UNESCO
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
UNESCO (oder Unesco) ass den Akronym fir United Nations Education, Science and Culture Organisation, deemno d'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur. Si gouf de 16. November 1945 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Paräis.
D’Unesco organiséiert hir Aarbecht a 5 grousse Programmen: d'Educatioun, d'Naturwëssenschaften, d'Sozial- a Geeschteswëssenschaften, d'Kultur an d'Kommunikatioun an Informatioun.
D'Unesco huet 191 Memberstaaten (Stand: 10. Abrëll 2005).
D'Unesco ass virun allem bekannt fir hir Lëscht vun der Weltierfschaft, déi dës a verschidde Kategorien deelt.
D'Bulgarin Irina Bokova ass zënter dem 22. September 2009 Generaldirektesch vun der Unesco.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: UNESCO – Biller, Videoen oder Audiodateien |