Bergen (Norwegen)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bergen
Bergen komm.png Bergen location.png
Land Flag of Norway.svg Norwegen
Regioun: Hordaland
Distrikt: Midhordland
Koordinaten: 60° 23' 18" N
05° 20' 07" O
Fläch: 465 km²
Awunner: 239.209 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 534 / km²
Héicht: 1 m i. NN
Buergermeeschter: Herman Friele
Hafe vu Bergen mat Vue op d'Stad

Bergen, [ˈbærgən], ass, no der Haaptstad Oslo, déi zweetgréisste Stad an Norwegen. Bergen zielt 250.000 Awunner an ass den Ausgangspunkt vu Toure mat der Bergener Biergbunn a vu Schëffsausflich an d'Fjorden (Hurtigruten): Dat si Schëffsverbindungen, déi zënter méi wéi 100 Joer bestinn, a 34 Stied un der Westküst vun Norwegen verbannen).

Déi al Stad, mat hiren hëlze Gebaier am Wikingerstil, erënnert un d'Zäit wéi d'Stad eng Hansestad war. Bergen huet e Mierhafen, eng Werftindustrie an eng bedeitend Universitéit, déi op d'Mieresbiologie an op d'Geologie ausgeriicht ass. D'Norwegesch Handelshéichschoul (NHH), déi iwwer Norwegen eraus bekannt ass, huet och zu Bergen hire Sëtz.

Kuriositéitshalber sief ernimmt, datt Bergen als déi Stad vun der Welt bekannt ass, wou et am meeschte reent ( "300 Deeg am Joer, de Rescht vum Joer schneit et", wéi gesot gëtt).

Kuckeswäertes [änneren]

Holzhaus am Bryggenvéirel
  • d'Bryggen-Véirel, en Deel vun der Stad Bergen, direkt beim Hafen, wou fréier zur Hanse-Zäit d'Händler hir Büroen haten, an an deem déi al Haiser, meeschtens aus Holz, erhale bliwwe sinn.
  • d'Villa vum goussen norwegesche Museker Edvard Grieg zu Troldhaugen bei Bergen.
  • Grieghallen, Gebai a Säll fir Theater, Concerten a Congresser, am moderne Stil gehalen.
De Staddeel Brygge mat senge Gebaier am Mëttelalterstil

Um Spaweck [änneren]

Commons: Bergen – Biller, Videoen oder Audiodateien