Alain Frast

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Alain Frast, gebuer den 30. September 1964 an der Stad a gestuerwen den 11. Juni 2010 [1] zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker. Hie war zu Lescht Fraktiounssekretär a Presseattaché vun der adr.

Bekannt gouf en als Journalist beim RTL a spéider als Redakter beim DNR.

Säi Liewen [änneren]

Den Alain Frast huet sech schonn als jonke Mënsch fir d'Politik interesséiert an ass fréi Member an der CSJ ginn. Am Joer 2007 ass en dunn nees aktiv an d'Politik zréck komm an huet sech an der adr engagéiert. Do war e Presseattaché a Fraktiounsspriecher.

Fir d'Chamberwale vum 7. Juni 2009 war hien de Koordinater vun der ganzer Walcampagne fir seng Partei, wou en och selwer als Kandidat ugetrueden ass. Mat 5.431 Stëmmen koum hien op déi sechst Plaz an huet esou de Sprong an d'Chamber just net gepackt, nodeems de Fernand Kartheiser fir d'Tania Gybérien nogerëtscht war.

Am Mäerz 2010 gouf hien um Kongress vum Südbezierk zum Bezierkspresident gewielt, wouduerch hien och Member vum Nationalvirstand an dem Exekutivcomité vun der adr war.

Den Alain Frast huet offen zu senger Homosexualitéit gestanen an op deem Gebitt vill fir de Kampf ëm méi Rechter fir gläichgeschlechtlech Koppelen gemaach.

Den 11. Juni 2010 ass en un de Follege vu Longekriibs, deen dräi Méint virdrun eréischt diagnostizéiert gouf, zu Esch-Uelzecht gestuerwen. Säi Krankheetsverlaf huet hien op senger Websäit dokumentéiert.

Um Spaweck [änneren]


Referenzen [änneren]