Europäesch Kommissioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Berlaymonts-Gebai zu Bréissel, Sëtz vun der Europäescher Kommissioun

D'Europäesch Kommissioun, offiziell: "Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten", ass d'Exekutivorgan ënner den Europäeschen Institutiounen. Si hält souzesoen d'EU um Rullen.

Hir 4 Haaptfunktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Se huet eng véierfach Roll: Fir d'éischt emol ass et si, déi europäesch Rechtsvirschrëften, (déi sougenannt Reglementer an Direktiven) ausschafft an dem Europäesche Parlament a Conseil virleet, datt déi sollen driwwer ofstëmmen. Dëst nennt een Initiativrecht. D'Europäesch Traitéë leeë fest, a wat fir Beräicher d'Kommissioun iwwerhaapt Virschléi maache kann: Dës si virun allem Transport, Industrie, Soziales, Landwiertschaft, Ëmwelt, Energie, Regionalentwecklung, Handel an Entwécklungshëllef. Geméiss dem Subsidiaritéitsprinzip kann d'Kommissioun nëmmen dann nei Initativë proposéieren, wann dës um Niveau vun der EU méi effizient sinn, wéi wa se géifen of nationalem, regionalem oder lokalem Plang organiséiert ginn.

Dann ass se dofir verantwortlech, datt déi sëllechen EU-Aktivitéiten ausgefouert ginn, an se iwwerwaacht d'Gestioun vum EU-Budget. A verschiddene Beräicher, wéi z. B. der Konkurrenz, hunn d'Memberstaate si zu enger Zort Arbitter gemaach: si ka Strofe bei Karteller verhänken, Fusiounen oder staatlech Hëllefen un Entreprise verbidden.

Schliisslech passt se op, datt d'Europäesch Traitéen a Rechtsvirschrëften agehale ginn. Dat gëtt hir d'Méiglechkeet, eng Plainte géint e Memberstaat virum Europäesche Geriichtshaff ze maachen, wann deen sech net un déi Regelen, déi e mat vereinbart huet, hält.

Och vertrëtt d'Kommissioun, virun allem am Beräich Handel an Zesummenaarbecht, op weltwäitem Plang d'EU an hir Memberstaaten, an handelt an hirem Numm international Accordën aus.

Zesummesetzung an Aarbechtsweis[änneren | Quelltext änneren]

D'Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg

D'Europäesch Kommissoun besteet zanter dem 22. November 2004 aus 25, dem 1. Januar 2007 aus 27 Memberen, 1 pro EU-Memberstaat. Dat nennt een heiansdo och de 'Collège' vun der Kommissioun. Si hëlt hir Decisioune mat enger Majoritéit vun hire Memberen (et mussen der deemno op d'mannst 13 (vun 2007 un: 14) zoustëmmen).

Ënnerstëtzt an hirer Aarbecht ginn des Fraen a Männer vun enger 35.000 Beamten an Employéen. Dat kléngt no vill, 't sinn der awer net méi wéi bei enger mëttelgrousser Stad. Déi meescht Mataarbechter schaffen zu Bréissel, eng 2.000 zu Lëtzebuerg. Hiren offizielle Sëtz huet si zu Bréissel am 'Berlaymont', engem X-fërmege Gebai um Rond-point Schuman. Do donieft sinn hir Administratiounen an enger 60 Gebaier uechtert Bréissel verdeelt. Zu Lëtzebuerg sinn et eng hallef Dose Gebaier, um Kierchbierg an op der Cloche d'Or, wou d'Bureaue vun de Kommissiounsservicer ënnerbruecht sinn.

De Kommissiounspresident gëtt vun de Regierunge vun de Memberstaaten ausgesicht a muss vum Europäesche Parlament confirméiert ginn. Déi aner Kommissiounsmembere gi vun hirem Land, am Averständnis mam President, ernannt, a mussen och eng Majoritéit vun den Deputéierten iwwerzeege kënnen. D'Kommissioun gëtt op 5 Joer nominéiert, mä se kann duerch e Mësstrauensvote vum Parlament fréizäiteg heemgeschéckt ginn. De President fir säin Deel huet d'Recht, eenzel Memberen z'entloossen, wann hien et fir néideg fënnt.

D'Kommissioun ass onofhängeg vun de Regierunge vun de Memberstaaten an däerf eleng am Intressi vun der EU als Ganzes handelen.

D'Kommissioun Barroso II[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de José Manuel Barroso vun de Staats- a Regierungscheffe fir en neit Mandat designéiert gi war, huet hien de 25. November 2009 seng nei Equipe virgestallt. Se gouf den 9. Februar 2010 vum Europäesche Parlament confirméiert an huet deen Dag drop hiert Amt ugetrueden.

Dat hei sinn d'Kommissäre mat de Porte-feuillen, fir déi se zoustänneg sinn:

Porte-feuille Kommissär Memberstaat national Partei europäesch Partei
President José Manuel Barroso Flag of Portugal.svg Portugal PSD EVP
Vizepresidentin, Aussen- a Sécherheetspolitik Catherine Ashton Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien Labour SPE
Vizepresidentin, Digitalen Agenda Neelie Kroes Flag of the Netherlands.svg Holland VVD ELDR
Vizepresident, Institutionell Bezéieungen a Verwaltung Maroš Šefčovič Flag of Slovakia.svg Slowakei SMER (steet hir no) SPE (steet hir no)
Vizepresidentin, Justiz a Grondrechter Viviane Reding Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg CSV EVP
Vizepresident, Entreprisen an Industrie Antonio Tajani Flag of Italy.svg Italien PdL EVP
Vizepresident, Verkéier Siim Kallas Flag of Estonia.svg Estland ERP ELDR
Vizepresident, Konkurrenz Joaquín Almunia Flag of Spain.svg Spuenien PSOE SPE
Beschäftegung, Soziales a Chancegläichheet László Andor Flag of Hungary.svg Ungarn MSZP SPE
Bildung, Kultur a Jugend, Méisproochegkeet Androulla Vassiliou Flag of Cyprus.svg Zypern EDI ELDR
Bannemaart a Servicer Michel Barnier Flag of France.svg Frankräich UMP EVP
Energie Günther Oettinger Flag of Germany.svg Däitschland CDU EVP
Entwécklungshëllef Andris Piebalgs Flag of Latvia.svg Lettland LC ELDR
Erweiderung an europäesch Noperschaftspolitik Štefan Füle Flag of the Czech Republic.svg Tschechesch Republik CSSD (steet er no) SPE (steet er no)
Budget Janusz Lewandowski Flag of Poland.svg Polen PO EVP
Fëscherei a maritim Affären Maria Damanaki Flag of Greece.svg Griicheland PASOK SPE
Wëssenschaft an Innovatioun Máire Geoghegan-Quinn Flag of Ireland.svg Irland FF ELDR
Gesondheet a Konsumenteschutz vakant (den John Dalli ass am Oktober 2012 zréckgetrueden) Flag of Malta.svg Malta
Handel Karel De Gucht Flag of Belgium (civil).svg Belsch Open VLD ELDR
Humanitär Hëllef a Kriseschutz Kristalina Georgiewa Flag of Bulgaria.svg Bulgarien GERB EVP
Intérieur Cecilia Malmström Flag of Sweden.svg Schweden FL ELDR
Klimaschutz Connie Hedegaard Flag of Denmark.svg Dänemark KF EVP
Landwirtschaft a ländlech Entwécklung Dacian Cioloş Flag of Romania.svg Rumänien PNL ELDR
Regionalpolitik Johannes Hahn Flag of Austria.svg Éisträich ÖVP EVP
Steieren, Douanesunioun a Bedrugsbekämpfung Algirdas Šemeta Flag of Lithuania.svg Litauen TS-LKD (steet er no) EVP (steet er no)
Ëmwelt Janez Potočnik Flag of Slovenia.svg Slowenien LDS (steet er no) ELDR (steet er no)
Economie a Währung Olli Rehn Flag of Finland.svg Finnland Keskusta ELDR

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kommissäre vun der Europäescher Kommissioun – Biller, Videoen oder Audiodateien