Transgender

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Transgender (iwwergräifend Geschlecht/Sexualitéit) ass e Sammelbegrëff fir transsexuell an intersexuell Mënschen. Fréier goufe se mat Begrëffer wéi Chimär, Zwitter, Invertéiert an Hermaphrodit oder och nach als „drëtt Geschlecht“ bezeechent. Déi offiziell Bezeechnung dofir ass haut Transsexualitéit an Intersexualitéit. Zanter 2005 gebraucht d'Medezin an d'medezinesch-biogenetesch Fuerschung fir de Begrëff Intersexualitéit och d'Ofkierzung DSD (disorders of sex development). Ëmgangssproochlech gëtt et am Lëtzebuergesche keng eege Bezeechnungen. Am Englesch-amerikanesche gëtt et nach: shemale, sheboy, heshe, ladyboy… . Aus dem Däitschen: Transen, Transfrauen, Transmänner … Aus dem Franséischen: transes

Donieft gëtt et nach de Begrëff Androgynitéit: dat ass en eeleren an haut nach heiansdo gebrauchten, ëmgangsproochlechen Ausdrock fir Mënschen ze beschreiwen, déi sech ganz bewosst net prezis engem Geschlecht entspriechend oder hirem physesche Geschlecht entspriechend behuelen, oder anere Mënschen sou virkommen. Bei sou Leit kann et sech ëm Transsexueller oder ëm Intersexueller handelen.

Geschichtlechen Aspekt[änneren | Quelltext änneren]

Zanter jeehier ëmfaasst den Ëmgank mat Transgendere weltwäit sämtlech Aspekter vun der gëttlecher Veréierung iwwer d'sozial Erniddregung, d'Ausgrenzung, d'Versklavung bis hin zou der Ermuerdung an der ideologesch bedéngter Ausrottung.

Obwuel d'Kierch an och d'Institutioune vun anere Weltreliounen d'Méigeschlechtlechkeet ( Trans- an Intersexualitéit) an d'Homosexualitéit entweder als Mëssbildung oder Anormalitéit am pejorative Sënn, a jee no doktrinärer Siicht als Strof vum Herrgott duergestallt hunn an nach duerstellen, ass d'Opfaassung, datt et net nëmmen zwee Geschlechter gëtt, méi al wéi dem Moses a dem Mohammed seng Gesetzer a geet bis wäit an d'Zäiten vun de naturorientéierte politheistesche Reliounen zréck.

D'Shiva ass eng Hindu-Gottheet, déi dacks als Ardhanarisvara mat enger dualer, rietssäiteg männlecher a lénkssäsiteg weiblecher Physis duergestallt gëtt. Dës Skulptur staamt aus den Elephanta Caves bei Mumbai.

A verschidde Géigenden queesch duerch d'Welt goufen d'Hermaphroditen ë. a. als besonnesch Mënschen ugesinn, déi duerch hir Zweegeschlechtlechkeet den a-geschlechtlechen Divinitéite méi no wieren. An der Regioun vum Altaiplateau net wäit vu Sibirien ewech, an der Polarregioun a bei den ur-amerikanesche Stämm goufen si als Schamane geéiert a kruten eng besonnesch gesellschaftlech Stellung. An Afrika, mat Ausnam vun den alen Egypter, ware se ni besonnesch toleréiert a goufen normalerweis aus dem Stamm ausgestouss. Bei de Kelten goufen se méi oder wéineger a Rou gelooss, hunn awer net däerfen u Schluechten deelhuelen. Vu verschidde Barden gëtt erzielt, datt si eventuel Transsexueller gewiescht wieren. An der Antikitéit war d'Homosexualitéit an d'Transsexualitéit e kulturelle Bestandeel vun de meeschte grousse mediterrane Kulturen, sou bei de Griichen, Etrusker, Réimer. Am Mëttelalter si se an Europa während dem Hexewahn verfollegt ginn, goufen aus der Gesellschaft verjot, doutgeschloen, erhaang oder als Däiwelswiesen, Dämonen oder Hexe verbrannt. An der Prostitutioun waren se an der ganzer Welt nieft de Fraen a Männer zanter jeehier déi „drëtt Méiglechkeet“.

An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert sinn d'Transsexuell an d'Hermaphroditen an Europa ënner anerem vun enger Parti Medeziner schlëmm gebeidelt ginn. Fotoe vun hire Genitalien an hirem ganze Kierper goufen ëffentlech an an de Schoulen ausgehaangen. A verschidde Stied si Lëschte mat hiren Nimm an Adressen zirkuléiert. Eréischt zanter de spéiden 1960er Joren, duerch d'Hyppiebewegung, duerch d'Opkomme vum "gréngen Denken" an am Laf vun der lueser Akzeptanz vis-à-vis vun den Homosexuellen sinn d'Transgenderen och méi a Rou gelooss ginn. Haut ass souwuel d'Homosexualitéit wéi och d'Trans- an Intersexualitéit e Mënscherecht.

Geschlechtsidentitéit[änneren | Quelltext änneren]

Physesch:

Déi bannenzeg Geschlechtsorganer an déi baussenzeg Genitalien ginn duerch biologesch Faktore bestëmmt: chromosomal a gonadal. Bei der chromosomaler Geschlechtsbestëmmung (geschitt scho bei der Fecondatioun) kënnt bei engem vun den Erzeuger e Chromosom zweemol fir, bei dem aneren nëmmen eemol. (Vun de 46 mënschleche Chromosomen sinn der 2 sou genannt Geschlechtschromosomen oder Gonosomen - XY beim Mann an XX bei der Fra) Jee no der Bedeelegung vun deenen zwou Gruppen gëtt d'Geschlecht vum Embryo scho männlech oder weiblech virbestëmmt. D'gonadal Bestëmmung geschitt während der Embryogenese an der Matrice an entwéckelt während der Schwangerschaft d'Geschlecht als männlech oder weiblech.

En Embryo an der néngter Woch

Während den éischten 8 Wochen vun der Schwangerschaft ass den Embryo „nëmme“ weiblech. De Mënsch fänkt säi Liewen als weiblecht Wiesen un, och wann en herno als genetesche Mann oder genetesch Fra gebuer gëtt. Dat erkläert sech doduerch, well an deenen éischte Wochen d'Entwécklung vun dem Embryo senge bannenzegen a baussenzege Geschlechtsorganer, vun der Mamm hiren - ergo vu weiblechen - Hormonen gesteiert ginn. Den Embryo selwer kann an deem Stand vu senger Entwécklung nach keng eegen Hormone produzéieren.

De Fötus ass um Ufank also per Definitioun weiblech. Zu dem Moment si seng baussenzeg Geschlechtsorganer nach praktesch guer net entwéckelt an och kaum ze gesinn. De Sex vum Kand ka visuell eréischt méi oder wéineger ëm déi 12. Woch erëm duerch Ultraschallopname festgestallt ginn.

(Eist Gehir mécht eng ähnlech Entwécklung duerch an entsteet och ënner dem staarken Afloss vun der Mamm hiren Hormonen, sou datt och d'Gehir eréischt no e puer Wochen eng definitiv männlech oder weiblech markéiert gëtt.)

Psychesch:

Ronderëm 1900 hu Pionéier aus der Psychoanalyse an der Déiftepsychologie - ënner aneren de Sigmund Freud – duergeluecht, datt de Mënsch u sech a vun Ufank u quasi bi-sexuell veranlagt ass an et keng onnatiirlech Erschengung ass, wann e sech am Laf vu senger Entwécklung zu béid oder och zum konträre Geschlecht higezu fillt, resp. sech selwer entspriechend identifizéiert. De Freud huet betount, datt dësen Zoustand keng physesch oder psychesch Krankheet ass, mä e perséinleche Choix, deen de Mënsch an engem bestëmmte Moment vu sengem Liewen hëlt, well hie sech selwer sou fillt an net aanescht kann a wëll liewen.

D'Sexualitéit vun all Mënsch (seng Geschlechtsidentitéit, säi sexuellt Rolleverhalen, seng sexuell Orientéierung) sinn net zwéngend identesch mat senger physescher Konzeptioun, resp. stinn net zwéngend am Rapport zu senge bannenzegen a baussenzege Geschlechtsorganer. D'Sexualitéit gëtt net eleng biologesch, mä och séilesch, duerch sozial a kulturell Aflossfaktore bestëmmt an evtl. nach nodréiglech modifizéiert.

All Mënsch lieft sech vu klengem un an eng bestëmmte Geschlechtsroll eran; déi meescht iwwerhuelen d'heterosexuell Roll. D'Iwwerhuele vun enger Geschlechtsroll geschitt méi oder wéineger onbewosst. Déi wéinegst vun de Betraffenen mierken et während der Kannerzäit, meeschtens bestätegt sech d'Transsexualitéit (wéi och d'Homosexualitéit) kuerz virun oder während der Pubertéit, wann de jonke Mënsch bei sech eng Tendez fir d'konträert Geschlecht feststellt. De Mënsch erkennt seng sexuell Tendenz awer net forcement schonn an der Pubertéit. Dat kann sech e.Ë. eréischt an den Zwanzeger, an den Drësseger Joer oder nach méi spéit eréischt manifestéieren. Et kann duerchaus sinn, datt och en eelere Mënsch sech op eemol bewosst gëtt, datt hie sech selwer zäit Liewens (ouni et direkt ze mierken) eigentlech méi mat sengem konträre Geschlecht identifizéiert hat an elo eréischt feststellt, datt en op déi Manéier besser am Liewen eens géif. D'Erkennen hänkt vu ville Faktoren of: vum sozialen a kulturellen Ëmfeld, mä och vu moralesch an ethesch bedéngten Aflëss oder Usiichten a Prägungen.

Déi normal Geschlechtsroll ass déi heterosexuell Roll: normal, well dëst Rolleverhalen dem sexuelle Verhalen vun der Majoritéit vun de Mënschen entsprécht a quasi d'Norm duerstellt. Normal ass an dësem Zesummenhank kee Qualitéitsprädikat a bedeit op kee Fall "normal = richteg" an "anormal = falsch", mä et ass reng kategoresch ze verstoen. Nieft der Heterosexualitéit als Identitéit gëtt et nach d'Homosexualitéit an d'Transsexualitéit, alle béid souwuel bei de Frae wéi och bei de Männer. Ausser der Rei gëtt et nach d'Intersexualitéit, déi u sech am Prinzip déi zwee physesch a psychesch Geschlechter a sech vereent.

Transsexualitéit[änneren | Quelltext änneren]

D'argentinesch Transgenderrechtlerin Monica Leon op der "Gay Pride" 2008 zu Paräis - um Panneau steet:"respect orientation sexual et identité de genre"

Transsexualitéit ass eng Form vu Geschlechts-Identitéitsstéierung beim Mënsch (gender identity disorder). Vum Kierperbau a vu senge bannenzegen a baussenzege Geschlechtsorganer hier kann den Transsexuellen eendeiteg engem bestëmmte Geschlecht zouerkannt ginn. Ënnerlech (séilesch) fillt e sech awer vu sengem Wiesen hier dem konträre Sex méi no an identifizéiert sech selwer och sou. Den Transsexuellen ass bestrieft, sech och kierperlech mat Gesten, Behuelen an am Ausgesinn (Kleedung, Hoer, Kierperfleg(Enthoerung) an evtl. Makeup - masculint oder feminiint Ausgesinn) dem konträre Geschlecht unzepassen: z. B. Mann als Fra an emgekéiert.

Ëmgangssprochlech ginn se och nach Transvestite genannt oder (engl.-amerik.) Crossdresser ( > verkéiert ugedoen).

Zanter ongeféier 10 Joer gëtt et weltwäit e sëllechen Transsexueller, déi sech och anatomesch duerch chirurgesch Agrëffer an eng intensiv Hormonbehandlung vun hirem urspréngleche Sex an de konträre Sex ëmwandle gelooss hunn. Dës Emwandlung ass e laangwiirege Prozess, deen eng ausféierlech psychesch Virbereedung an eng genee sou seriös Nosuerg erfuerdert. Hei zu Letzebuerg gi keng sou Agrëffer gemaach.

Intersexualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Intersexualitéit (DSD) bezeechent eng gestéiert Entwécklung vum Geschlecht, déi scho bei der Fecondatioun ugeet, während der Schwangerschaft evoluéiert an nach no der Gebuert während e puer Méint kann durch sozial a kulturell Aflëss modifizéiert ginn. Intersexualitéit ëmschreift als Begrëff e komplexe bio-physiologesche Spektrum tëscht weiblech a männlech, sou datt een do méi genee differenzéiere muss.

Intersexualitéit: Duebelt Geschlecht bei engem Puppelchen.

1. Echten Hermaphrodit: bezeechent e Mënsch, dee souwuel Eeërstäck wéi och Hoden a souwuel eng Scheed wéi och e Penis huet. Et kennt och vir, datt déi Mënschen baussenzeg nëmmen ee Genital opweisen, männlech oder weiblech, oder datt dee baussenzege Genital (oder ee vu béiden) ënnerentwéckelt (Penis) oder iwwerentwéckelt (Gäipmännchen) ass.

2. Männlechen Pseudohermaphrodit: bezeechent e Mënsch mat chromosomal(bannendran) männlechem Geschlecht a baussen mat Hoden, awer engem onbestëmmten oder definéierte weibleche Genital. Psychesch hu si meeschtens d'Wiel, fir sech mat engem oder dem anere Geschlecht z'identifizéieren. Eng chirurgesch Korrektur ass méiglech, mä keng Bedingung fir e gesond Liewen.

3. Weiblechen Pseudohermaphrodit: bezeechent e Mënsch mat bannenzegem weibleche Geschlecht an Eeërstäck, mä mat engen baussenzegen onbestëmmten oder definéierten männleche Genital. Psychesch hu si och meeschtens de Choix, fir sech mat engem oder dem anere Geschlecht z'identifizéieren an eng Korrektur ass och méiglech.

4. Psycheschen Hermaphrodit: Dëst ass entweder en echten oder e Pseudohermaphrodit, den zousätzlech zou sengem anatomeschen och nach mat engem schwéiere psycheschen Problem geplot ass, well hie sech a senger Identitéitswiel weder an dem engen, nach an dem anere Geschlecht erëmfënnt, resp. sech domat identifizéiere kann.

D'Identifikatioun ass bei den Intersexuellen am Allgemengen immens schwéier an dacks mat séileschen Problemer verbonnen, ouni datt déi séilesch Problemer den Ausléiser gewiescht wieren. Et ass äusserst seelen, dat bei Hermaphrodite pathologesch schizophreent Behuele festgestallt ginn ass, a wann et de Fall war, da war et eng Konsequenz aus senger Sexualitéit, mä net emgekéiert. Des Weideren ass et net evident, fir sech zousätzlech zou der psychescher Identifikatioun och nach enger anatomescher Emwandlung oder Korrektur z'ënnerzéien.

Rechtlech ass et och net evident fir geschlechtlech definéiert an entspriechend an de Gebuertsregësteren agedroen ze ginn. Als Beispiel nëmmen e puer vu ville Problemer am Alldag:

- en Transsexuellen, dee bestuet ass a sech eréischt spéit fir dat anert Geschlecht decidéiert, dee sech chirurgesch ëmwandele léisst, muss sech nom aktuelle Gesetz scheede loossen, well net Mann a Mann oder Fra a Fra kënne matenee bestuet sinn. No der Scheedung steet et béide Partner fräi sech ze paxen.

- d'Ëmännerung vum Geschlecht souwuel am Pass wéi och an den amtleche Regësteren ass eng penibel laangwiireg Entreprise a mat vill Paperasse an nach ëmmer mat verstoppten Ernidregunge verbonnen.

- en Dilemma ass och, wann eng Koppel a sou engem Fall Kanner huet an de Papp oder d'Mamm op eemol an enger ëmgekéierter Roll liewen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • John P.J. Pinel/Paul Pauli - Biopsychologie - Pearson Studium
  • DTV Atlas zur Biologie - Atlas der Anatomie - Atlas der Physiologie
  • Sigmund Freud - u.a. Sexualleben/Studienausgabe Bd V - S. Fischer

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter

Commons: Transgender – Biller, Videoen oder Audiodateien