Homosexualitéit
Homosexualitéit (och nach Homophilie) bezeechent eng sexuell Orientéierung, Romantik a sexuell Begier, empfonnt vum selwechte Geschlecht. Homosexuell Frae gi Lesben, homosexuell Männer Lénkser oder Schwuler genannt. D'Adjektiv homosexuell gëtt och fir sexuell Handlunge vu Mënsche vum selwechte Geschlecht gebraucht, déi net schwul oder lesbesch sinn (Bisexualitéit).
Inhaltsverzeechnes |
De Begrëff Homosexualitéit [änneren]
De Begrëff Homosexualitéit ass eng hybrid Wuertneibildung aus dem 19. Joerhonnert, geprägt vum Schrëftsteller Karl Maria Kertbeny aus dem griich. ὅμοιος (homoios) = gläich, gläichaarteg + lat. sexus = dat männlecht an dat weiblecht Geschlecht.
Heefegkeet vun Homosexualitéit [änneren]
Schätzungen iwwert d'Heefegkeet vun der Homosexualitéit variéiere staark, an och ënnerschiddlech Definitioune vun Homosexualitéit maachen d'Auswäertung an d'Analys vun de Schätzungen ëmmer méi komplizéiert. Bei Ëmfroe stinn 1 – 10% dozou, datt se schwul oder lesbesch sinn. Et ass awer wéinst dem Verheemleche vun der Homosexualitéit an de soziale Schwiergkeete beim Coming out éischter dovun auszegoen, datt déi Statistiken no ënnen an net no uewe gefälscht sinn. De Kinsey-Report huet 1948 tëschen 90 a 95 Prozent vun der Bevëlkerung als bis zu engem gewëssene Grad bisexuell agestuft. Ee groussen Deel vun der Homosexualitéit hänkt awer vu gesellschaftlechen a kulturelle Kaderbedingungen of. Aus enger Etude vun 1970 vum Hamburger Institut für Sexualforschung geet ervir, datt all Fënnefte vun de 16- a 17-järege Jongen ugëtt, gläichgeschlechtlech sexuell Erfarunge gemaach ze hunn. 20 Joer méi spéit waren et der just nach 2%. Datt dës Ausso just ee geréngen Aussowäert huet, weist eng Bravo-Ëmfro vun 1997, déi erginn huet, datt 25% vun all de Jongen tëscht 14 a 17 Joer schwul Erfarunge gemaach hunn. 2 Prozent hunn uginn, datt se schwul sinn, an 68%, datt se näischt géint Schwuler hunn.
Schattéierungen tëschen Hetero an Homo [änneren]
D'Homosexualitéit war an ass zum Deel a ville Kulturen en Tabuthema.
Eng vu ville Sexologen, ënnert anerem och vum Siegmund Freud vertrueden Theorie seet, datt et bei praktesch all Mënsch verschidde Graduatiounen tëschent Hetero- an Homosexualitéit gëtt. Dëst gëtt mam Begrëff "Bisexualitéit" ëmschriwwen. De Freud huet an deem Kontext vun der „ugebuerener Bisexualitéit“ vum Mënsch geschwat. Eng ganz Fixéierung op ee Geschlecht huet hien als „Aschränkung vun der Objetswiel“ bezeechent. Psychoanalysen hunn erginn, datt sougenannten „Normaler“ als Heterosexueller awer eng grouss onbewossten Homosexualitéit kënnen a sech hunn.
Vocabulaire [änneren]
Op Lëtzebuergesch gëtt fir e homosexuelle Mann entweder "e Schwulen" oder "e Lénkse" gesot, mee et gëtt keng Fuerschung, déi weist watfir e Wuert vu wiem benotzt gëtt. Eng homosexuell Fra bezeechent sech als "Lesb". Dat Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch gëtt bei "Lesbe" d'Wuert "Lesbienne" un.
Coming Out [änneren]
De "Coming Out" ass den Evenement, wou eng Persoun aner Leit matdeelt, datt hien oder hatt homosexuell oder bisexuell ass. Dës gëtt och nach als "sech outen" bezeechent. De Coming Out ass keen einfache Prozess, well Leit Angscht hunn, z. B. net acceptéiert ze ginn.
Homosexualitéit zu Lëtzebuerg [änneren]
Obwuel et zu Lëtzebuerg eng kleng Schwulen- a Lesben-Communautéit gëtt, ass d'ëffentlech Unerkennung vu gläichgeschlechtlecher Léift wäit ënnert dem Niveau vun den Nopeschlänner. D'Positioun vun der Regierung ass geprägt duerch d'chrëschtlecht Welt- a Familljebild vun der CSV. Der EOS Gallup 2003 Ëmfro no géif dat Weltbild awer net der Stëmmung an der Bevëlkerung entspriechen, där hir positiv Astellung vis-à-vis vun Homosexueller iwwert dem europäeschen Niveau leie géif.
Eemol am Joer organiséiert Rosa Lëtzebuerg A.S.B.L. ee Schwulen- a Lesbefest op der Plëss d'Arem an der Stad Lëtzebuerg. Dësen Event mam Numm Gay Mat gouf 1999 fir d'éischt organiséiert. 2007 goung dëst Fest an der 9. Editioun fir d'éischt an engem Cortège bei der Kathedral Notre Dame de Luxembourg fort.
Um Spaweck [änneren]
- Berodungsplaz fir Schwuler, Lesben an Heteroen, déi sech informéiere wëllen zu Lëtzebuerg
- Informatiounen zu bal alle relevanten Themen
- Gréisst online Schwulegemeinschaft
- Lëtzebuergesch Homosexuellenorganisatioun Rosa Lëtzebuerg
- Homosexuellen IRC-kanal op luxusbuerg.lu
- EOS Gallup Europe-Ëmfro
- Partenariatsgesetz
|
|||
|
Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter |
| Commons: LGBT – Biller, Videoen oder Audiodateien |