Masturbatioun
Masturbatioun (lat.) oder Onanie (Onanie gëtt op de bibleschen Onan zeréckgefouert (Gen 38, 8-10)) ginn als Begrëffer fir d'sexuell Eegebefridegung bei Fra a Mann gebraucht, mä och, wann eng zweet Persoun d'Roll vum Masturbéirenden iwwerhëlt oder bei der Stimuléierung hëlleft.
Bei der Masturbatioun gëtt dat baussenzegt Sexualorgan (de Vagin oder de Penis) meeschtens manuell oder je no Gusto och mat handelsübleche Géigestänn (Dildo, Vakuumpompel an e sëllechen aner Artikelen) stimuléiert bis et zu der Ejakulatioun, resp. dem Orgasmus kënnt.)
Inhaltsverzeechnes |
Praxis
D'Frae kënnen dat mat der Hand, engem oder e puer Fangere machen, andeems se d'Schimtlëpsen a gläichzäiteg de Gäipmännche stimuléieren oder durch Penetratioun vum Vagin mat engem oder puer Fangere den normale Geschlechtsakt simuléieren. Bei der Penetratioun kënnen och déi schonn ernimmten an och aner formgerecht Géigestänn benotzt ginn.
D'Männer kënnen dat och mat der Hand oder e puer Fangere machen, andeems se de Penis ëmfaassen an a rhytmeschen, mä mat individuell verschiddener Vitess d'Baussenhaut bis iwwer d'Eechel zéien an erëm zréck bis un d'Peniswuerzel féieren. Wéi bei der Fra ginn et och beim Mann verschidden Techniken fir zu enger Ejakulatioun, resp. engem Orgasmus ze kommen.
Bei der Masturbatioun spillen d'Phantasie an d'Visualiséirung vun erregenden Zeenen a Biller eng grouss Roll. Eng Alternativ ass, sech selwer op fotografesch oder gezeechent Stimulatiounsvirlagen oder beim Kucke vun engem eroteschen oder pornographesche Film ze befridegen. An alle sexuellen Identitéitsgruppen ass déi puerweis gemeinsam oder géigesäiteg Masturbatioun eng beléifte Praxis, well sech beim Beobachte vum Partner d'Stimulatioun erhéicht an eng gewësse Verbonnenheet entsteet. Desweidere gëtt d'manuell Stimulation och als Virspil fir de Koitus ugewennt. Bei der eegener an der gemeinsamer/géigesäiteger Befridegung spillt d'Stimulatioun vun de sougenannten erogenen Zonen och eng Roll, ënnert aneren d'Brëscht vun der Fra, d'Säitepartie vum Kierper, dem Mann seng Hoden, den Hënner, d'Zone tëschent de Been, d'Féiss (besonnesch bei Fetischisten) an den Anus. Bei enkem Kieperkontakt kann d'Kësse mat abezun ginn. Als Masturbatioun kann och d'géigesäiteg oder d'eesäiteg oral Befridegung (Fellatio) ugesi ginn. Hei iwwerhuelen de Mond (Lëpsen) an d'Zong d'Aarbecht vun den Hänn an de Fangeren. Zousätzlech kënnen d'Hänn bei der Stimulatioun agesat ginn.
Autofellatio (Nekrotamie) bezeechent déi eege Befridegung mam Mond an ass nëmme rar méiglech, well een dofir entweder en immens gelenkege Kieper muss hunn (bei Fra a Mann) oder awer (beim Mann) e méi oder wéineger aussergewéinlech laange Penis.
Gesondheetlechen Aspekt
D'Masturbatioun u sech ass - am Géigesaz zu villen iwwerliwwerte Meenungen - weder onnatierlech nach ongesond. "Warnungen", déi d´Elteren hire Kanner fréier (hoffentlech net méi haut) un d'Häerz geluecht hunn, ewéi déi, datt ee blann géif ginn, wann een zevill géif wichsen oder dat ee sech domat d'Kraaft aus dem Gehir zéie géif asw., sinn op Angscht zréck ze féiren, déi d´Elteren an deenen hir Elteren duerch e Mangel un Opklärung, duerch eng schäinhelleg Moral a eng gezielten Desinformatioun e.a. duerch de Klerus agebläut kruten. Esou Warnungen, wann se mat Autoritéit an ëmmer erëm widderholl ginn, kënne vun de Kanner och gegleeft ginn an herno, beim Sex séilesch a sexuell Konsequenzen no sech zéien.
An der Kandszäit (e klenge Prozentsaatz masturbéiert schonn am Kandsalter) ass d'Masturbatioun e Bestanddeel vun der narzisstescher Phase an an der Pubertéit (wou déi meescht Jongen domat ufänken) d'Erfahrung vun dem éischte bewosste sexuelle Genoss. D'Meedercher fänke statistesch gesinn e besse méi spéit u wéi d'Jongen, mä dat ass keng Regel. Nom éischten, bewossten (an erwënschte) sexuelle Kontakt mat engem Partner verléiert d'Masturbatioun e bëssen u Kredit, bis se als gemeinsamt Libesspill an enger Koppel (oder eleng) erëm nei entdeckt gëtt.
D´Masturbatioun gëtt net nëmme vu jonke Leit praktizéiert, si begleet de Mënsch am gesonde Normalfall praktesch säi Liewe laang, als Ersatz fir eng feelend sexuell Bezéiung, als Ergänzung an enger Bezéiung, als eenzeg Méiglechkeet fir sech sexuell vum natierleche libidinéisen Drock ze entlaaschten (a Prisongen, Kléischter, Erzéiungsanstalten, Internaten, bei längeren isoléierten Openthalten, beim Fuddele während dem Zölibat asw.)..
Gesondheetlech gëllt och, datt duerch eng méi oder manner regelméisseg, mä kengesfalls exzessiv Masturbatioun (verbonne mat engem méi oder manner gesonde Liewenswandel), déi allgemeng interaktiv sexuell Aktiounsfähegkeet, d'Fruchtbarkeet an d'Libido méi laang, ënner Ëmstänn bis an den héijen Alter erhale bleiwen. Ausserdem verhënnert, resp. verzögert d´Masturbatioun (bei feelendem Geschlechtsverkéier) de Prostatakriibs[1].
D'Masturbatioun kann awer och krankhaft Zich kréien, wann se exzessiv (narzisstesch) mat enger kontinuéierlech steigender Frequenz bedriwwe gëtt, wann de Betraffene sexuell net méi anescht zur Ejakulatioun, resp. zum Orgamsus komme kann, wann e keng Kontroll méi iwwer seng Bedierfnesser huet an d'Onanie zwanghaft ausart, ... An esou engem Fall ass dringend eng Therapie ugesot, op d'mannst awer eng Participatioun an enger Grupp vun d´selwecht geplote Leit, déi sech géigesäiteg stäipen an hëllefen, fir aus där Sakgaass erëm eraus ze kommen.
Relioun a Kierch
D´Masturbatioun ass zwar an der Bibel direkt keen Thema. De Begrëff Onanie gëtt allerdéngs op de bibleschen Onan zeréckgefouert (Gen 38, 8-10 EU), obschonns hien net wéinst Masturbatioun vum Härgott bestrooft gouf, mä well hien dat jiddescht Gesetz vum Levirat (d'Pflicht d'Wittfra vun engem verstuerwene Brudder ze bestueden a fir Kanner ze suergen, déi si am Alter versuergen) net agehalen huet.
Am Juddentum gëtt d'Masturbatioun ofgeleent, well et net richteg ass, "notzlos de Som ze verbëtzen" [2].
All chrëschtlech Kierchen vertrieden d'Moralusiicht, dat d'Sexualitéit an d'Bestietnes gehéiert. Fir d'Kathoulesch Kierch erfëllt d'Masturbatioun awer dës Uspréch net[3] a gëtt dofir als "schwéier uerdnungwiddreg Handlung" bezeechent.
Am Islam gëtt d'Masturbatioun och als Sënd verstan. Als Beleeg ginn d'Suren 23, 5-7 a 24, 33 genannt. Aus muslimescher Siicht hëlleft d'Faaschten dogéint.
Referenzen
- ↑ Douglas Fox: Masturbating may protect against prostate cancer, New Scientist, 2003
- ↑ Kizzur Schulchan Aruch 151, 1
- ↑ Katechismus der Katholischen Kirche, 1997, Nr. 2352.
|
|||
|
Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter |
| Commons: Masturbation – Biller, Videoen oder Audiodateien |