Institute of Space and Astronautical Science

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Institute of Space and Astronautical Science

D'Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) ass e japanescht Institut fir Weltraumfuerschung, dat zanter 2003 Deel vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA ass. Den Haaptsëtz ass am Sagamihara Campus, 40 km westlech vun Tokyo. Weider Ariichtungen a Japan, déi och dësem Institut ugehéieren, sinn den Uchinoura Space Center (USC), den Noshiro Testing Center (NTC), de Sanriku Balloon Center (SBC) an den Usuda Deep Space Center (UDSC).

D'ISAS entwéckelt sech aus Experimenter mat Héichtefuerschungsrakéiten an den 1950er a gouf am Abrëll 1964 als Institut vun der Universitéit Tokyo gegrënnt. Zanter Abrëll 1981 gouf et als kollektiv Fuerschungsorganisatioun japanescher Universitéiten bedriwwen. Den 1. Oktober 2003 goung et zesummen mat der NASDA an der NAL an der neier Raumfaartagentur JAXA op. D'ISAS huet d'Rakéitestartplaz Kagoshima Space Center bedriwwen.

D'Stäerkt vun der ISAS ass déi enk Verbindung vun technescher Entwécklung um Gebitt vun de Rakéiten- a Satellittentechnologie mat wëssenschaftlecher Uwendunge vun der Astronomie an der Erfuerschung vum Sonnesystem. D'ISAS huet wëssenschaftlech Satellitten a Raumsonden entwéckelt, wéi z. B. ASCA.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Mu-Rakéitestarts

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Space telescopes – Biller, Videoen oder Audiodateien