Kommissioun Barroso II

Vu Wikipedia

D'Kommissioun Barroso II ass de Collège vun Europäesche Commissairen ënner der Presidence vum José Manuel Barroso, tëscht 2010 an 2014. Hien hat schonn 2004 bis 2009 d'Europäesch Kommissioun presidéiert (kuckt: Kommissioun Barroso I). Nodeems hie vun de Staats- a Regierungscheffe fir en neit Mandat designéiert gi war, huet hien de 25. November 2009 seng nei Ekipp virgestallt. Se gouf den 9. Februar 2010 vum Europäesche Parlament confirméiert an huet deen Dag drop hiert Amt ugetrueden.

Dat hei sinn d'Kommissäre mat de Porte-feuillen, fir déi se zoustänneg sinn:

Porte-feuille Kommissär Memberstaat national Partei europäesch Partei
President José Manuel Barroso Portugal PSD EVP
Vizepresidentin, Aussen- a Sécherheetspolitik Catherine Ashton Vereenegt Kinnekräich Labour SPE
Vizepresidentin, Digitalen Agenda Neelie Kroes Holland VVD ELDR
Vizepresident, Institutionell Bezéieungen a Verwaltung Maroš Šefčovič Slowakei SMER (steet hir no) SPE (steet hir no)
Vizepresidentin, Justiz a Grondrechter Viviane Reding Lëtzebuerg CSV EVP
Vizepresident, Entreprisen an Industrie Antonio Tajani Italien PdL EVP
Vizepresident, Verkéier Siim Kallas Estland ERP ELDR
Vizepresident, Konkurrenz Joaquín Almunia Spuenien PSOE SPE
Beschäftegung, Soziales a Chancëgläichheet László Andor Ungarn MSZP SPE
Bildung, Kultur a Jugend, Méisproochegkeet Androulla Vassiliou Zypern EDI ELDR
Bannemaart a Servicer Michel Barnier Frankräich UMP EVP
Energie Günther Oettinger Däitschland CDU EVP
Entwécklungshëllef Andris Piebalgs Lettland LC ELDR
Erweiderung an europäesch Noperschaftspolitik Štefan Füle Tschechesch Republik CSSD (steet er no) SPE (steet er no)
Budget Janusz Lewandowski Polen PO EVP
Fëscherei a maritim Affären Maria Damanaki Griicheland PASOK SPE
Wëssenschaft an Innovatioun Máire Geoghegan-Quinn Irland FF ELDR
Gesondheet a Konsumenteschutz vakant (den John Dalli ass am Oktober 2012 zeréckgetrueden) Malta
Handel Karel De Gucht Belsch Open VLD ELDR
Humanitär Hëllef a Kriseschutz Kristalina Georgiewa Bulgarien GERB EVP
Interieur Cecilia Malmström Schweden FL ELDR
Klimaschutz Connie Hedegaard Dänemark KF EVP
Landwirtschaft a ländlech Entwécklung Dacian Cioloș Rumänien PNL ELDR
Regionalpolitik Johannes Hahn Éisträich ÖVP EVP
Steieren, Douanesunioun a Bedrugsbekämpfung Algirdas Šemeta Litauen TS-LKD (steet er no) EVP (steet er no)
Ëmwelt Janez Potočnik Slowenien LDS (steet er no) ELDR (steet er no)
Ekonomie a Wärung Olli Rehn Finnland Keskusta ELDR