Drorakéit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi gréisst jee gebaut Drorakéit, d'amerikanesch Saturn V

Eng Drorakéit ass eng Rakéit, déi fir den Transport vu Mënschen oder Notzlaaschten an eng Ëmlafbunn déngt a soumat e System fir de Betrib vun der Raumfaart ass. D'Notzlaascht ass bal ëmmer ënner enger Notzlaaschtverkleedung verstoppt, déi dës vir a während de Starte viru baussenzegen Aflëss schützt.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Natiounen, déi eegen Drorakéiten hunn

Mat Drorakéite wéi der amerikanescher Atlas, Titan, Saturn, souwéi der sowjetescher Wostok, Woschod, Sojus an der chinesescher Langer Marsch 2E goufen a ginn och Mënschen an de Weltraum geschéckt. Och de bemannten amerikanesche Space Shuttle gëllt als eng Drorakéit, well si als Transportmëttel vu Mënschen a Laaschten an de Weltraum gedéngt huet.

Déi bekanntst europäesch Drorakéit ass d'Ariane an der aktueller Ausbaustuf Ariane 5. Si gehéieren zu de wéinege Rakéitentypen déi eng Duebelstartvirriichtung hunn a fir de Start vun zwou grousse Notzlaaschten u Bord vun enger Rakéit ausgeluecht sinn.

Zu de stäerkste jee gebauten Drorakéite gehéieren déi US-amerikanesch Saturn V souwéi déi sowjetesch N1 an Energija. Keng vun dëse Rakéite gëtt momentan hiergestallt. Déi stäerkst Drorakéit déi am Asaz ass, ass déi vu Boeing entwéckelt a gebaut Delta IV Heavy, déi den 21. Dezember 2004 vum Kennedy Space Center aus hiren Éischtfluch absolvéiert hat. Déi stäerkst russesch Drorakéit déi am Asaz ass, ass d'Proton-M. Déi stäerkst europäesch Drorakéit am Asaz ass d'Ariane 5 ECA.

Iwwersiicht vun haitegen Drorakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Dës Tabell weist déi aktuell fir staatlech a kommerziell Notzlaaschte benotzbar Drorakéiten, souwéi Rakéiten, déi mat ausreechender Sécherheet an noer Zukunft hir Éischtflich maachen an deelweis scho gebuchte Starten hunn.

Notzlaaschtkapazitéit (Low Earth Orbit (LEO))
Land bis 2 t 2 bis 8 t 8 bis 15 t 15 bis 25 t iwwer 25 t
Brasilien VLS-1[F 1]
VR China KT-1, CZ-1D (?) CZ-2C, CZ-2D, CZ-4A/B CZ-2E, CZ-2F
Europa Vega[F 2] Ariane 5
Indien PSLV GSLV
Iran Safir
Israel Shavit
Japan H-2A H-2B
Nordkorea Taepodong-1[F 1]
Russland / Ukraine Angara 1.1,[F 3] Kosmos-3M, Rockot, Strela, Start, Shtil, Wolna Dnepr, Zyklon, Angara 1.2[F 3], Sojus-U/FG, Sojus-2 Zenit-2, Angara A3[F 2] Proton, Angara A5[F 3] Energija, Angara A7P[F 3] ,Angara A7V[F 3]
Südkorea KSLV-I[F 1]
USA Pegasus, Minotaur I,[F 4] Minotaur IV[F 4], Falcon 1, Taurus Delta II Atlas V, Delta IV, Falcon 9 Atlas V, Atlas V Heavy[F 3], Delta IV Heavy
Notzlaaschtkapazitéit (Geotransfer Orbit (GTO))
Land bis 1 t 1 bis 2 t 2 bis 4 t 4 bis 8 t iwwer 8 t
VR China CZ-2C, CZ-3, CZ-4A/B CZ-2E, CZ-3A, CZ-3C CZ-3B
Europa Ariane 5ESV Ariane 5ECA
Indien PSLV GSLV
Japan H-2A, H-2B
Russland / Ukraine Rockot (?) Molnija-M Sojus-Fregat, Angara A3[F 2], Zenit-3SLB[F 2] Zenit-3SL, Proton/Block-DM, Proton/Briz-M, Angara A5[F 3]
USA Taurus Delta II Falcon 9 Atlas V, Delta IV Atlas V, Atlas V Heavy[F 3], Delta IV Heavy
  1. 1,0 1,1 1,2 Bis elo nëmme Feelstarten
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Nach net geflunne Rakéit mat gebuchte Notzlaaschten
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 3,6 3,7 Nach net geflunne Rakéit ouni gebucht Notzlaaschte resp. onbekannt
  4. 4,0 4,1 fir kommerziell Notzlaaschten net ze gebrauchen

Ubidder vun Drorakéitestarten[änneren | Quelltext änneren]

Statistik[änneren | Quelltext änneren]

2011 si 84 Drorakéite gestart, dovu waren der 78 (93 %) erfollegräich. De Start vun der russescher Raumsond Fobos-Grunt gëtt dobäi als erfollegräich gezielt, well d'Drorakéit feelerlos geschafft hat, och wann d'Sond net op de Wee zum Mars bruecht gouf. Zwou weider Raumsonde ware Mars Science Laboratory a GRAIL. Siwe Starten hu bemannt Raumschëffer an de Raum bruecht. D'Starten hu sech op folgend d'Länner, Drorakéiten a Startplaze verdeelt:

Länner[änneren | Quelltext änneren]

Land 2007 2008 2009 2010 2011 2012 Bemierkungen 2011+12
Russland (heizou gehéieren och d'Sojus-Starte vum CSG) 26 26 30 31 33 26 Feelstarten den 1. Februar 2011 mat Geo-IK-2, de 17. August mat Express AM4, de 24. August mat Progress M-12M an den 23. Dezember mat Meridian 5 - Feelfunktioune vun der Bris-M-Uewerstuf de 6. August an den 8. Dezember 2012
China 9 11 6 15 19 19 Feelstart den 18. August 2011
USA 20 15 24 15 18 13 Feelstart de 4. Mäerz 2011 mat Glory - Dreifwierkausfall beim Start den 8. Oktober 2012 hat zum falschem Orbit vun der Sekundärnotzlaascht gefouert
Europa (ESA) 6 6 7 6 5 8
Indien 3 3 2 3 3 2
Japan 2 1 3 2 3 2
Israel 1 0 0 1 0 0
SudkoreaSüdkorea 0 0 1 1 0 0
International (Sea Launch) 1 6 3 0 2 3
Iran 0 1 1 0 1 1
Nordkorea 0 0 1 0 0 2 Feelstart den 12. Abrëll 2012, éischten erfollegräiche Start den 12. Dezember 2012
Total 68 69 78 74 84 76

Drorakéiten[änneren | Quelltext änneren]

Rakéit 2007 2008 2009 2010 2011 2012 Bemierkungen 2012
Laange Marsch 10 11 6 15 19 19
R-7 (Sojus) 12 10 13 13 19 14
Proton 7 10 10 12 9 11 Feelfunktioune vun der Bris-M-Uewerstuf de 6. August an den 8. Dezember 2012
Ariane 5 6 6 7 6 5 7
Atlas V 4 2 5 4 5 6
Space Shuttle 3 4 5 3 3 0
Delta IV 1 0 3 3 3 4
Dnepr 3 2 1 3 1 0
H-II 2 1 3 2 3 2
Falcon 9 0 0 0 2 0 2 Dreifwierkausfall beim Start den 8. Oktober 2012 hat op e falschen Orbit gefouert
Rockot 0 1 3 2 1 1
Delta II 8 5 8 1 3 0
Kosmos 3M 3 3 1 1 0 0
Minotaur IV 0 0 0 2 1 0
PSLV 2 3 2 1 3 2
Shavit 1 0 0 1 0 0
KSLV-1 0 0 1 1 0 0
GSLV 1 0 0 2 0 0
Falcon 1 1 2 1 0 0 0
Zyklon 0 0 1 0 0 0
Taurus 0 0 1 0 1 0
Unha 2 0 0 1 0 0 0
Safir 0 1 1 0 1 1
Unha-3 0 0 0 0 0 2 Feelstart den 12. Abrëll 2012, éischten erfollegräiche Start den 12. Dezember 2012
Vega 0 0 0 0 0 1 Éischte Start den 13. Februar 2012 (erfollegräich)
Minotaur I 1 0 1 0 2 0
Pegasus 1 2 0 0 0 1
Zenit 2 6 4 0 5 3
Total 68 69 78 74 84 76

Startplazen[änneren | Quelltext änneren]

Startplaz 2007 2008 2009 2010 2011 2012 Bemierkungen 2012
Baikonur, Kasachstan 20 19 24 24 24 21 Feelfunktioune vun der Bris-M-Uewerstuf de 6. August an den 8. Dezember 2012
Cape Canaveral, USA 13 7 16 11 10 10 (all vun der Cape Canaveral Air Force Station, keng vum Kennedy Space Center) Dreifwierkausfall beim Start den 8. Oktober 2012 hat op e falschem Orbit gefouert
Centre Spatial Guyanais, Franséisch-Guayana 6 6 7 6 7 10
Xichang, China 6 4 2 8 9 9
Jiuquan, China 1 3 2 4 6 5
Vandenberg Air Force Base, USA 4 4 6 3 6 2
Taiyuan, China 3 4 2 3 4 5
Satish Dhawan Space Centre, Indien 3 3 2 3 3 2
Tanegashima, Japan 2 1 3 2 3 2
Kosmodrom Jasny, Russland 1 1 0 1 1 0
Plessezk, Russland 5 6 8 6 7 3
Palmachim, Israel 1 0 0 1 0 0
Naro Space Center, Südkorea 0 0 1 1 0 0
Wallops, USA 1 0 1 0 1 0
Kodiak Launch Complex, USA 0 0 0 1 1 0
Plattform Odyssey, Internationaalt Gewässer (Sea Launch) 1 5 1 0 1 3
Omelek, Marshallinseln 1 4 1 0 0 1
Kapustin Jar, Russland 0 1 0 0 0 0
Semnan, Iran 0 1 1 0 1 1
Sohae, Nordkorea 0 0 0 0 0 2 Feelstart den 12. Abrëll 2012, éischten erfollegräiche Start den 12. Dezember 2012
Musudan-ri, Nordkorea 0 0 1 0 0 0
Total 68 68 78 74 84 76

Eeweerakéit[änneren | Quelltext änneren]

Als Ewechwerfrakéit oder Eeweerakéit[1] bezeechent een all d'Type vu Rakéiten, déi nëmmen eemol gestart kënne ginn. Dat sinn haut bal all Drorakéiten. All gebraucht Rakéitestufe ginn nom Ausbrennen ofgetrennt a falen zréck op d'Äerd oder verglousen an der Atmosphär. Uewerstufe bleiwen dacks méi laang als Weltraumschrott am Äerdorbit.

Ausname si virun allem déi vum Berthold Seliger Ufanks der 1960er Joren entwéckelt Héichtefuerschungsrakéiten, d'Energija, deenen hir Boostere fir e puer Starte gebraucht konnte ginn, an de Space Shuttle mat senge Feststoffboosteren. Allerdéngs geet bei deene Leschten ëmmer de baussenzegen Tank verluer.

De Recycling vun den ënneschte Rakéitestufe wier technesch realiséierbar, mä gëtt kaum praktizéiert, well d'Sécherstellung an déi uschléissend Inspektioun an d'Nokucke vun der Stuf dacks méi kascht, wéi d'Hierstelle vun enger neier Stuf. Weiderhi misst eng recyclabel Stuf mat spezielle Landesystemer, wéi beispillsweis Fallschiermer, versi ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Beleeg fir d'Stéchwuert Eeweerakéit an enger Presseerkläerung vun der ESA