National Space Development Agency

Vu Wikipedia
De japanesche Modul Kibō un der ISS

D'National Space Development Agency (kuerz NASDA, op Japanesch: 宇宙開発事業団, Uchū Kaihatsu Jigyōdan, op Lëtzebuergesch: National Raumfaartentwécklungsagentur) war eng japanesch Weltraumagentur, déi den 1. Oktober 1969 gegrënnt gouf. D'NASDA war fir d'Entwécklung, de Start an de Betrib vu Satellitte responsabel. Vun 1969-1977 war den Hideo Shima Chef vun der Agence. Hie war virdru scho fir de Shinkansen-Projet verantwortlech.

Den 1. Oktober 2003 ass d'NASDA mam Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) an dem National Aerospace Laboratory of Japan (NAL) an der neier Japan Aerospace Exploration Agency (JAXA) opgaangen.

Projeten[änneren | Quelltext änneren]

D'NASDA huet een Deel vun der japanesch-amerikanescher Missioun STS-47 finanzéiert, am Kader vun där 1992 e japaneschen Astronaut mat dem Space Shuttle an de Weltraum gestart ass.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]