José Saramago

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De José Saramago

De José Saramago, gebuer de 16. November 1922 Azinhaga, Portugal, als José de Sousa Saramago ("Saramago" war eng Zort Hausnumm) a gestuerwen den 18. Juni 2010 zu Tias op Lanzarote, war e portugisesche Romanschëftsteller, Lyriker, Essayist, Erzieler, Dramatiker,an Dagebuchauteur. 1998 krut hien den Nobelpräis fir Literatur.

De Saramago koum aus einfache Verhältnesser an huet sech a Bibliothéike selwer an d'portugisesch Literatur eragelies. Hien huet als Journalist an Iwwersetzer geschafft, a war bis 1949 Employé bei der Sozialhëllef. No senger éischter Novelle, Terra do Pecado (1947), an enger zweeter déi net publizéiert gouf, huet hie bal 20 Joer net méi geschriwwen.

1966 koum säin éischte Gedichtsband, Os Poemas Possíveis, eraus, an 1970 säin zweeten, Provavelmente Alegria. 1967/1968 huet hie Literaturkritike geschriwwen, déi 1971 an 1973 als Bicher ënner den Titelen Deste Mundo e do Outro an A Bagagem do Viajante: crónicas publizéiert goufen.

1969 ass hien der deemools verbuedener Kommunistescher Partei vu Portugal bäigetrueden, an 1975, no der Oeillets-Revolutioun, war e Chefredakter-adjoint vum Diário de Notícias. Hien huet déi Plaz awer verluer, wéi déi biergerlech Parteien un d'Muecht koumen, an huet vun do u virun allem literaresch Wierker geschriwwen.

1980 hat en e grousse Succès mam Roman Levantado do Chão, an deem et ëm d'Liewe vun de Baueren am Alentejo geet, déi no joerhonnertelaanger Ausbeutung, zulescht no der klerikalfaschistescher Diktatur, endlech, no der Oeillets-Revolutioun eng Hoffnung haten, "vum Buedem opgestanen" (levantado do chão) kënnen ze liewen.

1982 hat e säin internationalen Duerchbroch mam blasphemesch-humoristeschen Libesroman Memorial do Convento, deen am Portugal vum 18. Joerhonnert spillt. Dono huet de Saramago verschidde Gedichter, Novellen, Romaner an Theaterstécker erausbruecht.

1991 koum säi Roman O Evangelho Segundo Jesus Cristo eraus, dee vun der kathoulescher Kierch als "blasphemesch" verdaamt gouf.

De Saramago huet eng ganz Rëtsch portugisesch an international Literaturpräisser kritt, dorënner de Prémio Camões an 1998 de Nobelpräis fir Literatur, an och Éierendokertitele vu verschiddenen Universitéiten. De portugisesche Literaturpräis Prémio José Saramago ass no him genannt ginn.

Inhaltsverzeechnes

Wierk [änneren]

Lyrik [änneren]

  • Os Poemas Possíveis. Portugália Ed. 1966, Ed. Caminho, 1982
  • Provavelmente Alegria. Livros Horizonte 1970, Ed. Caminho, 1985
  • O Ano de 1993. Ed. Futura 1975, Ed. Caminho, 1987

Zäitgeschicht [änneren]

  • Deste Mundo e do Outro. Ed Arcádia 1971, Ed Caminho, 1985
  • A Bagagem do Viajante: crónicas. Ed. Futura 1973, Ed. Caminho, 1986
  • As Opiniões que o DL teve. Seara NovaEd. Futura, 1974
  • Os Apontamentos: crónicas política. Seara Nova, 1976, Ed. Caminho, 1990

Dagebicher [änneren]

  • Cadernos de Lanzarote I. 1994
  • Cadernos de Lanzarote II. 1995
  • Cadernos de Lanzarote III. 1996
  • Cadernos de Lanzarote IV. 1997
  • Cadernos de Lanzarote V. 1998

Reesebeschreiwungen [änneren]

  • Viagem a Portugal. Círculo de Leitores 1981, Ed. Caminho, 1984
    (däitsch: Die portugiesische Reise. ISBN 3-498-06350-2)

Dramen [änneren]

  • A Noite. Ed. Caminho, 1979
    (däitsch: Die Nacht. ISBN 978-3-940627-00-1)
  • Que Farei Com Este Livro?. Ed. Caminho, 1980
  • A Segunda Vida de Francisco de Assis. Ed. Caminho, 1987
  • In Nomine Dei. Ed. Caminho, 1993
  • Don Giovanni ou o Dissoluto Absolvido. Ed. Caminho, 2005

Romaner an Novellen (mam Titel vun der däitscher Iwwersetzung) [änneren]


Commons: José Saramago – Biller, Videoen oder Audiodateien