Bryggen
Bryggen (norwegesch, de Kai, Uleeplaz fir Schëffer) oder Tyskebryggen ("Däitschen Kai/Bréck) ass e Staddeel vun der norwegescher Agglomeratioun Bergen. Do ware fréier d'Hanse-Commerçanten établéiert. Bryggen läit, op der Ostsäit vum Hafen, un der Vågen-Bucht.
Nodeem am Joer 1070 d'Stad Bergen gegrënnt gi war a si sech ëmmer méi zu enger Handelsplaz fir Fësch aus dem Norden a Fruucht aus dem Süden entwéckelt hat, huet d'Hanse sech do établéiert. Dës Hansekontore sinn der Hansestad Lübeck ënnerstallt. Am Joer 1365 gouf du Tyskebryggen an de sougenannten Hansetag agegliddert. De Bryggener Hansekontor, den aus méi wéi zwanzeg uneneegereiten Häff bestan huet, ass du séier zu engem komplette Wunn- an Handelsvéirel ausgebaut ginn. Um Héichpunkt vu dëser Entwécklung hunn déi däitsch Handwierker a Commerçanten ee Véirel vun allen Awunner vu Bergen ausgemeet. Leider si 1702, bei engem grousse Brand, bal all dës Haiser, déi aus Holz gebaut waren, zerstéiert ginn.
[änneren] Ënnert Unesco-Protectioun
Bryggen figuréiert säit 1979 op der UNESCO-Lëscht vu der Weltierfschaft.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Bryggen – Biller, Videoen oder Audiodateien |