Rue du Pont (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Rue du Pont
Numm lb: Bréckergaass
fr: Rue du Pont
Längt ca. 100 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 2344
Koordinaten 49° 36’ 57’’ N
      06° 07’ 57.2’’ O

D'Rue du Pont (Bréckergaass) mécht am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg d'Verbindung tëscht der Ieweschtgaass an der Sichegaass.

Schonn a fréier Zäit war et ee vun de wichtegste Verkéiers- a Verbindungsweeër. Iwwer dëse Wee goung de Kiem, dee vum Fëschmaart, laanscht d'Dräi Tierm an de Pafendaller Bierg erof bis bei d'Uelzechtbréck gefouert, fir da weider duerch d'Hiel a Richtung Tréier ze verlafen.

D'Bréck déi iwwer d'Uelzecht féiert geet op d'Réimescht Räich zeréck, se stoung sengerzäit awer e bësse méi südlech[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue du Pont (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Henri Beck, 1993. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 43: 27
  2. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt de 6. September 2015