Japan Aerospace Exploration Agency
D'Japan Aerospace Exploration Agency (JAXA) ass déi japanesch Raumfaartagentur. Si ass entstanen am Oktober 2003 aus hirer Virgängerorganisatioun NASDA (National Space Development Agency), dem National Aerospace Laboratory (NAL) an dem Institute of Space and Astronautical Science (ISAS).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Astronomiemissiounen
Aufgaben vun der ISAS waren astronomesch Missiounen. D'Aufgabe ginn ënnert der JAXA weider gefouert. Déi éischt erfollegräich astronomesch Missioun vu Japan war Hakucho (Corsa-B), déi am Joer 1979 gestart gouf. [1] Aktiv Missiounen: Astro-EII (Suzaku), Astro-F (Akari), Solar-C (Hinode) Geplangte Missiounen: MAXI, Astro-G, Astro-H, Sprint-A/Exceed
[änneren] Röntgenastronomie
Opbauend op déi éischt Astronomiemissioun Hakucho konnt Japan mat den Nofolgemissiounen Tenma, Ginga an Asca 20 joerelaang souzesoen onënnerbrach Röntgenobserbatioune maachen. Dës Erfolleger goufen awer duerch de Feelstart vun der Astro-E Missioun am Joer 2000 ënnerbrach. Eréischt am Juli 2005 konnt JAXA mat der Astro-E2-Missioun (Suzaku) déi erfollegräich Aarbecht fortsetzen.
Déi japanesch Röntgenastronomie fënnt hir Fortsetzung duerch MAXI, enger externen Kamera fir eng komplett Himmelsoftaschtung. MAXI gouf 2009 un d'ISS ugehangen. Déi eigentlech Nofollegemissioun fir Suzaku Astro-H soll am Summer 2013 gestart ginn.
[änneren] Infraroutastronomie
Dat éischt japanescht Weltraumteleskop fir den infraroude Beräich, war am Joer 1995 gestart ginn. Et war eng Missioun vun engem Mount mam IRTS a war en Deel vum SFU-1-Satellit. Den IRTS huet ongeféier siewe Prozent vum Himmel gescannt. Am Februar 2006 huet JAXA schliesslech d'Astro-F-Missioun, mat engem 69-cm-Infraroutteleskop gestart. Een Zil vun der JAXA ass et, de mechanesche Kühler souwäit fortzuentwéckelen, datt een op d'Mathuelen vu flëssegem Helium verzichte kann. [1]
[änneren] Sonnenobservatioun
Am September 2006 gouf vu Kagoshima d'Hinode-Missioun (Solar-B) als Nofolleg vum Yohkoh-Satellit (Solar-A) gestart.
[änneren] Space VLBI
1997 starte d'ISAS mat Halca eng Radioastronomiemissioun fir VLBI-Observatiounen. Dës Missioun huet offiziell am Joer 2005 opgehalen. Nofolgerin ass mam Astro-G-Teleskop fir d'Joer 2012 geplangt.
[änneren] Äerdobservatioun
Eng weider Aufgab vum JAXA ass d'Äerdobservatioun. Dës betrëfft déi direkt Observatioun vun der Äerdsurface, besonnesch bei Naturkatastrophe, an anerersäits zu Observatioun vum Klima.
Déi éischt japanesch !aerdobservatiounssatellite waren MOS-1a (Marine Observation Satellite, och Momo-1a)MOS-1a gouf den 16. Februar 1987 gestart, MOS-1b (Start 7. Februar 1990). JERS-1 (Japanese Earth Resources Satellite, och Fuyo) ass den 11. Februar 1992 an de Raum geschoss ginn.
Am Februar 2006 hunn d'Japaner den ALOS-Äerdobservatiounsmissioun (Advanced Land Observing Satellit, och: Daichi genannt, gestart).
D'JAXA ass Member vun der Internationaler Charta fir Weltraum a Naturkatastrophen.
[änneren] Aner JAXA-Missiounen
- DRTS (Kodama): Data Relay Satellit zënter 2002
- EXOS-D (Akebono): Aurora-Observatioun zënter 1989
- Geotail: Observatioun vun der Magnetosphär zënter 1992
[änneren] Interplanetar Missioune
Déi éischt japanesch Raumsonde waren Sakigake an Suisei, déi 1985 zum Koméit Halley geflunn sinn. Déi experimentell Technologiemissioun Hiten (Muses-A) war vun 1990 bis 1993 um Äerdmound aktiv. Fir d’Duerchféierung vun interplanetare Missiounen steet der JAXA ee 64-Meter-Teleskop zu Useda zur Verfügung. Weider geplangte interplanetar Missioune sinn die d’Venus-Sond Akatsuki an a Kooperatioun mat der ESA d’Merkur-Sond BepiColombo.
[änneren] Hayabusa
Déi am Mee 2003 gestarten Asteroidenmissioun Hayabusa (Muses-C) konnt hirt Zil, den Asteroid (25143) Itokawa, am September 2005 erreechen an och wëssenschaftlech ënnersichen. Haptzil vun der Missioun war, Stëbsdeelercher vun der Uewerfläch ze sammelen an zeréck op d’Äerd ze bréngen. Den 13. Juni 2010 ass den Hayabusa nees an d’Äerdatmosphär agetrueden. D’Kapsel mam Stëbs ass plangméisseg a Südaustralien geland, an de Stëbs gouf uschléissend ënnersicht an analyséiert.[2] Am November 2010 gouf d’Resultat vun den Ënnersich bekannt gemaach.[3]
[änneren] Moundmissioune
Am September 2007 gouf de Moundorbiter Kaguya gestart. Hien huet den Äerdmound bis den 11. Juli 2009 ëmflunn, ass awer wéinst Dreifstoffmangel zum Ofstuerz bruecht ginn.
[änneren] Kommunikatiounstechnologie
[änneren] OICETS
Am August 2005 startet Japan mat Hëllef vun enger russescher Dnepr-Trägerrakete vu Baikonur aus d’Kirari-Testmissioun fir den Opbau vun optesche Links tëschent Satellite. Dëse Link mat der ESA-Sond Artemis konnt am Dezember 2005 hirgestallt ginn.[4]
[änneren] ETS-VIII a WINDS
D’JAXA huet am Dezember 2006 d’ETS-VIII-Missioun gestart. D’Aufgab vum ETS-VIII ass et,, mobil Kommunikatioun mat engem GEO-Satellit ze erméiglechen.
[änneren] Iwwersiicht vun aktive Missioune
| 1989 | Akebono | Auroraobservatioun |
| 1992 | GEOTAIL | Magnetosphärobservatioun zesummen mat der NASA |
| 2002 | Kodama | Kommunikatiounssatellit |
| 2003 | Hayabusa | Buedemprouwen vun engem Asteroid |
| 2005 | Suzaku | Röntgensatellit zesummen mat der NASA |
| 2005 | Reimei | Technologietest an Auroraobservatioun |
| 2005 | Kirari | Technologieertestssatellit |
| 2006 | Daichi | Äerdobservatioun |
| 2006 | Akari | Infraroutobservatioun |
| 2006 | Hinode | Sonnenobservatioun zesummen mat der NASA an dem BNSC |
| 2006 | Kiku 8 | Testsatellit fir Kommunikatiounstechnologie, dee schwéierste Satellit vu Japan |
| 2007 | Kaguya | Moundorbiter |
| 2010 | IKAROS | experimentell Raumsond |
| 2010 | Akatsuki | Venus-Orbiter |
[änneren] Um Spaweck
- (en) JAXA Homepage
- "JAXA Channel" Official YouTube channel
- International Space Station (ISS) and "Kibo" Information center
- raumfahrer.net: Die neue japanische Raumfahrtagentur JAXA
- raumfahrer.net: Interview mit JAXA-Chef Keiji Tachikawa (2007)
[änneren] Quellen
- ↑ JAXA: Infrared astronomical satellites unveil the history of the universe (englesch)
- ↑ http://hayabusa.jaxa.jp/e/index.html
- ↑ Identification of origin of particles brought back by Hayabusa - Pressemitteilung der JAXA vom 16. November 2010 (engl.)
- ↑ JAXA: Optical Inter-orbit Communications Engineering Test Satellite (englesch)