Joschka Fischer

Vu Wikipedia
Joschka Fischer
Gebuertsnumm Joseph Martin Fischer
Gebuer 12. Abrëll 1948
Gerabronn
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker, Saachbuchauteur, Liichtathleet, Universitéitsprofesser, Ëmweltaktivist
Partei Bündnis 90/Die Grünen

De Joseph Martin ("Joschka") Fischer, gebuer den 12. Abrëll 1948 zu Gerabronn, deemools Landkreis Crailsheim, ass e fréieren däitsche Politiker (Bündnis 90/Die Grünen). Hie war vun 1998 bis 2005 däitschen Ausseminister a Vizekanzler. No de Bundestagswale vun 2005 huet hie sech aus der Politik zeréckgezunn.

De Joschka Fischer huet sech 1967 als Student an der Studentebeweegung engagéiert an ass 1968 op Frankfurt am Main geplënnert. Do huet hie sech déi Joren drop mat Geleeënheetsjoben duerchgeschloen a war och alt bei Kläppereie mat der Police dobäi.

1982 ass en der Partei Die Grünen bäigetrueden, wou e „realpolitesch“ genannt Positioune formuléiert a vertrueden huet. 1983 gouf e fir d'éischt als Deputéierten an de Bundestag gewielt a gouf Fraktiounssekretär vun deene Gréngen. 1985 huet e säi Sëtz, wéinst der parteiinterner Rotatioun, missen tauschen.

Vun 1985 bis 1987 war de Joschka Fischer an der Hessescher Landesregierung Staatsminister fir Ëmwelt an Energie. Bekannt ass d'Bild wou en an Turnschlappe vereedegt gouf. Vun 1987 bis 1991 war en Deputéierten am Hessesche Landesparlament ("Landtag"), duerno gouf en do nees, wéi erëm eng rout-gréng Regierung un d'Muecht koum, Ëmweltminister an och Vizeministerpresident a Staatsminister fir Bundesaffairen.

Am Oktober 1994 huet en op seng Ämter an Hesse verzicht an ass erëm an de Bundestag gaangen, wou en ee vun de Porte-parolë vun der Gréngen-Fraktioun gouf.

No de Bundestagswalen 1998 koum eng Koalitioun tëscht SPD a Gréngen. De Gerhard Schröder gouf Bundeskanzler an huet de 27. Oktober 1998 de Fischer zum Vizekanzler an Ausseminister ernannt. Als Ausseminister huet hie sech 1999 dofir agesat datt d'Bundeswehr sollt am Kosovo agräifen - hiren éischten Asaz baussent Däitschland zanter hirem Bestoen, wat him net nëmme parteiintern vill Kritik abruecht huet.

Bei de Walen 2002 konnten déi Gréng, net zulescht wéinst senger Popularitéit, hiert Resultat verbesseren an d'Koalitioun ass virugefouert ginn. No der Wal vun 2005 huet de Joschka Fischer dunn op seng héich Parteiämter opginn (déi Gréng waren net méi an der Regierungskoalitioun dobäi) an den 1. September 2006 och op säin Deputéiertemandat verzicht. Hie gouf fir ee Joer Gaaschtprofesser op der Princeton Universitéit.

Zanterhier schreift hie Bicher, hält Virträg, an ass Consultant a verschiddenen Organisatiounen a fir divers Firmen, dorënner fir de Projet vun der Nabucco-Gas-Pipeline vun RWE an OMV tëscht dem Kaspesche Mier an der Tierkei, a fir BMW.

De Joschka Fischer ass fir d'fënneft bestuet.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die rot-grünen Jahre. Deutsche Außenpolitik - vom Kosovo bis zum 11. September. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2007, ISBN 3-462-03771-4
  • Die Rückkehr der Geschichte. Die Welt nach dem 11. September und die Erneuerung des Westens. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2005, ISBN 3-462-03035-3
  • Mein langer Lauf zu mir selbst. Knaur, München 2003, ISBN 3-426-62208-4
  • Die Weisheit der Mitte. Deutschland, Nationalstaat und europäische Integration. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2002, ISBN 3-462-03035-3
  • Vom Staatenbund zur Föderation. Gedanken über die Finalität der europäischen Integration. Suhrkamp, Frankfurt a. M. 2000, ISBN 3-518-06614-5
  • Die globale Revolution. Wohlstandsverlust und Solidarität. 1996.
  • Risiko Deutschland. Krise und Zukunft der deutschen Politik. Knaur, München 1995, ISBN 3-426-80075-6
  • Der Umbau der Industriegesellschaft. Plädoyer wider die herrschende Umweltlüge. Goldmann, München 1993, ISBN 3-442-12434-4
  • Die Linke nach dem Sozialismus. Hoffmann & Campe, Hamburg 1993, ISBN 3-455-10309-X
  • Für einen neuen Gesellschaftsvertrag. Politische Antwort auf die globale Revolution. Droemer Knaur, München 2000, ISBN 3-426-77436-4
  • Mehrheitsfähig. Plädoyer für eine neue Politik. Eichborn, Frankfurt a. M. 1989, ISBN 3-821-80414-9
  • Rechtsstaat und ziviler Ungehorsam. Ein Streitgespräch mit Daniel Cohn-Bendit und Alexander Gauland. 1988, ISBN 3-61004709-7
  • Regieren geht über Studieren. Ein politisches Tagebuch. Athenäum-Verlag, Frankfurt a. M. 1987, ISBN 3-610-08443-X
  • Der Ausstieg aus der Atomenergie ist machbar. Rowohlt, Reinbek 1987, ISBN 3-499-15923-6
  • Von grüner Kraft und Herrlichkeit. Rowohlt, Reinbek 1984, ISBN 3-499-15532-X
  • Und Tischbein hatte doch recht. 1984, ISBN 3-927-13303-5

Literatur iwwer de Fischer[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Schwelien: Joschka Fischer. Eine Karriere. Hoffmann & Campe, Hamburg 2000, ISBN 3-455-11330-3
  • Matthias Geis, Bernd Ulrich: Der Unvollendete. Das Leben des Joschka Fischer. Aktualisierte Neuauflage. Rowohlt-Taschenbuch-Verlag, Reinbek 2004, ISBN 3-499-61623-8
  • Autonome L.U.P.U.S.-Gruppe (Hrsg.): Die Hunde bellen... Von A–RZ. Eine Zeitreise durch die 68er Revolte und die militanten Kämpfe der 70er bis 90er Jahre. 1. Auflage. Unrast Verlag, Münster 2001, ISBN 3-89771-408-6
  • Christian Schmidt: „Wir sind die Wahnsinnigen...“ Joschka Fischer und seine Frankfurter Gang. Econ-und-List-Taschenbuch-Verlag, München 1999, ISBN 3-61226-628-4
  • Paul Berman: Power and the Idealists Or, The Passion of Joschka Fischer, and Its Aftermath Soft Skull Press, New York 2005, ISBN 1-9323-6091-3.
  • Jürgen Schreiber: Meine Jahre mit Joschka. Nachrichten von fetten und mageren Zeiten, 2007 ISBN 3430300339

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joschka Fischer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]