Olaf Scholz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Olaf Scholz
Gebuer 14. Juni 1958
Osnabrück
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Hamburg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland
Famill
Bestuet mat Britta Ernst
Geschwëster Jens Scholz, Ingo Scholz

Den Olaf Scholz, gebuer de 14. Juni 1958 zu Osnabrück, ass en däitsche Politiker (SPD) an zanter dem 8. Dezember 2021 den néngte Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland.

Virdru war hie vum 14. Mäerz 2018 u Stellvertrieder vun der Bundeskanzlerin Merkel a Finanzminister.

Hie war vu Mee bis Oktober 2001 Innensenator vun Hamburg, vun Oktober 2002 bis Mäerz 2004 Generalsekretär vun der SPD, vun November 2007 bis Oktober 2009 Bundesminister für Arbeit und Soziales a vu Mäerz 2011 bis Mäerz 2018 Éischte Buergermeeschter vun Hamburg. Vun Abrëll 2000 bis Juni 2004 a vum November 2009 bis Mäerz 2018 war hie President vun der SPD Hamburg a war vun November 2009 bis Dezember 2019 ee vun de Vizepresidente vun der SPD op nationalem Niveau.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

Den Olaf Scholz ass als eelst vun dräi Kanner zu Hamburg-Rahlstedt opgewuess. Säi Papp huet an der Textilbranche geschafft.

Hien huet vun 1978 un op der Universität Hamburg Droit studéiert an huet de Studium 1984 ofgeschloss. Duerno huet hie säin Zivildéngscht an engem Fleegeheem gemaach a gouf 1985 als Affekot zougelooss.

Zanter 1998 ass den Olaf Scholz mat der SPD-Politikerin Britta Ernst bestuet. D'Koppel huet keng Kanner a wunnt zu Potsdam.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olaf Scholz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Olaf Scholz – Zitater

Referenzen[Quelltext änneren]