Zwitter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zwitter ass eng vereelst an haut pejorativ belaascht Bezeechnung fir e Wiesen - am Prinzip och e Mënsch - mat zwee Geschlechter. Haut gi Mënsche mat deem anatomesche Problem Intersexueller, Transsexueller oder och nach Hermaphrodite genannt.
An der Mythologie vu bal allen Ethnië ginn et sougenannte Fabelwiesen déi och eng Form vun Zwittertum duerstellen. Sie ginn och nach Chimäre genannt, well se zum Deel béid Geschlechter opzeweisen hunn, wéi z.B. de griicheschen Hermaphroditos, oder Mënsch an Déier zougläich waren, oder deenen hire Phenotyp aus zwee oder méi Déieren, sou z.B. an der griichescher Mythologie d'Kentauren, bestanen huet. An de mythologesche Bestiarië ginn ënner aneren d'Draachen, de Gräif, d'Eenhar an de Pegasus als Chimäre bezeechent.
Doniefd sinn och emol mythologesch Heldefiguren, wéi den iro-kelteschen Cuchullain oder de walisesche Magier Merlin iertemlech als Zwitter bezeechent ginn, well si sech de Legenden no a bestëmmte Situatiounen duerch eng Metamorphos entweder an e schreckleche Monster (Cuchullain) oder an e Wollef (Merlin) verwandele konnten.
|
|||
|
Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter |