Space Shuttle

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Space Shuttle
D'Atlantis start zu der Missioun STS-115
D'Atlantis start zu der Missioun STS-115
Orbiter
Längt 37,24 m
Spanwäit 23,79 m
Fligelfläch 249,9 m²[1]
Startmass (maximal) 109.000 kg
Notzlaascht an engem niddregen Orbit 24.500 kg
Notzlaascht zu der ISS 16.400 kg
maximale Schub op Miereshéicht 3*1.76=5,27 MN[2]
maximale Schub am Vakuum 3*2.09=6,27 MN
Regelberäich vun den Haaptdreifwierker 65% bis 109%
Asazhéicht 185–643 km[3]
Besatzung Maximal 8 Persoune
Aussentank
Längt 48,9 m
Duerchmuiesser 10,4 m
Volumen 2.030 m³
Eidelgewiicht 26.556 kg
Startgewiicht 757.000 kg
Booster (2 Stéck)
Längt 45,6 m
Duerchmiesser 3,71 m
Startgewiicht 590.000 kg
Startschub 2*12,46=24,92 MN
Ganzt System
Startmass 2.046.000 kg
Startschub 30,16 MN
Startschub/Startmasse 14,74 m/s² = 1,5 g
maximalen Tempo am Betrib 3 g
De NASA-Logo als Erënnerung un de Space-Shuttle-Programm

De Space Shuttle (englesch fir Raumfär), kuerz Shuttle, ass e Raumfärentyp, dee vun der US-Raumfaartadministratioun NASA entwéckelt gouf.[4] D'Komponente sinn nieft der Raumfär (Orbiter) en externen Dreifstofftank an zwou Feststoffrakéiten. De ganze System bezeechent een als Space Transportation System, kuerz STS. Fachlech gëtt nëmmen den Orbiter als Space Shuttle bezeechent.

De Shuttle ass aus dem Versuch erausgaangen, e Raumgefier ze bauen, dat méi wéi eemol konnt gebraucht ginn. Dat sollt d'Onkäschte géintiwwer deene bis dohi gebrauchte Rakéiten drécken. Beim ale System sinn all Rakéitestufen nëmmen eemol gebraucht ginn. Déi Erspuernesser konnten zwar net erreecht ginn. E Shuttlestart kascht an der Tëschenzäit knapps eng hallef Milliard Dollar, ongeféier fënnefmol sou vill wéi e Start mat enger onbemannter Eeweerakéit mat derselwechter Notzlaaschtkapazitéit an ass an der Lescht bis op gutt eng Milliard Dollar geklommen.[5]

D'Raumfär ka gläichzäiteg 24,5 Tonnen Notzlaascht souwéi 7 Astronauten an eng niddreg Äerdëmlafbunn (tëscht ongeféier 200 a 650 Kilometer Bunnhéicht) bréngen. Zudeem ass de Shuttle mat Hëllef vun Andockadaptere fäeg, un enger Raumstatioun (haut ISS, fréier Mir) unzedocken. Duerch seng Fäegkeet zum gläichzäitegen Transport vu Mannschaft a Fracht ass de Shuttle villsäiteg ze gebrauchen, beispillsweis kënne Satellitte reparéiert oder op d'Äerd zréckbruecht, oder den Opbau an d'Versuergung vun enger Raumstatioun ënnerstëtzt ginn.

Zanter dem leschten Apollo-Fluch am Joer 1975 ass de Shuttle déi eenzeg Méiglechkeet vun den USA, mat eegene Mëttele Mënschen an de Weltraum ze bréngen. Den éischte Fluch vum System war am Joer 1981, zanterhier goufen iwwer 130 Flich gemaach, woubäi et zweemol zu fatalen Accidenter koum, bei deenen all Kéier 7 Astronauten ëm d'Liewe koumen. Zu de wichtegsten Erfolleger gehéieren d'Aussetze vu verschiddene Raumsonde souwéi vum Hubble-Weltraumteleskop, verschidde Flich mat agebaute Laboratoiren, Flich bei d'russesch Mir-Statioun souwéi bei d'International Raumstatioun (ISS). Am Ganze goufe fënnef raumfluchfäeg Orbiter gebaut, vun deenen no Ausserdéngschtstellung, de Space Shuttle „Atlantis“ den 8. Juli 2011 fir d'lescht gestart ass. [6] Als Nofolger ass d'MPCV-Raumschëff an Entwécklung, dat méiglecherweis vun 2016 un asazbereet ass.

Raumfluchfäeg Orbiter[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Ufank vun de Shuttle-Flich am Joer 1981 waren am Ganze fënnef verschidde Space Shuttlen an de Weltraum geflunn. Dovu ware bis zu der Astellung vum Programm am Joer 2011 nach dräi Stéck (Discovery, Atlantis an Endeavour) am Asaz. Zwéi Space Shuttlen (Columbia an Challenger) goufe bei Onglécker an de Joren 1986 an 2003 zerstéiert.

Numm OV-Nr. Éischte Start Éischt Missioun Leschte Start Lescht Missioun Zuel vu Missiounen Bemierkung
Columbia OV-102 12. Abrëll 1981 STS-1 16. Januar 2003 STS-107 28 Éischte raumfluchfäegen Orbiter. Zerstéiert duerch eng futtis Hëtzschëldverkleedung beim Neesantrëtt an d'Armosphär den 1. Februar 2003. Siwe Crewmembere koumen dobäi ëm d'Liewen.
Challenger OV-099 4. Abrëll 1983 STS-6 28. Januar 1986 STS-51-L 10 Zerstéiert kuerz nom Start den 28. Januar 1986 duerch en Defekt un engem Feststoffbooster, déi siwe Crewmembere koumen dobäi ëm d'Liewen.
Discovery OV-103 30. August 1984 STS-41-D 24. Februar 2011 STS-133 39 Lescht Landung den 9. Mäerz 2011.
Atlantis OV-104 3. Oktober 1985 STS-51-J 8. Juli 2011 STS-135 33 Lescht Landung den 21. Juli 2011.
Endeavour OV-105 7. Mee 1992 STS-49 16. Mee 2011 STS-134 25 Lescht Landung den 1. Juni 2011, Ersatzorbiter fir Challenger.

Kuckt ouch[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • David Baker: Die neuen Space Shuttles – Columbia, Enterprise & Co. Arena, 1979, ISBN 3-401-03882-6
  • Dennis R. Jenkins: Space Shuttle: The History of the National Space Transportation System. Midland Publishing, 2006, ISBN 978-1-85780-116-3
  • Pat Duggins: Final Countdown: NASA and the End of the Space Shuttle Program University Press of Florida, 2009, ISBN 978-0-8130-3384-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Space Shuttle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]