Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) war eng international Organisatioun déi 1957 duerch den Traité vu Roum geschafe gouf, fir tëscht den deemools 6 Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Lëtzebuerg) eng wirtschaftlech Integratioun (dorënner de Bannemaart) ze erreechen.
Se gouf an den 1970er an 1980er Joren ëm 6 weider Memberstaate vergréissert. Zënter 1967 (Fusiounstraité) waren hir Institutiounen déi selwecht ewéi déi fir d'CECA an Euratom, an déi dräi zesumme goufen "Europäesch Gemeinschaften" (oder "Communautéiten")genannt.
Wéi den 1. November 1993 d'Europäesch Unioun (EU) an d'Liewe geruff gouf, gouf aus der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft d'Europäesch Gemeinschaft (EG), eng vun den Dräi Saile vun der Europäescher Unioun. D'Institutioune vun der EWG goufen als Institutioune vun der Europäescher Unioun virugefouert.
[änneren] Geschicht
| Europäesch Unioun – Geschicht, Struktur an Traitéen | |||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 1951 | 1957 | 1965 | 1986 | 1992 | 1997 | 2001 | 2007/2009 |
| Europäesch Communautéiten (EG*) | E U R O P Ä E S C H U N I O U N ( E U ) | ||||||
| Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) | (2002 ausgelaf -> EG) | ||||||
| Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Gemeinschaft (EG) | ||||||
| *EG: EGKS, EWG (EG zënter 1993), Euratom | Justiz an Intérieur (JI) | (ZJZ a Persouneverkéier –> EG) | |||||
| Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | |||||||
| Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ||||||
| Europäesch Atomgemeinschaft (EAG bzw. Euratom) | |||||||
| Traité vu Paräis |
Traité vu Roum | Fusiouns- Traité |
Acte unique | Traité vu Maastricht |
Traité vun Amsterdam |
Traité vun Nice |
Traité vu Lissabon |
|
"DRÄI SAILEN" – EG (CECA, EWG / EG, Euratom), GASP, PJZS |
|||||||