Weltraumgare
Als Weltraumgare am Westen oder Kosmodrom a Russland oder China, bezeechent een eng Rakéitestartplaz, op där Drorakéite fir orbital an interplanetar Weltraummissiounen starte kënnen. Dobäi kann et sech ëm onbemannt Satellitten- oder Raumsondestarten oder bemannt Raumflich handelen. Déi meescht Weltraumgaren hunn och Startanlagen fir Héichtefuerschungsrakéiten an/oder fir militäresch Rakéiten fir Versuchszwecker.
Weltraumgaren ginn am Ament vun eenzelne Weltraumnatiounen, Staatenorganisatiounen (wéi d'ESA) oder privaten Entreprisen (Sea Launch) ënnerhalen.
Inhaltsverzeechnes |
Urspronk vum Begrëff [änneren]
Déi éischt Weltraumgaren stoungen an Zesummenaarbecht mat Eisebunn-Betriber, déi fir den Transport vun de schwéiere Rakéitestufen an de Notzlaaschten gebraucht goufen. Jore méi spéit goufen och déi éischt Satellitten, z. B. vum Sea Launch, vum Waasser aus an den Orbit bruecht. A weider Joren duerno goufen och d'Konzept vum Fluchhafen fir déi éischt Weltraumhäfen – am Ament fir suborbital Raumflich – gebraucht (kuckt och Spaceport America).[1][2]
Standplazbedéngungen [änneren]
D'Kriterien fir d'Standplaz vun enger Weltraumgare sinn villfälteg. Hie sollt, wa méiglech, no um Equator leien: Duerch d'Äerdrotatioun huet d'Rakéit do schonns déi op der Äerduewerfläch maximal Grondvitesse a muss manner aktivéieren, fir op déi gebrauchte Vitesse ze kommen, fir den Orbit z'erreechen. Nëmme fir Starten an polar Orbiten sinn polno Standplazen méi gënschteg (zum Beispill Plessezk).
Eng Rakéitegare soll an engem politesch stabile Staat stoen, well säin Opbau mat groussen Investitiounen verbonnen ass. Hie sollt wäit vun dicht bewunntem Gebitt leien an an ëstlecher Richtung en Ozean oder een dënn besidelt Gebitt hunn. Well bal all Rakéitestarten erfollege mat der Äerdrotatioun (aus uewe genanntem Grond) an ëstlecher Richtung. Wann et zu engem Feelstart kënnt, kënnten soss Mënschen duerch eroffalend Brochstécker an Dreifstoffer a Gefor geroden. Zudeem ass d'Standplaz op déi politesch Aflosssphär vum Staat oder der Staatenorganisatioun beschränkt.
D'Weltraumgare sollt op enger geologesch stabiler Plaz gebaut ginn, dee vu gréisseren a villen Onwieder verschount gëtt, well Rakéitestarten bei Reen oder Stuerm meeschtens ofgesot musse ginn. Schliesslech sollt och genuch Plaz sinn, fir eventuel d'Gare ausbauen ze kënnen.
Déi ideal Plaz fir eng Weltraumgare existéiert awer net a bei der Wal musse Kompromisser agaange ginn.
Beispill: Russesch Kosmodromer [änneren]
Besonnesch déi russesch Kosmodromer sinn duerch hir wäit nërdlech Lag benodeelegt, well fir d'orbital Manöver fir op d'Zilëmlafbunn ze kommen, méi Dreifstoff gebraucht gëtt.
Beispill: Kourou [änneren]
Déi europäesch Weltraumgare Centre Spatial Guyanais zu Kourou huet vun ähnlechen Arichtunge weltwäit déi gënschtegst Lag. Hie läit am franséischen Iwwerséi-Departement Franséisch-Guayana am Norde vu Südamerika (politesch stabil) a läit dicht um Equator (gënschteg Starteegeschaften, maximale Vitessebonus duerch d'Äerdrotatioun). D'Regioun ass dënn bewunnt a grenzt am Nordosten un den Atlantik (wéineg Gefor fir d'Mënschen). Well d'Weltraumgare direkt un en grousst Bëschgebitt grenzt, ass och säin Ausbau problemlos méiglech. Zwar huet Kourou en subtropescht Klima, gëtt awer vun de meeschten Atlantikstierm verschount. Material a Gidder loosse sech duerch d'Küstelag einfach a séier transportéieren. Hie läit allerdéngs ganz wäit vun de Betreiwerstaaten (Frankräich, ESA) ewech.
Lëscht vun de Weltraumgaren [änneren]
Stëllgeluechte Weltraumgaren [änneren]
| Numm | Standplaz | fréiere Bedreiwer | Koordinaten |
|---|---|---|---|
| Hammaguir | Hammaguir | Centre interarmées d'essais d'engins spéciaux | 30° 52′ N, 3° 0′ W30.871-3.008 |
| Woomera Prohibited Area (WPA) (nëmme nach Startplaz fir Héichtefuerschungsrakéiten) |
Woomera, South Australia | 31° 12′ S, 136° 50′ O-31.198611111111136.825 | |
Startplazen nëmme fir ballistesch Rakéiten (Héichtefuerschungsrakéiten oder militäresch Rakéiten), kuckt Rakéitestartplaz.
Kaart vun de Weltraumgaren [änneren]
Literatur [änneren]
- Ralf Butscher: Großer Bahnhof am Äquator. In: Bild der Wissenschaft, Heft 1/2005, S. 88−93 (2005), ISSN 0006-2375
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) Index – Iwwersiicht zu de Rakéitestartplazen op der Welt bei der Encyclopedia Astronautica
Referenzen [änneren]
- ↑ New Mexico mit hohen Zielen – Artikel bei Raumfahrt24.de, vom 13. Juni 2006
- ↑ Erster europäischer Raumhafen – Artikel bei wasistwas.de, vom 18. April 2007
- ↑ ISC Kosmotras (englesch) – offiziell Websäit
- ↑ The Spaceship Company (englesch) – offiziell Websäit