Pegasus (Rakéit)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Pegasus-Rakéit um Buedem
D'Pegasus-XL-Dréierrakéit virum Start

Déi amerikanesch Drorakéit Pegasus gouf vun der Orbital Sciences Corporation entwéckelt a kann eng Notzlascht vun ca. 450 kg an en niddregen Äerdorbit bréngen.

De Start erfollegt vun engem Fliger aus, ufanks gouf dofir eng Boeing B-52 gebraucht, spéider eng Lockheed L-1011 TriStar. Beim Start ass d'Rakéit horizontal ausgeriicht a fält 5 Sekonne laang vum Fliger, ier déi éischt Stuf zünt. D'Rakéit besteet aus dräi Stufen, déi all mat festem Dreifstoff bedriwwe ginn, optional kann eng weider mat Hydrazin bedriwwe Stuf ugebaut ginn.

Den éischte Start war de 5. Abrëll 1990. Eng méi staark Versioun, déi fir d'éischt de 27. Juni 1994 gestart gouf, gëtt Pegasus XL genannt. Bis Abrëll 2007 goufen et 41 Rakéitestarten, 35 dovu waren erfollegräich.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Technik

Déi dräi Orion Feststoff-Motore vun der Pegasus goufen vun Hercules Aerospace (spéider Alliant Techsystems) speziell fir dës Uwendung entwéckelt. Zousätzlech goufe Fligel (vu Scaled Composites), Leetwierk a Notzlaschtverkleedung nei konstruéiert.

  • Mass: 18.500 kg (Pegasus), 23.130 kg (Pegasus XL)
  • Längt: 16,9 m (Pegasus), 17,6 m (Pegasus XL)
  • Duerchmiesser: 1,27 m
  • Spanwäit: 6,7 m
  • Notzlascht: 443 kg (1,18 m Duerchmiesser, 2,13 m Längt)

[änneren] Weiderentwécklungen a Modifikatiounen

Op Basis vun der Pegasus goufe weider Rakéite entwéckelt:

  • D'HXLV-Rakéit ass eng eestufeg Variant vun der Pegasus, déi gebraucht gouf fir d'X-43-Hyperschallfluchkierper ze starten.
  • D'Taurus-Lite war e Prototyp fir d'Entwécklung vun enger Drorakéit fir d'Rakéitenofwier. Et handelt sech dobäi de facto ëm eng buedemgestarte Pegasus-XL-Rakéit ouni Fligel.
  • D'OBV-Rakéit ass déi asazräif Dréierrakéit fir d'Rakéitenofwier. Si entsprécht enger silogestarteter Versioun vun der Taurus-Lite mat geännerter Notzlaschtverkleedung.

Weider Rakéitemodeller, déi Komponente vun der Pegasus-Rakéit mat anere Rakéitestufe kombinéieren, sinn:

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Pegasus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen