Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (och alt verkierzt EU-Presidence oder EU-Rotsvirsëtz genannt) bezitt sech op d'Responsabilitéit, déi ee bestëmmte Memberstaat vun der Europäescher Unioun (EU) 6 Méint laang huet, an déi dora besteet, sämtlech Zesummekënft vum Conseil vun der Europäescher Unioun z'organiséieren an ze presidéieren. Eng wichteg Aufgab ass awer och, bei deenen Zesummekënft Kompromësser auszeschaffen a virzeschloen, fir datt all kënnen d'accord sinn.

Et gëtt net "de" President vum Conseil vun der Europäescher Unioun, mä et ass all Kéier dee Fachminister aus dem Land, dat d'Presidence huet, dee fir de Sujet, ëm deen et geet, zoustänneg ass. Geet et z. B. ëm e Sujet aus dem Kulturberäich, deen am Juni 2005 am Conseil "Bildung, Jugend a Kultur" beschwat gëtt, ass et de Lëtzebuerger Kulturminister, deen d'Presidence huet.

Da gëtt et och nach den Europäesche Conseil (dacks "EU-Sommet" genannt), bei deem gewéinlech véiermol am Joer d'Staats- a Regierungscheffen (an hir Ausseministeren) zesummekommen. Och hei huet dat Land (oder villméi de Premierminister, respektiv de President vun deem Land), dat d'Presidence vum Conseil huet, d'Presidence.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir datt kee Land sech vun engem anere benodeelegt soll fillen, wiesselt d'Presidence all 6 Méint no engem vum Conseil festgeluechte Rotatiounsschema. Well am Laf vun de Jore méi Memberstaaten dobäikomm sinn, dauert et och méi laang, bis ee bestëmmtent Land erëm eng Kéier d'Presidence huet. Well se duerch d'EU-Ausbreedung och ëmmer méi opwänneg gëtt, gëtt et Iwwerleeungen, dee System z'änneren.

Joer Memberstaat, deen d'Presidence huet
1958 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Däitschland
1959 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Italien
1960 Éischt Hallschent Lëtzebuerg
Zweet Hallschent Holland
1961 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Däitschland
1962 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Italien
1963 Éischt Hallschent Lëtzebuerg
Zweet Hallschent Holland
1964 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Däitschland
1965 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Italien
1966 Éischt Hallschent Lëtzebuerg
Zweet Hallschent Holland
1967 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Däitschland
1968 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Italien
1969 Éischt Hallschent Lëtzebuerg
Zweet Hallschent Holland
1970 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Däitschland
1971 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Italien
1972 Éischt Hallschent Lëtzebuerg
Zweet Hallschent Holland
1973 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Dänemark
1974 Éischt Hallschent Däitschland
Zweet Hallschent Frankräich
1975 Éischt Hallschent Irland
Zweet Hallschent Italien
1976 Éischt Hallschent Lëtzebuerg
Zweet Hallschent Holland
1977 Éischt Hallschent Groussbritannien
Zweet Hallschent Belsch
1978 Éischt Hallschent Dänemark
Zweet Hallschent Däitschland
1979 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Irland
1980 Éischt Hallschent Italien
Zweet Hallschent Lëtzebuerg
1981 Éischt Hallschent Holland
Zweet Hallschent Groussbritannien
1982 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Dänemark
1983 Éischt Hallschent Däitschland
Zweet Hallschent Griicheland
1984 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Irland
1985 Éischt Hallschent Italien
Zweet Hallschent Lëtzebuerg
1986 Éischt Hallschent Holland
Zweet Hallschent Groussbritannien
1987 Éischt Hallschent Belsch
Zweet Hallschent Dänemark
1988 Éischt Hallschent Däitschland
Zweet Hallschent Griicheland
1989 Éischt Hallschent Spuenien
Zweet Hallschent Frankräich
1990 Éischt Hallschent Irland
Zweet Hallschent Italien
1991 Éischt Hallschent Lëtzebuerg
Zweet Hallschent Holland
1992 Éischt Hallschent Portugal
Zweet Hallschent Groussbritannien
1993 Éischt Hallschent Dänemark
Zweet Hallschent Belsch
1994 Éischt Hallschent Griicheland
Zweet Hallschent Däitschland
1995 Éischt Hallschent Frankräich
Zweet Hallschent Spuenien
1996 Éischt Hallschent Italien
Zweet Hallschent Irland
1997 Éischt Hallschent Holland
Zweet Hallschent Lëtzebuerg
1998 Éischt Hallschent Groussbritannien
Zweet Hallschent Éisträich
1999 Éischt Hallschent Däitschland
Zweet Hallschent Finnland
2000 Éischt Hallschent Portugal
Zweet Hallschent Frankräich
2001 Éischt Hallschent Schweden
Zweet Hallschent Belsch
2002 Éischt Hallschent Spuenien
Zweet Hallschent Dänemark
2003 Éischt Hallschent Griicheland
Zweet Hallschent Italien
2004 Éischt Hallschent Irland
Zweet Hallschent Holland
2005 Éischt Hallschent Lëtzebuerg [1]  
Zweet Hallschent Groussbritannien  
2006 Éischt Hallschent Éisträich
Zweet Hallschent Finnland

Vun 2007 un[änneren | Quelltext änneren]

Am Traité iwwer eng Europäesch Konstitutioun war virgesinn, datt de Conseilspresident vun de Conseilsmembere fir 2 1/2 Joer gewielt soll ginn, an déi Zäit kee nationaalt Mandat kéint hunn. Well deen Traité Enn 2006 net iwwerall ratifizéiert ass, gouf en neie Rotatiounsprinzip festgeluecht:

D'Presidence gëtt vun 2007 un vun 3 Länner (e sougenannten Triplet) gedeelt, woubäi all Kéier ee vun deene Memberlänner, déi 2004, resp. 2007 bäigetruede sinn, an engem Triplet dobäi ass. D'Iddi ass, datt sou de Programm op annerhallef Joer festgeluecht ka ginn (déi 3 mussen sech ofschwätzen) an net all 6 Méint wiesselt. Och wann d'Presidentschaft gedeelt ass, gëtt se all Semester engem vun den 3 Länner offiziell zougedeelt.

Triplet Joer Memberstaat, deen d'Presidence huet
T1 2007 Éischt Semester Däitschland
Zweet Semester Portugal
2008 Éischt Semester Slowenien
T2 Zweet Semester Frankräich
2009 Éischt Semester Tschechesch Republik
Zweet Semester Schweden
T3 2010 Éischt Semester Spuenien
Zweet Semester Belsch
2011 Éischt Semester Ungarn
T4 Zweet Semester Polen
2012 Éischt Semester Dänemark
Zweet Semester Zypern
T5 2013 Éischt Semester Irland
Zweet Semester Litauen
2014 Éischt Semester Griicheland
T6 Zweet Semester Italien
2015 Éischt Semester Lettland
Zweet Semester Lëtzebuerg
T7 2016 Éischt Semester Holland
Zweet Semester Slowakei
2017 Éischt Semester Malta
T8 Zweet Semester Groussbritannien
2018 Éischt Semester Estland
Zweet Semester Bulgarien
T9 2019 Éischt Semester Éisträich
Zweet Semester Rumänien
2020 Éischt Semester Finnland

D'Lëtzebuerger Presidencen[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg hat bis ëwell (2005 matgerechent) 11 Mol d'Presidence vum EU-Conseil. Dacks goung et dobäi ëm wichteg oder quokeleg Dossierën: 1966 z. B. koum et zum "Kompromëss vu Lëtzebuerg", deen der franséischer "Politik vum eidele Stull" en Enn gemaach huet. D'Presidencë vun 1976 a 1980 ware virun allem vu währungspoliteschen Theme markéiert: Déi éischt stoung ganz ënner dem Androck vun der Währungskriis vun de Jore virdrun, an déi zweet war geprägt vun der Margaret Thatcher hirem bekannten Ausruff "I want my money back!" ("Ech wëll meng Suen erëm!").

1985 koum et ënner Lëtzebuerger Presidence zum Ausschaffe vum Eenheetlechen Europäeschen Akt, deen ë. a. d'Ofstëmme matt qualifizéierter Majoritéit am Conseil a méi Matbestëmmung fir d'Europäescht Parlament erméiglecht huet. D'Presidence vun 1991 stoung ënner dem Androck vum Éischte Golfkrich an dem Éischte Jugoslawiëkrich, mä hei gouf och d'Aarbechtsgrondlag fir dat, wat dat Joer drop zu Maastricht als Traité iwwer d'Europäesch Unioun sollt ënnerschriwwe ginn, ausgeschafft.

1997 stoung d'Bekämpfung vum Chômage am Mëttelpunkt; et koum zu der "koordonnéierter Strategie fir Aarbechtsplazen".

Bei der Presidence vun 2005 hunn d'Suen ërem eng wichteg Roll gespillt: Den Euro-Stabilitéitspakt ass reforméiert ginn, an et gouf laang iwwer de Kader vum EU-Budget fir d'Joren 2007-2013 verhandelt, ouni datt et awer zu engem Accord konnt kommen. Dësen ass am Dezember 2005 ënner der britescher Presidence zu Stane komm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.