Europäesch Direktiv
Eng Europäesch Directiv (de: Richtlinie) ass en europäescht Gesetz, dat vum europäesche Legislateur, d.h. dem Conseil vun der Europäescher Unioun, meeschtens zesumme mam Europäesche Parlament decidéiert ginn ass.
Si verflicht déi Länner un déi se geriicht ass (also meeschtens alle 27), e bestëmmtent Zil, dat doranner festgehalen ass, bannent enger bestëmmter Zäit z'erreechen. Wéi se dëst Zil erreeche sollen, (z.B. duerch nei oder geännert national Gesetzer, oder och soss Mesuren) ass de Memberstaaten iwwerlooss.
Et ass eng vun de Rolle vun der Europäescher Kommissioun, doropper opzepassen, datt d'Memberlänner d'Directiven richteg an zur Zäit "transposéieren" (also inhaltlech erfëllen). Wann dat net de Fall ass, kann s'eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff maachen.
Ausserdeem kann eng Eenzelpersoun oder eng Entreprise hire Staat verkloen, wann hinnen doduercher, datt dësen ze spéit eng Direcive ëmgesat huet, Schued entstanen ass.
Eng Directive ass z'ënnerscheede vun engem Reglement.
[änneren] Kuckt och
- Europäesch Unioun
- Institutioune vun der Europäescher Unioun
- Natura 2000: baséiert op zwou europäesch Directiven
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |