Hollerech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Hollerech an der Gemeng Lëtzebuerg

Hollerech ass e Quartier am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg an eng fréier Gemeng.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Et gëtt ugeholl, datt déi éischt Uertschaft do tëscht dem 5. an dem 10. Joerhonnert entstanen ass. D'Por Hollerech gouf et op jidferfall schonn ëm 980. Deemools goufen Nimm wéi Holdrig oder Holrich gebraucht. Eng méiglech Erklärung vum Numm kéint och déi grënnesch St-Ulrichs-Kierch sinn. De Stadgronn huet deemools zur Por Hollerech gehéiert an aus "Ulrich" kéint iwwer "Ullerich" an "Hullerich" schlussendlech "Hollerech" entstane sinn.

Hollerech war eng Zäit eng kleng, eegestänneg Gemeng, d'Gemeng duerch déi d'Péitruss goung, d'Gemeng vum Péitrussdall.

Duerch d'Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel Stad: La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie. Dat feierlech Iwwereeche vum Stad-Titel war den 28. Juni 1914 am Gemengesall bei der Hollerecher Kierch ënner dem deemolege Buergermeeschter Pierre-Arthur Daubenfeld.

Den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920) huet d'Gemeng Hollerech, zesumme mat de Gemengen Hamm a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

Laang Zäit war Hollerech en industrielle Site. D'Hollerecher Schmelz (Servais-Schmelz) huet mat hiren dräi Héichiewen am Joer 1883 de Produktiounsmaximum vun 19.270 Tonne Stol erreecht. 1886 ass d'Schmelz definitiv zougemaach ginn an 1898 huet sech op deem Site e Gaswierk etabléiert, d'Hollericher Gaswerk A.G..

Am Zweete Weltkrich krut déi hollerecher Gare eng traureg Reputatioun. Vun do aus sinn d'Zwangsrekrutéiert fortgefuer a Famille vu politesche Prisonnéier an Nazi-Däitschland ëmgesidelt ginn. Nach haut erënneren den Deportatiounsmemorial an e Monument nieft der fréierer Gare un déi däischter Zäit aus der lëtzebuerger Geschicht.

Haut ass Hollerech bekannt als Paart vun der Escher Autobunn (A4) an d'Stad eran, als de Quartier mam neien Tramsschapp (Busgarage vun der Stad Lëtzebuerg), mam Sëtz vun der Dexia-BIL (fréier Banque Internationale à Luxembourg), vun der Vereenegung vun de Krankekeesen, vun eeleren industrielle Siten (Paul Würth an Heintz Van Landewyck), awer och als Treffpunkt am Stater Nuetsliewen.

[änneren] D'Buergermeeschteren [1]

[änneren] Bekannt Hollerecher

[änneren] Kuckt och

[änneren] Fotoen

[änneren] Literatur

  • Etringer, Norbert, 1989. Liebes, altes Hollerich. Verlag Emile Borschette, 172 S. Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg.
  • Etringer, Norbert, 1965. Hollerich. Tatsachen aus der Geschichte einer Vorstadtgemeinde. In: Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965, S. 17-63. Dréckerei Jos Ewen, Lëtzebuerg-Hollerech. 64 S.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Hollerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen an Notten

  1. Cf. Norbert Etringer, 1989: Liebes Altes Hollerich, Éditions Émile Borschette, S. 150.
Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen