Lëtzebuerg (Stad)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Stad Lëtzebuerg)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lëtzebuerg
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Luxembourg
de: Luxemburg
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Lëtzebuerg
Buergermeeschter: Xavier Bettel (DP)
Awunner Gemeng: 93.865[1]
(Dezember 2010)
Fläch Gemeng: 5.124 ha
Koordinaten: 49° 36' 39" N
06° 07' 51" O
D'Gemeng Lëtzebuerg (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)
D'Gemeng Lëtzebuerg (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

Lëtzebuerg ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied, an d'Haaptstad vum Land mam selwechten Numm. D'Gemeng Lëtzebuerg ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.

Am Volleksmond gëtt Lëtzebuerg dacks just "d'Stad" genannt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

Den historeschen Zentrum vun der Stad, d'Alstad, ass no Norden, Osten a Süden hi vun 30-50 m déiwen Däller ëmginn, déi duerch d'Péitruss an d'Uelzecht an de Sandsteen gegruewe goufen.

D'Quartieren an der sougenannter Ënnerstad sinn de Gronn, Clausen an de Pafendall. No Westen hin erstreckt sech hannert dem Stadpark, deen op der Plaz vun de Festungsmaueren ugeluecht gouf, e Plateau, deen iwwert de Glacis an de Lampertsbierg iwwergeet. Weider westlech kënnt een an d'Quartiere Belair a Märel. Nordwestlech vum Zentrum sinn de Rollengergronn a Millebaach ze fannen.

A süd-westlecher Richtung vum Zentrum läit Zéisseng. No Süden, déisäit dem Péitrussdall, dee vun der Adolphe-Bréck an der Aler Bréck iwwerspaant gëtt, leien d'Quartiere Gare, Bouneweeg-Nord/Verluerekascht a Bouneweg-Süd. Weider südlech leie Gaasperech, Hollerech an den Houwald.

Ëstlech vum Zentrum, déisäit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovunner leien Neiduerf/Weimeschhaff, den Zens an Hamm. Tëscht dem Garer Quartier an dem Zens läit Polvermillen.

Am Norde leien, dem Laf vun der Uelzecht no, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen.

Panorama Alstad, vun der Tréierer Strooss op der Rumm aus gesinn.
Vue op d'Stad vum Joan Blaeu, 1649.

[änneren] Geschicht

Schonn zu Réimerzäite sinn do, wou haut d'Stad Lëtzebuerg ass, zwou Réimerstroossen, de Kiem vun Arel op Tréier an eng Niewestrooss (diverticulum) vun där vu Metz op Tréier, zesummekomm. An der Spéitréimescher Zäit gouf um Bockfiels eng kleng Festungsanlag gebaut, fir engersäits d'Strooss an d'Bréck iwwert d'Uelzecht ze sécheren, an, anerersäits, fir de Germanen hir Incursioune sou wäit wéi méiglech ze stoppen. Am fréie Mëttelalter stoung vun där Anlag net méi vill, mee d'Plaz gouf "kleng Buerg" genannt. Dësen Numm gouf als Lucilinburhuc an an engem Tauschdokument eng éischte Kéier schrëftlech ernimmt: Duerch en Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin huet den Ardennergrof Siegfried I. ëm d'Joer 963 Lännereien zu Lëtzebuerg getosch. Hien huet du säi Schlass um Bockfiels gebaut.

987, huet den Äerzbeschof vun Tréier, den Egbert (977-993), fënnef Alteeër an der Erléiserkierch (haut Méchelskierch) geweit. Op der Kräizung vun de Réimerweeër bei der Kierch ass e Maart entstanen (den haitege Fëschmaart), ronderëm deen sech eng Uertschaft entwéckelt huet.

Wéinst hirer Lag, souwuel geopolitesch wéi topographesch gesinn, hat d'Stad Lëtzebuerg zënter hirem Bestoen eng wichteg militärstrategesch Bedeitung. Am 10. Joerhonnert gouf schonn déi éischt Festungsmauer gebaut. Um Enn vum 12. Joerhonnert, wéi d'Stad sech ëmmer méi no Westen hin ausgebreet huet, koum eng 2. Festungsmauer dobäi (D'"Rue du Fossé" war de Festungsgruef zu där Mauer). D'Stad war ongeféier 5 Hektar grouss.

Géint 1340, ënnert dem Jang de Blannen, sinn nei Festunge gebaut ginn, déi zum Deel bis 1867 stoungen. Déi verschidden Hären a Meeschteren (Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen a Preisen) hunn an de Joerhonnerten dono d'Festung ëmmer méi ausgebaut an se zu enger vun deene stäerksten an Europa gemaach.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Festung Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

Am 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier déi éischt Kasematte gebaut. Se goufen ënnert dem Vauban ausgebaut a 1730-1740 vun den Éisträicher nach eng Kéier vergréissert.

1795, ass Lëtzebuerg vu Frankräich annexéiert ginn, d'Stad gouf Préfecture vum Département des Forêts. 1815 gouf d'Stad zu enger "Bundesfestung", an där preisesch Truppe stationéiert goufen. Gläichzäiteg gouf d'Land pro forma als Groussherzogtum nei erschafen, mam Wëllem I. vun Holland als Groussherzog.

Nom Traité vu London vun 1867 huet d'Festung missen ofgerappt an dem Buedem gläich gemaach ginn. Et huet 16 Joer gedauert, bis dës Aarbechte méi oder manner ofgeschloss waren. Se hunn 1,5 Millioune Goldfrang kascht. Op en Deel vun de fréiere Festungsanlagen sinn nei breet Stroossen (Boulevard Royal, Boulevard du Prince Henri) an de Stater Park ugeluecht ginn. Elo konnt d'Stad sech no alle Säiten ausbreeden. De Plateau Bourbon, mat der Alstad iwwer d'Nei Bréck (gebaut 1900-1903) verbonnen, war ee vun den éischte neie Quartieren, déi esou entstane sinn.

1920 hunn d'Gemengen Eech, Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

[änneren] Spure vun der Zäit 1940-1945

A Stroossen an op Haiser si bis haut d'Spure vum Naziregime zu Lëtzebuerg ze gesinn [2] [3].

D'Plëss d'Arem steet esou wuel fir den Ufank vum Naziregime, ewéi fir d'Enn: de 6. August 1940 ass de Gauleiter Gustav Simon fir d'éischt op dëser Plaz opgetrueden an den 10. September 1944 hunn d'Lëtzebuerger op därselwechter Plaz déi 5. amerikanesch Panzerdivisioun zesumme mam Prënz Felix als Befreier vu Lëtzebuerg gefeiert.

An der Philippsgaass op Nr. 19 war deemools de Café de la Poste. Hei gouf schonn Enn 1933 de Grondstee fir déi éischt ëffentlech Juddefeindlechkeet geluecht, andeems e Schëld Judenfreies Lokal ubruecht gouf. Den amerikanesche Schrëftsteller Henry Miller huet zu deem Zäitpunkt d'Lokal zoufälleg entdeckt an d'Situatioun a sengem Buch Quiet days in Clichy beschriwwen. Vis-à-vis op Nr. 28 an der Philippsgaass steet d'Gebai vun Commissariat au Rapatriement, deen 1944 an d'Liewe geruff gouf, fir déi dausende vu Lëtzebuerger Krichsgefaangener nees heemzebréngen oder déi stierflech Iwwereschter vun deenen, déi ëmkomm sinn an do wou Grafsteng bekannt waren, dës op Lëtzebuerg ze verleeën.

An der Monterey-Avenue, war den ale Sëtz vun der Haaptpostverwaltung. An der Zäit vun der däitscher Besatzung koum d'Post ënnert d'Obhut vum Reichspostdirektor vun Tréier. Haut erënnert nach eng stenge Plack mat engem  bronze Relief un déi 26 Postbeamten, déi am Krich gefall sinn, awer och un de Proteststreik vun enger Rei Postler den 1. September 1942 géint d'Aféierung vun der Wehrpflicht.

Plack an der Ënneschtgaass

An der Ënneschtgaass erënnert eng Plack um Gebai vum Educatiounsministère un déi zweet Stater Synagog, déi am Hierscht 1943 vun den Nazien ofgerappt gouf.

An der Avenue Marie-Thérèse op Nr. 3 stoung dat aalt Bëschofshaus. Den deemolege Bëschof Phillippe war déi eenzeg Lëtzebuerger Autoritéit, déi d'Land am Krich net verlooss hat an dee seng Platz no der Besatzung hale konnt. Op Nr. 5, am bëschofleche Konvikt war an der Besatzungszäit en däitscht Lazarett.

Niewent der Aler Bréck steet e Fräiheetssteen fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich duerch d'US-Zaldoten ze erënneren.

Erënnerungsplack.

An der Avenue de la Pétrusse, ass op Nr. 59 de Centre de documentation et de recherche sur la Résistance. An dësem Gebai, dat och als Villa Pauly bekannt ass, war vun 1940 bis 1944 de Sëtz vun der Gestapo, der Geheimer Staatspolizei. Dëst Gebai, an deem och gefoltert gouf, ass d' Symbol vun der Terrorherrschaft vum Naziregime zu Lëtzebuerg.

Dat markantst Monument an der Stad ass wuel d'Gëlle Fra. Den 21. Oktober 1940 gouf si vun den Nazien, ënner Protest vun de Lëtzebuerger, ofgerappt.

An der haiteger d'Nationalbibliotheik war bis 1964 de Kolléisch. Vill Schüler goufen zwangsrekrutéiert.

Am Stadhaus um Knuedler erënnert an der Entrée eng kleng Bronzentafel un d'Grënnung vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen.

[änneren] Nom Zweete Weltkrich

Am Festsall vum Stadhaus um 1. Stack gouf den 10. September 1952 d'Lëtzebuerger Ofkommes ënnerschriwwen, den éischten internationale Vertrag, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermord un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschland iwwerholl huet.

1952 gouf d'Stad Lëtzebuerg, laang Zäit just provisoresch, Sëtz vun der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol. Bis 1981 goufen do och verschidden Deel-Sessioune vum Europäesche Parlament ofgehalen. D'Stad ass weiderhi Sëtz vum Sekretariat vum Europaparlament, vum Europäesche Geriichtshaff, dem Europäesche Rechnungshaff, an der Europäescher Investitiounsbank.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sëtz vun den europäeschen Institutiounen Nuvola apps xmag.png

[änneren] D'Entwécklung vun der Stad

D'Stad haut.[4]

[änneren] D'Quartiere vun der Stad

D'Stad Lëtzebuerg ass a 24 Quartieren[5] agedeelt:

D'Gemengenhaus um Knuedler

[änneren] Politik

[änneren] Gemeng Lëtzebuerg

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg huet 27 Memberen. Et gi 5 Schäffen. Zënter November 2011 ass de Xavier Bettel (DP) Buergermeeschter, virdru war et de Paul Helminger (DP). D'DP huet zënter 2005 an enger Koalitioun mat deene Gréngen d'Majoritéit am Gemengerot. Déi Legislaturperiod virdru war den Helminger Buergermeeschter ënner enger Koalitioun tëscht DP an CSV.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV DP gréng KPL Lénk LSAP
1999 2 6 11 2 0 1 5
2005 1 6 11 5 0 0 4
2011 1 5 10 5 0 2 4

Quell: Inneministère / RTL.lu. Fett: Majoritéits-Koalitioun, déi de Buergermeeschter a Schäfferot stellt.

[änneren] Haaptstad vum Land

Als Haaptstad vum Land hunn och all konstitutionell Organer a vill staatlech Administratiounen hire Sëtz: d'Chamber, de Staatsrot, de Groussherzog (Groussherzogleche Palais), d'Regierung an déi verschidde Ministèren, d'Justizorganer (an der Cité judiciaire).

[änneren] Populatioun

Just ronn een Drëttel (35%)vun de knapps 94.000 Stater Awunner si Lëtzebuerger, nämlech 32.649. D'Portugise si mat 13.751 Awunner déi zweetgréisst Communautéit. Dono komme Fransousen mat 13.189.[6] D'Italiener hunn 2008 6,6% vun der Bevëlkerung gestallt, d'Belsch 3,9%, Däitscher 3,5%, Briten 2,0%, Spuenier 1,8%, Schweden 1,2%, Serben/Montenegriner 1,0%, Griichen 0,9%, an all déi aner vun am Ganzen iwwer 150 Natioune 14,9%.[7]

[änneren] Economie

D'Economie vun der Stad Lëtzebuerg berout virun allem op de Servicer. Eng besonnesch Roll spillt se als international Finanzplaz: Iwwer 150 Banken a soss Finanzinstituter sinn do aktiv.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Finanzplaz Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

De Sekundärsecteur do dergéint ass, nodeems d'Luxlait hir Molkerei 2009 geplënnert a Villeroy & Boch hir Fabréck 2010 zougemaach huet, kaum nach vertrueden.

Zu deene bekanntsten international aktive Firme mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg zielen Arcelor Mittal an d'RTL Group. Och den Handel spillt eng wichteg Roll.

[änneren] Verkéier

Als Haaptstad a gréisste Stad am Land huet d'Stad Lëtzebuerg och verkéierstechnesch eng zentral Roll.

D'Stater Gare

[änneren] Loftverkéier

De Fluchhafe Lëtzebuerg läit um Findel, an der Gemeng Sandweiler, 6 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat diversen europäesche Stied.

[änneren] Stroosseverkéier

8 Nationalstroosse gi stralefërmeg vun der Stad aus fort: d'N1, d'N2, d'N3, d'N4, d'N5, d'N6, d'N7 an d'N11. D'Autobunnen A1, A3, A4 an A6 féieren an d'Stad, respektiv sinn Deel vum Contournement vun der Stad. Si sinn, ausser d'A4, un d'Autobunnsnetz vun den 3 Nopeschlänner ugebonnen.

[änneren] Ëffentlechen Transport

[änneren] Eisebunn

An der Stater Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:

Iwwer déi Linnen huet d'Stater Gare Uschloss un d'Linn 35 vum däitschen InterCity-Netz, déi vun Tréier bis an den Hafe vun Norddeich an Ostfriesland féiert, un d'TGV-Netz vun der franséischer SNCF mat enger direkter Verbindung op Paräis, op Léck mat dem InterRegio m, op Bruxelles-Midi mam dem InterCity J, op Nanzeg mat den Regionalexpressen vum TER Loutrengen, an op Nice respektiv Portbou iwwert den Lunéareseau.

Ausser der Haaptgare ginn et nach e puer méi kleng Garen um stater Territoire: déi vun Hollerech, Dummeldeng an Zens-Hamm.

Et besti Pläng, eng grouss nei Gare bei Zéisseng ze bauen, déi virun allem den internationale Verkéier ophuelen an d'Haaptgare entlaaschte soll.

[änneren] Bussen

D'Stad Lëtzebuerg bedreift, mat hirer Gesellschaft Autobus de la Ville de Luxembourg, en eegent Busnetz, bei deem eng 150 Bussen op 25 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken. Ausserdeem fuere ronn 120 Linne vum RGTR d'Stad Lëtzebuerg un.

[änneren] Soss

Bis 1964 gouf et en Tram an der Stad. Wéinst dem ëmmer méi héijen Autoverkéier ginn et zënter den 1990er Jore Pläng, en nees anzeféieren. Deen éischte Projet, deen Trams- an Zuchreseau hätt sollen uneneen uschléissen, fir esou e méi grousst Anzuchsgebitt ofzedecken [8] ass uganks 2000 op Äis geluecht ginn. Zënter Jore gëtt un enger méi klenger Léisung laboréiert, déi d'Gare mam Kierchbierg soll verbannen.

Zënter dem Mäerz 2008 gëtt et en Vëlo-Locatiounssystem, Vel'oH! genannt, dat vun enger privater Firma ënner Konzessioun bedriwwe gëtt, a bei deem een op ronn 50 verschiddene Plazen e Vëlo ausléinen an op enger anerer nees ofstelle kann.

[änneren] Konscht a Kultur

Den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht um Fëschmaart
D'Philharmonie

An der Stad Lëtzebuerg ginn et eng sëlleche Muséeën an Ausstellungen: Der Stad ënnerstallt sinn d'Villa Vauban an de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg. Staatlech Muséeën um Territoire vun der Stad sinn den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, den Nationalmusée fir Naturgeschicht, de MUDAM an, vum Juli 2012 un, de Festungsmusée. Z'ernimme sief och nach d'Galerie Am Tunnel, déi vun der Spuerkeess bedriwwe gëtt an de Biergercasino.

D'Stad Lëtzebuerg bedreift zwéi Theateren: de Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg an de Kapuzinertheater. Weider Theatersäll, déi de jeeweilegen Ensemble gehéieren, sinn de Kasemattentheater, den Théâtre du Centaure an den TOL.

Zu de Concertssäll um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg zielen d'Philharmonie, de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an Den Atelier.

Vill Kinoen an der Stad hunn an deene leschte Joerzéngten zougemaach, haut gëtt et nach den "Artplex" Utopia um Lampertsbierg an de Multiplex Utopolis um Kierchbierg, déi allebéid vum Utopia Group bedriwwe ginn, an d'Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg, déi der Stad ënnersteet.

Zu de weidere Kulturariichtungen an der Stad ze ziele sinn d'Nationalbibliothéik an Nationalarchiv, zwou staatlech Institutiounen, an och d'Archiv, d'Bibliothéik an d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, souwéi eng Rëtsch privat Galerien, net ze vergiessen Lokalitéite wéi d'Coque, de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, den Espace culturel Cité oder de Carré Rotondes, wou regelméisseg kulturell Evenementer opgefouert ginn.

[änneren] Kuckeswäertes

De Cercle op der Plëss
D'Nei Bréck iwwert dem Péitrussdall

[änneren] Literatur

  • Engelhardt, Friedrich Wilhelm, 1850. Geschichte der Stadt und Festung Luxemburg: seit ihrer ersten Entstehung bis auf unsere Tage, mit besonderer Rücksicht auf die kriegsgeschichtlichen Ereignisse, nebst Plan der Stadt und statistischer Einleitung
  • Sonja Kmec, 2008. Gibraltar des Nordens. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 267-272. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Guy Thewes, 2008. La silhouette de la ville. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 253-258. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

[änneren] Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Lëtzebuerg (Stad) – Biller, Videoen oder Audiodateien


[änneren] Referenzen

  1. "Eine Multikulti-Stadt expandiert." tageblatt.lu, 09. Februar 2011 14:46; Akt: 09.02.2011 15:56
  2. André Hohengarten, Die Nazi-Gewaltherrschaft in Luxemburg-Stadt, in: ons stad, Nr. 71, 2002.
  3. LCTO, Spurensuche Zweiter Weltkrieg
  4. Quell: http://www.openstreetmap.org/export/embed.html?bbox=6.0653,49.5595,6.205,49.661&layer=mapnik
  5. Quartiere vun der Stad op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg
  6. Zuelen 2010. Quell: "Eine Multikulti-Stadt..."
  7. Zuelen 2008. Quell: Vdl, zit. am Luxemburger Wort, 13.August 2010, S.20.
  8. D'LuxTraffic-Etude gouf am November 1994 virgestallt, vgl.Michel Pauly: "Wann kommt BahnHybrid?" forum Nr. 166/Mäerz 1996, S.27-30.


Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen