Kentauren
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Kentaur)
D'Kentaure si Fabelwiesen déi besonnesch aus Thessalien kommen, an hallef Mënsch an hallef Päerd sinn. D'Bedeitung vum Numm ass net gekläert, mä hir Origine gëtt schonn an der Antikitéit op de Kentauros, e Jong vum Ixion zréckgefouert.
Deels ware se frëndlech a vu grousser Bildung (vgl. Cheiron, Pholos, deels wëll an onbeherrscht (vgl. Eurytion).
Et gëtt spekuléiert dat d'Virstellung vun de Kentauren op eng Bevëlkerung zréckgeet, déi an hirem éischte Kontakt mat ongewinnte Vëlker déi op Päerd geridde sinn de Reider an d'Päerd als eent ugesinn hunn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kentauren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |