Pafendall
De Pafendall ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, tëschent de Quartieren Eech a Stadgronn. De Quartier Pafendall besteet aus dem Pafendall selwer an aus dem Sichenhaff.
Op béide Säite vun der Uelzecht sti jee eng gutt erhale Paart vun der Vaubans-Festung: d'Eecher Paart (Porte d'Eich) an d'Sichepaart (Porte des Bons-Malades), um lénkse respektiv um rietsen Uwänner vum Floss. Béid Paarte sinn duerch de Béinche matenee verbonnen.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht[änneren]
- Schonn zu Réimerzäiten war am Pafendall eng Bréck iwwer d'Uelzecht, iwwer déi d'Strooss vu Reims op Arel a weider op Tréier gefouert huet.[1] Iwwereschter vun der Réimerbréck si bei Niddregwaasser an der Uelzecht no bei der haiteger Bréck (rue du Pont) vis-à-vis vun der Pafendallerkierch ze gesinn.[2]
- 1847: nodeems d'Pafendallerkierch hir Dieren opgemaach hat, goufen de Pafendall an de Sichenhaff vun der Par Sankt Méchel lassgeléist an als eege Par etabléiert.[3]
- D'Pafendaller Kierch ass no dem Zweete Weltkrich bekannt ginn, well den deemolege Paschtouer Jean-Pierre Ries a säi Koschter Hary Wiesen mat Hëllef vun der Thérèse Strauss ënner Liewensgefor sechs Lëtzebuerger Zwangrekrutéiert am Kierchtuerm verstoppt haten, Lëtzebuerger, déi net an enger preisescher Uniform kämpfe wollten. Et waren dat de Vic Fischbach, de René Schiltz (Brudder vum Aloyse Schiltz, de Gaston Kerger, den Nicolas Schaefers, den Emile Schaefers an de Lucien Kraus.[4]
- Den 30. Mee 1976 owes gouf et am Pafendall eng schwéier Explosioun an e grousst Feier. D'Ursaach war Bensin, deen aus engem Tank an d'Kanalisatioun gelaf war, wou d'Gasen explodéiert sinn.[5] Den Ausgangspunkt vun der Explosioun war Beim Béinchen, an deen Deel vum Pafendall war komplett an e Koup gefall. Et goufen dräi Doudeger a 17 Schwéierblesséiert dovunner 2 Pomjeeën. 45 Leit déi keen Daach méi iwwer dem Kapp haten, goufen an der Jugendherberg opgeholl. Eng Plack an der rue du Pont erënnert un d'Accident.
Fliederchesdag[änneren]
Den drëtte Sonndeg no Ouschtere gëtt um Sichenhaff de Fliederchesdag gefeiert. Den Interesseveräi vum Pafendall-Sichenhaff, deen d'Feier organiséiert, verdeelt deen Dag virdrun, um Samschdeg, no enger Mass an der Kapell um Kierfecht, Eeërfliedercher un d'Leit.[6]
Kuckeswäertes[änneren]
- Déi fréieren Zivilhospiz vu Lëtzebuerg an der Mohrfelsstross, an deem haut en Altersheem ass.
- Déi fréier Moschterfabréck Moutarderie de Luxembourg mat dernieft der Mohrfels-Millen.
- De Béinchen, Bréck iwwer d'Uelzecht tëschent der Eecher- an der Sichepaart.
- De Schaarschteg vum fréiere Waasserwierk.
Veräiner[änneren]
- De Gesangsveräin Sang & Klang Pafendall.
- De Foussballklub FC Red-Black Pfaffenthal deen um Stade Gaston-Diderich seng Heemspiller gepillt huet gouf 1909 gegrënnt, an huet 2007 mam FC Egalité Weimerskirch zum FC Red-Black/Egalité Pfaffenthal fusionéiert.
Bekannt Leit aus dem Pafendall[änneren]
- Emmanuel Limpach (1721-1793), leschten Abt vun der Abtei Iechternach
- Jean Mersch (1819-1879)[7], Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
- Théophile Funck-Brentano (1830-1906), Dokter an der Medezin, Soziolog
- Laurent Menager (1835-1902), Museker, Komponist
- Nicolas Gonner (1835-1892), Historiker, Schrëftsteller
- Martin Blum (1845-1924), Paschtouer, Historiker
- Wilhelm Hülsemann (1871-1821), Paschtouer, Auteur
- Alfred Kowalsky (1879-1943), Komponist
- Henri Pensis (1900-1958), Museker, Dirigent
Filmer iwwer de Pafendall[änneren]
- 1947: 100 Joer Porfeier 1947. De Film gouf vun der Firma Photo-Hall Bertogne realiséiert. En ass am CNA zu Diddeleng archivéiert.
- 1982: 125 Joer Sang a Klang. De 45-Minutte-laange Film ass vum Amateur-Cinéaste Henri Eltter. Et geet ëm d'Veräinsgeschicht, mä och ëm d'Pafendaller Festungs- a Lokalgeschicht. En ass am CNA zu Diddeleng archivéiert.
- 1991: Le pont rouge vum Geneviève Mersch. Am Film geet et ëm d'Reaktioun vun de betraffene Pafendaller Awunner op alles wat vun der Rouder Bréck an de Pafendall erof gefall ass, inklusiv d'Mënschen déi d'Flemm mam Liewen haten, dat bis datt 1993 e Schutzgelänner installéiert war.
- 2001: D'Stopp an der Pafendaller Kiirch 1943-1944. De Film gouf am Joer 2001 vum René Schiltz am Optrag vun den Enrôlés de force realiséiert. Am Film geet et ëm déi sechs Refractairen déi am Zweete Weltkrich ënner dem Daach an der Pafendaller Kierch verstoppt waren. En ass am Besëtz vum CNA. All d'Acteure ware Member vum Sang a Klang Pafendall.[8]
Literatur[änneren]
- Bley, N. & F. Théato (Koord.), 2007. Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall 1857-2007. Éditions Sang & Klang Pafendall. Dréckerei Victor Bück, Lëtzebuerg. 204 S.
- Service des sites et monuments nationaux, 2005. L'héritage culturel Vauban à Luxembourg. Guide historique. Editions Saint-Paul, 103 S. (D'Brochure gëtt et och an anere Sproochen).
- ons stad Nr. 13, 1983. Spezialnummer iwwer de Pafendall.
- Clesse, R.. Um "Béinchen" rührt sich was. Der Wiederaufbau soll Ende 1985 abgeschlossen sein. S. 14-15. PDF
- 125 Joer Sang a Klang Pafendall, 1982. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S.
- Krier, G. Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. S. 61-63.
- Schiltz, R. D'Jongen aus dem Tuurm. S. 172-174.
- Koltz, J.-P.. Pfaffenthal. S. 225-239.
- Geschichtleches iwwer d'Brauereien um Site vu rivesdeclausen.eu
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff (fr)
- Websäit vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d'Leprastatiou um Sichenhaff
Billergalerien[änneren]
- Fotoen
-
D'Pafendaller Kierch vun der Bréck iwwer d'Uelzecht aus gesinn. Lénks den Théiwesbur
-
D'Uelzecht am Pafendall, vum Béinchen aus a Richtung Clausen gekuckt.
-
De Béinchen, mat der Rouder Bréck. Riets d'Siichepaart (Porte des Bons-Malades), lénks de Féngerlek
- Historesch Fotoen
-
De Pafendall ee Joer virum Schläife vun de Festungsanlagen (1968). Cf Beschreiwung vum Bild (eemol op d'Bild klicken). Fir Annotatiounen am Bild, kuckt d'Bild op Wikimedia Commons.
-
De Pafendall, Peter Brandebourg, ëm 1868
-
Ville Basse du Pfaffenthal * Unterstadt Pfaffenthal, Charles Bernhoeft, ëm 1893
-
Ville Basse du Pfaffenthal * Unterstadt Pfaffenthal, d'Vue vum Bock, Charles Bernhoeft, ëm 1893
-
Ville Basse du Pfaffenthal * Unterstadt Pfaffenthal, Charles Bernhoeft, ëm 1893
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polvermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens
Referenzen an Notten[änneren]
- ↑ Service des sites et monuments, 2005. L'héritage culturel Vauban à Luxembourg.
- ↑ Websäit vum Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff, cf. ënner L'histoire en bref.
- ↑ J.-C. Loutsch 1982.
- ↑ René Schiltz, 1982.
- ↑ René Clesse, ons stad 13, 1983.
- ↑ F.T. (Fernand Theato): Fliederchesdag um Sichenhaff. Luxemburger Wort vum 27. Abrëll 2012, S. 26.
- ↑ Guy Krier 1982
- ↑ Fir déi 4 Filmer iwwer de Pafendall, cf. Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall 1857-2007, S. 87-88.