Lübeck

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lübeck
Wopen
Lübeck (Däitschland)
Lübeck
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland : Coat of arms of Schleswig-Holstein.svg Schleswig-Holstein
Landkrees : Kreesfräi Stad
Fläch : 214,14 km²
Awunner : 210.577 (31. Dez. 2011)
Bevëlkerungsdicht : 983 Aw./km²
Héicht : 13 m
Koordinaten: 53° 52′ N, 10° 41′ O53.86972222222210.6863888888897Koordinaten: 53° 52′ 11″ N, 10° 41′ 11″ O
Lag vun der Stad Lübeck a Schleswig-Holstein
Lag vun der Stad Lübeck a Schleswig-Holstein

D'Hansestad Lübeck ([ˈlyːbɛk]) ass eng kreesfräi Stad am Norde vun Däitschland an am Südoste vu Schleswig-Holstein. Se läit un der Ostséi (Lübecker Bucht). Et ass no der Landeshaaptstad Kiel déi zweetgréisste Stad am Land an ee vun dräi wichtegsten Zentren am Land. Der Fläch no ass et déi gréisste Stad a Schleswig-Holstein. Déi gutt erhalen Alstad, déi aus dem Mëttelalter staamt, ass Deel vun der UNESCO-Weltkulturierfschaft.

Aner méi grouss Stied sinn Hamburg ca. 58 km südwestlech, Kiel ca. 63 km nordwestlech a Schwerin ca. 54 km südëstlech. D'Awunnerzuel ass 1911 iwwer d'Grenz vun 100.000 geklomm, wouduerch Lübeck Groussstad ginn ass. Lübeck grenzt un d'Metropolregioun Hamburg. Déi Lübecker gesinn hir Stad mat de 7 Tierm haut nach als Tor zum Norden vun Europa.

Lübeck ass bekannt fir säi Marzipan.

Lübecker Stadsigel
D'"Holstentor", d'Symbol vu Lübeck
D' Helleg-Geescht-Spidol

Um Spaweck [änneren]

Commons: Lübeck – Biller, Videoen oder Audiodateien