Willy Brandt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Willy Brandt 1980.
De Berliner Buergermeeschter Brandt 1961 bei der Visite vum amerikanesche President Kennedy.

De Willy Brandt, gebuer als Herbert Ernst Karl Frahm den 18. Dezember 1913 zu Lübeck a gestuerwen den 8. Oktober 1992 zu Uenkel, war en däitsche Politiker. Hie war ë. a. Bundesminister, Bundeskanzler (1969-1974) an, tëscht 1964 an 1987, President vun der de SPD.

Nodeem d'Nationalsozialisten 1933 un d'Muecht komm waren, ass de Frahm an Norwegen emigréiert. Hien huet Norwegesch geléiert a sech säi Liewen als Auteur vun Artikele verdéngt. Ee vu senge Pseudonyme war "Willy Brandt". Nodeem d'Nazien him 1938 déi däitsch Nationalitéit oferkannt haten, ass de Willy Brandt ënner deem Numm am August 1940 als norwegesche Staatsbierger agebiergert ginn an huet deen zanterhier bäibehalen.

Nom däitschen Amarsch an Norwegen ass de Brandt a Schweden geflücht. 1945 goung en als Korrespondent fir skandinavesch Zeitungen hannescht an Däitschland. Hien huet déi däitsch Nationalitéit erëmkritt, a gouf 1949 als Deputéierte vu Berlin an de Bundestag gewielt. 1950 gouf en och Member vum Berliner Stadparlament, an 1955 deem säi President.

1957 gouf hien zum Buergermeeschter vu (West)-Berlin gewielt.

Bei de Bundestagswale vun 1961 an 1965 war de Willy Brandt Spëtzekandidat vun der SPD, dës krut awer manner Stëmme wéi d'CDU/CSU. 1966 ass d'CDU/CSU-Koalitioun mat der FDP auserneegebrach, an de Bundskanzler Ludwig Erhard ass eng Grouss Koalitioun mat der SPD agaangen, an där de Willy Brandt Vizekanzler an Ausseminister gouf. Eréischt bei de Wale vun 1969 koum et zu enger SPD-FDP-Kolaitioun, an de Brandt gouf Bundeskanzler.

An där Funktioun huet hie sech virun allem agesat fir d'Bezéiungen zu de Warschauer Pakt-Staaten, besonnesch och zu der DDR, ze verbesseren (bekannt als Ostpolitik). De 7. Dezember 1970 huet hie sech, bei enger Gedenkzeremonie zu Warschau virum Monument fir den Opstand vum Warschauer Ghetto niddergeknéit, wat him vill Opmierksamkeet bruecht huet. Fir seng Ostpolitik gouf hien 1971 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent.

Och innepolitesch huet hien nei Weeër gesicht, säi Slogan war "Mehr Demokratie wagen".

Hie gouf 1972 erëmgewielt, mä huet iwwerraschend missen de 6. Mee 1974 zrécktrieden, wéi bekannt gouf, datt ee vu sengen enke Mataarbechter, de Günter Guillaume als Spioun fir d'DDR enttarnt gi war.

De Brandt blouf virun aktiv an der Politik a bis 1987 President vun der SPD. 1976 gouf e President vun der Sozialistescher International.

Commons: Willy Brandt – Biller, Videoen oder Audiodateien