Chandra (Teleskop)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Röntgenteleskop Chandra (Illustratioun: MSFC/NASA)
Funktiounsweis vum véierfach verschachtelte Wolter Teleskop (Illustratioun: NASA)

De Chandra (vollstännegen Numm: Chandra X-Ray Observatory) ass e Satellit mat engem Röntgenteleskop. Hie gouf den 23. Juli 1999 vun der NASA mat dem Space Shuttle Columbia an d'Ëmlafbunn bruecht (Missioun STS-93) an ass nom Astronom Subrahmanyan Chandrasekhar genannt. De Röntgenobservatoire gouf an der Entwécklungs- a Bauphas AXAF (Advanced X-ray Astrophysics Facility) genannt, awer nach virun dem Start ëmgedeeft an Chandra. De Chandra ass och bis elo dee gréisste Satellit, dee mat engem Space Shuttle an eng Ëmlafbunn bruecht ginn ass.

Iwwer seng eegen Manövréierdüsen gouf de Satellit uschléissend op eng Ellipsnbunn bruecht Dës Bunn läit wäit iwwer der Stralungsceinture vun der Äerd, sou datt Deelercher, déi duerch d'Kollisioun vu Sonnewand an der kosmescher Stralung mat der Äerdatmosphär entstinn, d'Miessungen net beaflosse kënnen. Een Ëmlaf vum Satellit dauert 64 Stonnen 18 Minutten, woubäi méi wéi 55 Stonne fir d'Observatioun benotzt ginn.

De Röntgensatellit Chandra ass nom Hubble Space Telescope am optesche Beräich an dem Compton Gamma Ray Observatory am Gamma-Beräich dat drëtt vu véier Weltraum-Observatoiren, déi vun der NASA am Kader vum "Great Observatory Program" geplangt goufen. Am Infrarout-Beräich gouf dëse Programm duerch d'Spitzer-Weltraumteleskop ergänzt. Déi wëssenschaftlech Betreiung a Steierung vum Satellit läit beim Smithsonian Astrophysical Observatory.

De Chandra ass equipéiert mat

  • engem véierfach verschachtelte Wolter-Teleskop
  • zwéi Transmissiounsgitter-Spektrometern LETGS (Low Energy Transmission Gratings Spectrometer) und
  • HETGS (High Energy Transmission Grating Spectrometer). Zousätzlech ass nach een
  • ofgebilte Spektrometer (ACIS, Advanced CCD Imaging Spectrometer) dobäi.

D'Biller vum Chandra hu mat enger maximaler Opléisung vun 0,5 Bousekonnen eng däitlech besser Schärft wéi fréier Missiounen. Deen erfollegräichen däitschen Röntgensatellit ROSAT hat am Verglach dozou eng Opléisung vu ronn 4 Bousekonnen.

Am Mee 2007 hunn d'Astronome mam Röntgenteleskop Chandra déi bis elo energieräichst Supernova-Explosioun observéiert. D'Fuerscher spekuléieren, datt et sech bei dëser Stärenexplosioun ëm e laang gesichten neie Supernova-Typ handele kéint, deen am jonken Universum relativ heefeg war.

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

De Chandra ass 13,8 m laang an huet e Gewiicht vu 4800 kg. Seng Liewensdauer gëtt op 10 Joer geschat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chandra X-ray Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien