sonn zum interplanetare Raum duer. Den bannenzegen Deel kënnen d'Astronome mat engem spezielle Moossinstrument, dem Koronograph och ouni Hëllef vum Äerdmound ophuelen.

Gliddege Stralekranz[änneren | Quelltext änneren]

Dee Stralekranz deen ee bei enger Sonnendäischtert gesäit, huet schonn viru Joerdausenden d'Mënschen un Staune kritt. Wa besonnesch vill Sonneflecken optrieden, kann de Kranz bis zu ville Millioune Kilometer oder 2-3 Sonnenduerchmiessere grouss bis an de Weltraum reechen. E weist eng stralefërmeg Struktur, déi sech mat dem 11-Joer Zyklus staark ännert. Am Sonneflecke-Maximum verlafen d'Stralen no alle Säiten, am Minimum nëmmen an der Géigend vum Sonnenequator.

D'Korona schléisst un déi visuell Sonnenuewerfläch, d'Photosphär, an un d'Chromosphär déi nëmme méi infrarout straalt un. Hir baussenzeg verdënnte Matière gëtt vun der leschter duerch Stousswelle vu gliddege Gasen op ronn 1 Millioun Grad ugereegt. Allerdéngs ass d'Gasdicht scho sou kleng (si hëlt vun zirka 0,000001 Gramm pro Kubikzentimeter vun 10−19 g/cm³ of), datt déi kinetesch Temperatur nëmmen nach aus der mëttlerer Beweegung vun hiren Atomer ze berechnen ass.

Physikalesch Modeller[änneren | Quelltext änneren]

Ob d'Opwiermung haaptsächlech duerch d'Sonnestralung, duerch Iwwerschallwellen oder aner Wiesselwierkunge vu mechanescher oder magnéitescher Aart erfollegt, ass nach Géigestand vu Fuerschungen a Modellberechnungen. Verschidde Raumsonde wéi SOHO, TRACE, RHESSI a CHANDRA droe mat hire Miessungen zu dësen Ënnersich wesentlech bäi.

Logarithmescht Liichtprofil vun der Korona (blo). Dee roude Bou representéiert d'Photosphär an d'Ofhuele vun der Hellegkeet no beim visuelle Sonnerand.

Ee besonnesch géien Temperaturgradient domminéiert an der ënneschter Korona, wou hir Dicht no uewe méi séier ofhëlt, wéi d'Energie oftransportéiert ka ginn (kuckt den Diagramm donieft). Bannen e puer 100 Héichtekilometer klëmmt déi kinetesch Gastemperatur ëm eng Millioun Grad a "mécht sech Loft", andeems déi zousätzlech Heizenergie als Sonnewand fort geet. D'Korona kann nëmme wéinst vun hirer dënner Dicht sou waarm ginn.

Déi héich Temperatur charakteriséiert nëmmen d'Beweegungsenergie vun de Gasdeelercher. E Festkierper op der selwechter Héicht iwwer der Sonn hätt dogéint eng méi niddreg Temperatur, well sech e ganz anert thermescht Gläichgewiicht astelle géif. Déi mënschlech Virstellungskraaft reecht fir d'Dynamik vu sou waarme Gasen net aus, mä et kann een se zanter e puer Joerzéngte mat Methoden vun der theoreetescher Physik ënnersichen.

Déi ënnescht Näherungsformel (Lit.: November & Koutchmy, 1996) beschreift déi Intensitéit vun der Koronastralung an der Projektioun, woubäi als Eenheet d'Stralung am Zentrum vun der Sonnescheif déngt:

Dës Approximatioun stellt nëmmen eng zäitlech a raimlech Moyenne duer, well d'Intensitéit vun der Koronastralung staark mat dem heliographesche Breetegrad an der momentaner Sonnenaktivitéit variéiert.

Total Hellegkeet vun der Korona[änneren | Quelltext änneren]

Wann een an der Stralungsformel den Ofstand vun 1 (Sonnerand) bis onendlech integréiert, kritt een déi total Hellegkeet vun der Korona ënner ideale Miessbedingungen—also bei enger totaler Sonnendäischtert. Si ergëtt ongeféier 1,6·10−6 vun der totaler Hellegkeet vun der Sonn resp. -12m,3. Dat relativ schwaacht Liichten ass vergläichbar mat der visueller Hellegkeet vum Vollmound, woufir een d'Korona bei enger totaler Sonnendäischtert ouni Aeschutz observéiere kann. Mä soubal de Sonnerand nees hanner dem Mound als schmuel, blendend Séissel nees opdaucht, verschwënnt d'Korona fir eis Aen.

Spektroskopesch Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerschiddlech Streeprozesser formen d'Korona. D'Bezeechnunge ginn op historesch Charakteriséierungen zeréck:

  • F-Korona (Fraunhofer-Korona): Stëbs street d'Sonneliicht. Ausser enger Bevirzéiung vun der Virwäertsstreerichtung bleift d'Stralung onverännert. Dofir sinn do Fraunhoferlinne vun der primärer Sonnestralung nohwäisbar.
  • K-Korona (Kontinuéierlech Korona): Fräi Elektrone streeën d'Liicht. Well sech dës ënnerschiddlech séier beweegen, ginn d'Wellelängten duerch den Dopplereffekt sou verréckelt, datt all Fraunhoferlinne zu engem Kontinuum "verschmiirt" ginn. Zousätzlech gëtt d'Stralung ofhängeg vun hirer Polarisatioun gestreet.
  • L-Korona oder d'E-Korona (Liniene-Korona / Emissiouns-Korona): D'Gas vun der Korona emittéiert charakteristesch Spektrallinne.
  • T-Korona (thermesch Korona): opgeheizte Partikelen emittéieren als Temperaturstraler an engem kontinuéierleche Spektrum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • A.Berroth / Walter Hofmann: Kosmische Geodäsie (356 p.), Kapitel Finsternisbeobachtungen. Verlag G.Baun, Karlsruhe 1960.
  • Helmut Scheffler, Hans Elsässer: Physik der Sterne und der Sonne (ISBN 3-411-14172-7), BI Mannheim 1990.
  • L.J. November, S. Koutchmy: White-Light Coronal Dark Threads and Density Fine Structure (Korona-Profil). Astrophysical Journal 466, p. 512ff, Juli 1996.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corona – Biller, Videoen oder Audiodateien