Mumbai

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Mumbai och nach Bombay genannt, ass d' Haaptstaat vum indesche Bundesstaat Maharashtra. 2001 loung d' Bevëlkerungszuel bei ongeféier 12 Millioune Leit, an 2006 bei ronn 13 Milliounen.

Mumbai ass déi Stad an Indien mat deene meeschte Leit. Zu Mumbai sinn déi meeschte Filmstudioen. Den Numm Bollywood ass eng Kontraktioun aus "Hollywood"" a "Bombay". Mumbai ass e wichtege Wirtschaftszentrum an huet an der Moyenne en héige Lierwensstandard.

[änneren] Geographie

Bombay läit an der Westküst vun Indien. Bombay läit um grousse Sanjay Gandhi Nationalpark. D'Waasserversuergung vun der Stad gëtt duerch 6 Séie garantéiert: Vihar, Vaitarna, Upper Vaitarna, Tulsi, Tansa an Powai. D'Séie Tulsi a Vihar treffen sech un der Grenz vum Nationnalpark. De Séi Powai ass bekannt dofir dass d'Waasser verdreckt ass. De Buedem zu Mumbai besteet virun allem aus Sand, well en zimmlech no beim Mier läit an dobei ass en och fruchtbar.

[änneren] Klima

D'Plage vun Bombay

Mumbai läit an der Tropescher Zon a kennt ee Klima vun 2 Joreszäiten: dréchen a fiicht. D'Dréschenzäit dauert vun November bis Februar, dann ass et mëttelwaarm, méi spéit, vun Dezember bis Januar kann et eppes méi frësch gi wéint dem westleche Wand. D' Fiichtperiod ass vum Juni bis September.

Perséinlech Tools
Aner Sproochen