2010
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010 | 2011 | 2012 | 2013 | 2014| 2015
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2010.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 10. Januar: Den Ivo Josipović gëtt zum President vu Kroatien gewielt; en trëtt säin Amt den 18. Februar un.
- 7. Februar: Den 2. Tour vun de Presidentschaftswalen an der Ukrain gëtt vum Viktor Janukowytsch gewonnen, hien trëtt säin Amt de 25. Februar un.
- 10. Februar: Déi nei Europäesch Kommissioun ënnert dem President José Manuel Barroso trëtt hiert Amt un.
- 26.-28. Februar: De Stuerm Xynthia fuerdert 65 Doudesaffer a Westeuropa, dovunner 53 a Frankräich.
- 11. Mäerz: Den Mykola Asarow gëtt Premierminister an der Ukrain.
- 10. Abrëll: De Fliger vun enger polnescher Delegatioun, um Wee op déi siwwenzegjäreg Erënnerungsfeier vum Massaker vu Katyn, fält beim Landen zu Smolensk erof. Et gëtt 96 Doudeger, dorënner de polnesche President Lech Kaczyński, polnesch Deputéiert, e puer héich Offizéier a Familljemembere vun Affer vum Massaker.
- 12. a 25. Abrëll: D'Parlamentswalen an Ungarn gi mat 67,9% vun de Stëmme vun der rietskonservativer Fidesz-Partei mam Viktor Orbán gewonnen. Hie gëtt den 29. Mee zum Premier ernannt.
- 15. Abrëll: D'Eruptioun vum Vulkan ënner dem Eyjafjallajökull op Island leet fir e puer Deeg de komplette Fluchverkéier iwwer Nordwesteuropa brooch. Och an de Wochen dono kënnt et ëmmer nees zu punktuelle Späre vum Loftraum.
- 18. Abrëll: Bei de Presidentschaftswalen an der Tierkescher Republik Nordzypern setzt sech den nationalkonservative Ministerpresident Derviş Eroğlu géint de President am Amt, Mehmet Ali Talât, duerch.
- 25. Abrëll: Den Heinz Fischer gëtt bei den éisträichesche Bundespresidentschaftswalen mat 80% a sengem Amt confirméiert.
- 6. Mee: Bei de Parlamentswalen a Groussbritannien kritt d'Konservativ Partei ënner dem David Cameron déi meeschte Sëtzer, mä net genuch, fir d'Majoritéit ze hunn. Hie gëtt den 11. Mee zum Premierminister vun enger Koalitiounsregierung mat de Liberal Democrats ernannt.
- 28. an 29. Mee: Bei Parlamentswalen an der Tschechescher Republik verléieren déi konservativ ODS an d'sozialdemokratesch CSSD staark zu Gonschte vun zwou neigegrënnte Parteien, der TOP 09 an der VV. De Petr Nečas gëtt Premierminister.
- 9. Juni: Virgezunne Parlamentswalen an Holland, nodeems d'Regierung ënner dem Jan Peter Balkenende den 20. Februar am Sträit iwwer e Réckzuch vun hollänneschen Zaldoten aus Afghanistan zréckgetruede war. Stäerkst Parteie ginn déi liberal VVD (31 Sëtz) d'sozialdemokratesch PvdA (30 Sëtz) an déi rietspopulistesch Partij van de Vrijheid (PVV) mat 24 Sëtz.
- 13. Juni: Virgezunne Wale fir d'nationaalt Parlament vun der Belsch; a Flandern gëtt déi separatistesch N-VA mat iwwer 30% vun de Stëmmen (27 Sëtzer vun am Ganzen 150) déi stäerkst Partei, a Wallounien, mat och iwwer 30%, d'Sozialistesch Partei. Et sollt bis de 5. Dezember 2011 dauren, bis eng nei Regierung zustane koum - ouni d'NVA.
- 18. Juni: De finnesche Premierminister Matti Vanhanen trëtt zréck, Nofolgerin gëtt d'Mari Kiviniemi.
- 29. Juni: De Pál Schmitt gëtt zum President vun Ungarn gewielt. Hien trëtt säin Amt de 5. August un.
- 30. Juni: Lëtzebuerg - D'Parzeläinsfabréck Villeroy & Boch am Rollengergronn mécht no 242 Joer hir Dieren definitiv zou.
- 30. Juni: De Christian Wulff gëtt zum neien däitsche Bundespresident gewielt, nodeems den Horst Köhler den 31. Mee zréckgetruede war.
- 4. Juli: Beim 2. Tour vun de Presidentewalen a Polen gewënnt de Bronislaw Komorowski géint de Jaroslaw Kaczynski.
- 8. Juli: D'Iveta Radičová (SDKÚ-DS) gëtt Premièreministesch an der Slowakei, nodeems den 12. Juni bei de Parlamentswalen d'sozialdemokratesch SMER vum amtéierende Ministerpresident Robert Fico zwar déi stäerkste Partei gi war, d'Regierungskoalitioun awer hir Parlamentsmajoritéit verluer hat.
- 19. September: No de Parlamentswalen a Schweden bleift dem Premierminister Fredrik Reinfeldt seng Mëtt-riets-Koalitioun bestoen, huet awer keng Maloriéit am Parlament.
- 2. Oktober: D'Koalitiounsparteie vum lettesche Premier Valdis Dombrovskis senger Regierung gi bei de Parlamentswalen däitlech confirméiert, trotz oder wéinst den Austeritéitsmesuren, déi se huet missen an de Méint virdrun wéinst der Finanz- a Wirtschaftskris huelen.
- 14. Oktober: Dem Mark Rutte seng Minoritéitsregierung vu VVD an CDA gëtt vereedegt; si ass am Parlament op d'Stëmme vum Geert Wilders senger PVV ugewisen.
- 28. November: Bei virgezunnene Parlamentswale a Moldawien gëtt déi pro-europäesch Regierungsallianz confirméiert.
Afrika [änneren]
- 4. Mäerz: De Faure Gnassingbé gëtt zum President vun Togo erëmgewielt.
- 5. Mee: Bei de Parlamentswalen op Mauritius gewënnt eng Koalitioun ënner der Aarbechterpartei; den Navin Ramgoolam bleift Premierminister.
- 6. Mee: De Goodluck Jonathan gëtt zum Staatspresident vun Nigeria ernannt.
- 23. Mee: Parlamentswalen an Ethiopien. Dem Premierminster Meles Zenawi seng Partei EPRDF kritt déi meeschte Stëmmen.
- 24. Mee: An Trinidad an Tobago gewënnt den United National Congress d'Parlamentswalen; d'Kamla Persad-Bissessar gëtt Première-Ministesch.
- 9. August: De Paul Kagame gëtt zum President vu Ruanda erëmgewielt.
- 28. November: Bei de Presidentschaftswalen an der Côte d'Ivoire gewënnt den Alassane Ouattara, den amtéierende President Laurent Gbagbo refuséiert, zréckzetrieden; et kënnt zu engem méintelaange Biergerkrich, ier de Gbagbo den 11. Abrëll 2011 gefaange geholl gouf.
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 20. Abrëll: Duerch eng Explosioun op der Pëtrol-Buerplattform Deepwater Horizon, bei där 11 Leit ëm d'Liewe kommen, lafe bis de 4. August, wou d'Lach definitiv gestoppt gëtt, am Ganze 5 Millioune Barril Pëtrol an de Golf vu Mexiko.
Mëttel- a Südamerika [änneren]
- 12. Januar: En Äerdbiewe vun der Stäerkt 7 an Haiti, no bei der Haaptstad Port-au-Prince, mécht iwwer 212.000, wahrscheinlech bis zu 300.000 Doudesaffer a grad esouvill Blesséierter.
- 17. Januar: Beim 2. Tour vun de Presidentschaftswalen an Chile gewënnt de Sebastián Piñera. Hien trëtt säin Amt den 11. Mäerz un.
- 7. Februar: D'Laura Chinchilla gewënnt d'Presidentschaftswalen a Costa Rica; si trëtt hiert Amt den 8. Mee un.
- 27. Februar: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 8,8 Mw bei der chilenscher Stad Concepción kommen iwwer 700 Leit ëm d'Liewen.
- 22. Mee: D' Dominikanesch Befreiungspartei (Partido de la Liberación Dominicana) vum President Leonel Fernández gewënnt d'Parlamentswalen an der Dominikanescher Republik.
- 20. Juni: A Kolumbien gewënnt de Juan Manuel Santos d'Wale fir de Staatspresident.
- 25. Oktober: Nom Doud vum Premierminister op Barbados, dem David Thompson, gëtt de Freundel Stuart säin Nofolger.
- 31. Oktober : D'Dilma Rousseff gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen a Brasilien.
Asien [änneren]
- 27. Januar: Bei de Presidentschaftswalen op Sri Lanka gëtt de Mahinda Rajapakse erëmgewielt.
- 7. Abrëll: Kirgisistan: No Protester mat iwwer 50 Doudegen a groussen Zerstéierungen an der Haaptstad flücht de President Kurmanbek Bakijev, d'Oppositioun iwwerhëlt d'Muecht.
- 14. Abrëll: Bei engem Äerdbiewen an der Provënz Qinghai am Nordweste vun der Volleksrepublik China kommen iwwer 2.000 Mënschen ëm d'Liewen, méi wéi 12.000 ginn der blesséiert, dovunner 1.394 schwéier.
- 10. Mee: Parlaments- a Presidentschaftswalen op de Philippinen; de Benigno Aquino III. gëtt zum neie President gewielt.
- 4. Juni: Nom Récktrëtt vum Yukio Hatoyama gëtt den Naoto Kan neie japanesche Ministerpresident.
- Am Biergerkrich a Kirgisistan kommen iwwer 2000 Leit ëm d'Liewen.
- August: Schro Iwwerschwemmungen no Monsunreen am Indus-Baseng a u Pakistan: Iwwer 2000 Leit stierwen, Millioune verléieren hiert Doheem.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
- 24. Juni: D'Julia Gillard gëtt nei Premièreministesch an Australien.
- 29. September: De Maatia Toafa gëtt Premierminister vun Tuvalu.
Arabesch Welt [änneren]
Economie [änneren]
- 8. Mee: D'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun decidéiere mam Internationale Währungsfonds e Rettungspak vu 750 Milliarden Euro, fir eng eventuell Staatsfaillite an der Euro-Zon ze verhënneren.
Konscht & Kultur [änneren]
- 1. Januar - 31. Dezember: Essen (mat der Ruhr) a Pécs sinn Europäesch Kulturhaaptstied.
- Abrëll bis Oktober: Expo 2010 zu Shanghai.
- 16. November: D'UNESCO hëlt d'Iechternacher Sprangprëssessioun op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder op.
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
- Servais-Präis fir der Tania Naskandy hiert Sibiresch Eisebunn.
- 1. Präis am Nationale Literaturconcours fir der Elise Schmit hire Roman Brachland.
Musek [änneren]
- 25. Mee–29. Mee: D'Lena Meyer-Landrut gewënnt mam Lidd Satellite de 55. Eurovision Song Contest zu Oslo.
Film [änneren]
- Un prophète vum Jacques Audiard gewënnt den César fir de beschte Film.
- The Hurt Locker vun der Kathryn Bigelow gewënnt den Oscar fir de beschte Film.
- Lung Boonmee raluek chat vum thailännesche Regisseur Apichatpong Weerasethakul gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes.
Lëtzebuerg [änneren]
- Trouble no more vum Andy Bausch.
- Hamilius vum Alain Tshinza.
- Emil vum Marc Thoma.
- Mir wëllen net bleiwen vum Pascal Becker a Yann Tonnar
- Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher vum Andy Bausch.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
D'Entdeckung vun enger neier Hominiden-Spezies, Australopithecus sediba genannt, gëtt bekannt gemaach.
- 15. Oktober: Duerchbroch beim Gotthard-Basistunnel an der Schwäiz, deem längsten Tunnel vun der Welt.
Sport [änneren]
- Olympesch Wanterspiller 2010 zu Vancouver.
- 3. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Aserbaidschan. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[1]
- 4. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Hesper 0:0 géint Färoer Inselen.[2]
- D'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010 a Südafrika gëtt vun der spuenescher Nationalequipp gewonnen (1:0 n.V. géint déi hollännesch).
- Den Alberto Contador gewënnt den Tour de France 2010; den Andy Schleck gëtt Zweeten; 2012 gëtt de Contador fir disqualifizéiert erkläert an domatter kritt de Schleck déi éischte Plaz.
- 11. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Llanelli 1:5 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Kim Kintziger geschoss.[3]
- 3. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:3 géint Bosnien-Herzegowina.[4]
- 7. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Tirana, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:1 géint Albanien.[5]
- 8. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:0 géint Wäissrussland.[6]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Metz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.[7]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Algerien.[8]
- D'Liz May an den Andy Schleck gi Lëtzebuergesch Sportler vum Joer.
Gebuer [änneren]
Gestuerwen [änneren]
- 3. Januar: Tibet, franséische Comicauteur an -zeechner.
- 7. Januar: Philippe Séguin, franséische Politiker.
- 11. Januar: Éric Rohmer, franséischen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
- 14. Januar: Bobby Charles, US-amerikanesche Sänger a Komponist.
- 18. Januar: Ursula Kübler, Schwäizer Schauspillerin an Dänzerin.
- 22. Januar: Iskandar vu Johor, malaysesche Kinnek.
- 22. Januar: Jean Simmons, britesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. Januar: Roger Pierre, franséische Schauspiller.
- 25. Januar: Alfred Lamesch, lëtzebuergesche Chirurg.
- 27. Januar: J. D. Salinger, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 27. Januar: Howard Zinn, US-amerikaneschen Historiker a Politolog.
- 1. Februar: Steingrímur Hermannsson, islännesche Politiker.
- 2. Februar: Pierre Pescatore, lëtzebuergesche Jurist a Magistrat.
- 3. Februar: Georges Wilson, franséische Schauspiller a Régisseur.
- 9. Februar: Walter Frederick Morrison, US-amerikaneschen Erfinder (Frisbee).
- 24. Februar: Armand Blau, lëtzebuergeschen Hotelier an Auteur.
- 8. Mäerz: Guy Lapébie, franséische Vëlossportler.
- 13. Mäerz: Jean Ferrat, franséische Sänger a Museker.
- 27. Mäerz: Gaston Schaber, lëtzebuergesche Psycholog.
- 28. Mäerz: June Havoc, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 4. Abrëll: Robert Angel, lëtzebuergesche Politiker a Kardiolog.
- 8. Abrëll: Raymond Linden, lëtzebuergeschen Historiker.
- 10. Abrëll: Lech Kaczyński, polnesche Politiker a Staatspresident.
- 12. Abrëll: Werner Schroeter, däitsche Filmregisseur, Theaterregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Abrëll: Vic Nurenberg, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. Abrëll: Robert Schaack, lëtzebuergeschen Auteur a Member vum Staatsrot.
- 27. Abrëll: Jos Weirich, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 5. Mee: Umaru Yar'Adua, President vun Nigeria.
- 14. Mee: Prosper Schroeder, lëtzebuergesche Wëssenschaftler.
- 17. Mee: Bobbejaan Schoepen, belsche Sänger, Entertainer, Komponist, Geschäftsmann.
- 24. Mee: Anneliese Rothenberger, däitsch Operesängerin.
- 29. Mee: Dennis Hopper, US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 1. Juni: Roger Manderscheid, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 6. Juni: Paul Wunderlich, däitsche Moler a Graphiker.
- 11. Juni: Alain Frast, lëtzebuergesche Politiker a Journalist.
- 18. Juni: José Saramago, portugisesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 19. Juni: Ursula Thiess, däitsch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 26. Juni: Algirdas Brazauskas, litauesche Politiker.
- 28. Juni: Nicolas Hayek, Schwäizer Entreprener.
- 2. Juli: Laurent Terzieff, franséischen Acteur a Cinéaste.
- 3. Juli: Maria-C. Haller, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 13. Juli: Marianne Hubert, lëtzebuergesch Theologin.
- 17. Juli: Bernard Giraudeau, franséische Schauspiller an Auteur.
- 26. Juli: Maxime Steinberg, belschen Historiker.
- 30. Juli: Georges Erasme Muller, lëtzebuergeschen Neurolog an Auteur.
- 3. August: Jean-Pierre Koepp, lëtzebuergesche Politiker.
- 6. August: Tony Judt, briteschen Historiker.
- 11. August: Lull Gillen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. August: Francesco Cossiga, italienesche Politiker.
- 30. August: Alain Corneau, franséische Filmregisseur.
- 31. August: Laurent Fignon, franséische Vëlossportler.
- 1. September: Jean Nelissen, hollännesche Sportsjournalist.
- 7. September: Clive Donner, britesche Filmregisseur.
- 12. September: Claude Chabrol, franséische Filmregisseur.
- 15. September: Jean Thill, lëtzebuergesche Jurist an Auteur.
- 18. September: Egon Klepsch, däitsche Politiker.
- 22. September: Liliane Welch, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 24. September: Oswalt Kolle, däitsche Journalist, Auteur a Filmproduzent.
- 28. September: Arthur Penn, US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent.
- 29. September: Tony Curtis, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. September: Georges Charpak, franséische Physiker.
- 5. Oktober: Bernard Clavel, franséische Schrëftsteller.
- 8. Oktober: John Huchra, US-amerikaneschen Astronom.
- 10. Oktober: Solomon Burke, US-amerikanesche Museker.
- 10. Oktober: Joan Sutherland, australesch Sopranistin.
- 14. Oktober: Benoît Mandelbrot, franséisch-US-amerikanesche Mathematiker.
- 20. Oktober: Max Kohnstamm, hollännesche Historiker a Diplomat.
- 20. Oktober: Faruk Ahmad Khan Leghari, pakistanesche Staatspresident.
- 23. Oktober: David Thompson, Politiker vu Barbados.
- 27. Oktober: Néstor Kirchner, argentinesche Politiker, Staatspresident.
- 28. Oktober: Jängy Schmit, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 29. Oktober: Fernand Barnich, lëtzebuergeschen Auteur.
- 30. Oktober: Harry Mulisch, hollännesche Schrëftsteller.
- 3. November: Wiktor Tschernomyrdin, russesche Politiker.
- 5. November: Jill Clayburgh, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 7. November: Jules Kauffmann, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker. Buergermeeschter zu Keel.
- 18. November: Brian Marsden, briteschen Astronom.
- 22. November: Gusty Back, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. November: Johny Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 27. November: Irvin Kershner, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 28. November: Leslie Nielsen, kanadesche Schauspiller.
- 29. November: Peter Hofmann, däitschen Operesänger.
- 29. November: Mario Monicelli, italienesche Filmregisseur.
- 30. November: Jeng Kirchen, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 30. November: Thuur Luxembourg, hollänneschen Auteur vu Fues-Schlager.
- 1. Dezember: Adriaan Blaauw, hollänneschen Astronom.
- 10. Dezember: John B. Fenn, US-amerikanesche Chemiker.
- 15. Dezember: Blake Edwards, US-amerikanesche Dréibuchauteur a Regisseur.
- 17. Dezember: Captain Beefheart, US-amerikanesche Museker, Sänger a Moler.
- 20. Dezember: Katharina Szelinski-Singer, däitsch Sculpteuse.
- 22. Dezember: Gab Delleré, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Dezember: Angèle Mirkes, lëtzebuergesch Sängerin a Schauspillerin.
- 31. Dezember:Raymond Impanis, belsche Vëlossportler.
---
| Commons: 2010 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Aserbaidschan den 3. Mäerz 2010 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Färoer Inselen de 4. Juni 2010 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wales-Lëtzebuerg den 11. August 2010 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 3. September 2010 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Albanien-Lëtzebuerg de 7. September 2010 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland den 8. Oktober 2010 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 12. Oktober 2010 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Algerien de 17. November 2010 um Site European Football