Lanzarote
Lanzarote ass déi nordëstlechst vun de siwe grousse Kanareschen Inselen, déi am Atlantik eng vun de siwwenzéng autonome Regioune vu Spuenien bilden. Lanzarote läit ronn 140 Kilometer westlech vun der marokkanescher Küst a ronn dausend Kilometer vum spuenesche Festland ewech. Bei enger Fläch vun 845,94 Quadratkilometer huet se e Flächenundeel vun 11,29 Prozent un der Gesamtfläch vun de Kanareschen Inselen.
Als éischt ganz Insel gouf Lanzarote 1993 vun der UNESCO zum Biosphärereservat erkläert.
Inhaltsverzeechnes |
Verwaltung [änneren]
Lanzarote gehéiert zu der spuenescher Provënz Las Palmas an zënter 1986 zu der Europäescher Unioun. D'Haaptstad ass Arrecife, déi offiziell Sprooch ass Spuenesch. Lanzarote huet en eegenen Inselrot, den cabildo insular, dee vun der Manuela Armas presidéiert gëtt.
Geologie [änneren]
Lanzarote ass eng Insel mat vulkanescher Origine. Viru ronn 36 Millioune Jore koum et zu enger Rei vu vulkaneschen Ausbréch ënnert dem Mier, déi de Sockel vu der Insel gebilt hunn. Viru 15,5 Millioune Joren ass Lanzarote iwwer d'Mieresiwwerfläch erausgewuess. Dat erkläert och, firwat de Buedem duerch de Lava bal iwwerall eng brong bis schwaarz Faarf huet.
Fotoen [änneren]
Haaptinselen: Fuerteventura | Gran Canaria | La Gomera | El Hierro | Lanzarote | La Palma | Teneriffa
Nieweninseln: Alegranza | Graciosa | Los Lobos | Montaña Clara | Roque del Este | Roque del Oeste
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lanzarote – Biller, Videoen oder Audiodateien |