Rue Václav-Havel

Vu Wikipedia
Rue Václav-Havel
Offiziellen Numm Rue Václav-Havel
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Kierchbierg
Postcode 1754
Koordinaten 49°37'46,20"N, 6°9'33,30"O
Morphologie
Längt 260 m
Geschicht
Genannt no Václav Havel

D'Rue Václav-Havel ass eng Strooss am Quartier Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg. Si ass 260 Meter laang a verbënnt a südwest-nordëstlecher Richtung d'Rue Richard-Coudenhove-Kalergi mat der Allée des Poiriers.

Si erënnert un den tschechoslowakeschen, respektiv tschechesche Schrëftsteller a Staatspresident Václav Havel.

D'Strooss gouf den 13. Dezember 2022 vun de Premierministere vu Lëtzebuerg a vun Tschechien, Xavier Bettel a Petr Fiala, feierlech ageweit. De Leschtgenannte war am Kader vum Ofschloss vun der EU-Conseilsprésidence vun Tschechien zu Lëtzebuerg[1]

Gläichzäiteg gouf och eng Skulptur/Installatioun vum tschechesche Kënschtler Jiří David ageweit. Dës besteet aus zwéi vertikale bëtongs Bléck, duerch déi eng nogemaache "Schallwell" aus Plexiglas geet, déi e bekannte Sproch vum Havel, "D'Wourecht an d'Léift mussen iwwer Ligen an Haass triumphéieren" symboliséiert, deen en eng éischt Kéier am Dezember 1989 op der Prager Wenzelsplaz an enger Ried ausgeschwat hat. Et gëtt do och e Knäppchen, datt een, wann een drop dréckt, dës Ausso am Original lauschtere kann. E QR-Code erméiglecht et engem, an anere Sproochen nozeliesen, wat dat bedeit.[1],[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue Václav-Havel – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Barbora Nováková: "Václav Havel Street inauguration in Luxembourg marks symbolic end to Czech EU presidency." radio.cz, nogekuckt: 2023-07-10.
  2. "Une rue et une oeuvre d'art public en hommage à Václav Havel." fondskirchberg.public.lu, 14.12.2022, nogekuckt: 2023-07-10.