Gaston Thorn
De Gaston Egmont Thorn gebuer den 3. September 1928 an der Stad, a gestuerwen de 26. August 2007, war e lëtzebuergesche Politiker.
Am zweete Weltkrich gouf hie vum Besatzer verhaft, a war e puer Méint an engem Stroflager internéiert.
Während sengem Droitsstudium zu Montpellier, Lausanne a Paräis war hie President vun der Lëtzebuerger Studentenunioun (UNEL) a vun enger internationaler Studentekonferenz, der ISC.
No senge Studie gouf hien 1955 um Barreau ageschriwwen. 1959 gouf hie fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Tëschent 1961 an 1963 war hien och Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, a vun 1959 bis 1969 Member vum Europäesche Parlament.
Vun 1969 bis 1974 war de Gaston Thorn Ausseminister, Minister fir d'Fonction publique a fir de Sport an der Regierung Werner-Schaus II. 1974 gouf hie selwer Premierminister vun enger Koalitiounsregierung tëscht der Demokratescher Partei (DP) an der Lëtzebuerger Sozialistescher Aabechterpartei (LSAP), a war och responsabel fir d'Portefeuillën Ausseministère a Sport. 1975 war hien och President vun der 30. Sessioun vun der UNO-Generalversammlung.
No de Wale vun 1979 gouf d'Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (CSV) Koalitiounspartner vun der DP, de Gaston Thorn huet d'Ressorten Aussebezéiungen, Cooperatioun, Wirtschaft, Mëttelstand a Justiz iwwerholl.
De 6. Januar 1981 gouf de Gaston Thorn President vun der Europäescher Kommissioun, bis Januar 1985.
Dono war e virun allem an der Privatwirtschaft aktiv: tëscht 1985 an 1999 war e President vum Verwaltungsrot vun der BIL, an tëscht 1987 an 1993 President vun der CLT.
Hien huet sech awer och weider fir d'international Politik interesséiert a war President vum "International European Movement", Member vun der trilateraler Commissioun an dem Comité Jean Monnet. Hie war och President, spéider Éierepresident, vun der Liberal International, enger Daachorganisatioun vu liberale Parteien.
De Gaston Thorn war mat der lëtzebuergescher Journalistin a Publizistin Liliane Thorn-Petit (1933-2008) bestuet.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Literatur
- Haag, Emile: Gaston Thorn *1928 †2007, le new look du style politique In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 500-509); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Gaston Thorn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virgänger: Roy Jenkins |
President vun der Europäescher Kommissioun 1981 - 1985 |
Nofolger: Jacques Delors |
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Premierministeren
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Lëtzebuergesch Membere vun der Europäescher Kommissioun
- Presidente vun der Europäescher Kommissioun
- Membere vun der Europäescher Kommissioun
- Gebuer 1928
- Gestuerwen 2007
