Kosmodrom Jiuquan
De Kosmodrom Jiuquan ass déi eelste a gréisste Weltraumgare vu China. Hie läit ca. 200 km nordëstlech vun der Stad Jiuquan an der autonomen Regioun Bannenzegt Mongolei, ongeféier 1.600 km vu Peking ewech.
Opgebaut gouf de Kosmodrom am Joer 1958 als éischten vun den dräi Weltraumgaren vun der VR China. Vun hir goufe méi Rakéitestarten duerchgefouert wéi vun allen aneren Rakéitestartplazen. Genannt ass d'Startplaz no der nächstgréisserer Stad Jiuquan, déi am Géigesaz zum Kosmodrom Jiuquan an der Provinz Gansu läit.
Jiuquan gëtt normal gebraucht, fir Satellitten an ënner oder mëttel Ëmlaffbunnen ze schéissen a fir Mëttel- a Laangstreckerakéiten ze testen.
D'Zentrum faasst 2.800 km² a bréngt ca. 20.000 Leit ënner.
D'Anlagen an d'Technik gläichen deene vun der sowjetescher Raumfaart. D'Sowjetunioun hat an den 1960er Joren d'Chinese beim Opbau vun der Weltraumgare Jianquan ënnerstëtzt.
Vum Kosmodrom Jiuquan hat China säin éischte Satellit Dong Fang Hong I am Joer 1970 gestart. Och déi éischt bemannte Raumflich vum Land: Shenzhou 5 (2003), Shenzhou 6 (2005) an Shenzhou 7 (2008) goufen hei gestart. Ausserdeem war den 29. September 2011 vun dëser Weltraumgare eng Rakéit mat der éischter chinesescher Raumstatioun Tiangong 1 gestart.[1]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kosmodrom Jiuquan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- globalsecurity.org: Jiuquan Satellite Launch Center
- (en) sinodefence.com: Jiuquan Satellite Launch Centre
Referenzen [änneren]
- ↑ Telepolis, 29. September 2011: China greift nach den Sternen Ofgruff de: 29. September 2011